Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Aarbechtsräich Rentrée beim SYVICOL
Sport Stories

https://moien.lu/dating-a-younger-guy-jokes/

A senger Sëtzung vum 30. September ass de Virstand vum

chloe sutton dating
Sport Stories

Maximal liberal: D’Reform vum franséischen Aarbechtsmaart

No der éischter Sëtzung vum Ministerrot mam Emmanuel Macron, dee

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg
Sport Stories

Geheim: de nationale Krisenzenter um Sennengerbierg

Et weess een net ganz genau, wat am nationale Krisenzenter

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Den Tour de France 2017: Eng Analyse

Als Klassiker ënnert de Klassiker schreift den Tour de France zanter enger gefillter Éiwegkeet Geschicht an et gëtt wuel kaum ee Cyclist, deen do net villt matfueren. Vun emblematesche Gewënner an net manner Skandaler gezeechent, huet den Tour de France allerdéngs an de leschte Joren awer och un Zousproch verluer.

Well den Tour dëst Joer och nees zu Lëtzebuerg seng „Aficionados“ sollt hunn, eng gutt Geleeënheet ee méi geneeë Bléck op d’Editioun 2017 ze werfen. 3.540 Kilometer laang, fiert den Tour duerch véier Länner. 21 usprochsvoll Etappen, 23 Biergpäss, wouvunner der dräi als Arrivée, zwee Zäitfueren an ee sëlleche Méiglechkeete fir d’Sprinter ze Punkten. Dat ass eng graff Iwwersiicht déi mer eis hei am Detail wëllen ukucken.

Ausgebremst

Fir den Tour nees méi Interessant ze maachen huet sech den Organisateur „Amaury Sport Organsiation“ eng afale gelooss. Fir dem „Schnellzuch“ Sky seng dominant Roll vun den dräi leschte Joer streideg ze maachen an den Zuschauer d’Course nees méi Spannend ze gestalten, sinn Ännerunge virgeholl ginn. Et soll also méi kuerz Etappen an méi zolidd Montéeë ginn. Dat mécht den Tour onberechenbar an d’Schluecht ëm de gielen Trikot op.

Wann et dëst Joer och manner Bierger gëtt (23 géint 28 am Joer 2016) esou gëtt et fir d’Coureuren net méi einfach. Den Tour 2017 huet nämlech alles wat et brauch fir Spannung ze suergen. Esou sinn all d’Massiver am Programm: D’Vogesen, de Jura, d’Pyrenäen, d’Zentralmassiv an natierlech d’Alpen.

Biergop an… Biergof

Ënnert de schwéiere Montéeën – et sinn der ganzer 23 – dierft déi tëscht Nantua an Chambéry brutal an de Been zéien. Déi néngt Etapp ass ronn 180Km laang an huet um Programm: de Col de la Biche, de Grand Colombier an de Mont du Chat. Dat sinn direkt emol dräi Bierger „Hors Categorie“, wou sech weisen dierft wien et drop huet.

D’Puristen dierften den Col du Tourmalet, de Mont Ventoux an d’Alpe d’Huez vermëssen, dofir sinn de Col du Galibier an de Col d’Izoard erhale bliwwen. An do wiere jo och nach ee puer hefteg Montéeën déi d’Coureuren ze bewältegen hätten. Schonn op der fënnefter Etapp misst et spannend ginn, dat mat éischter Biergarrivée zu La Planche des belles Filles. Hei bedreit d’Steigung op de leschte Meter bis zu 20%.

De Grand Colombier (9. Etapp) gëtt dëst Joer vun der „Directissima“ aus gefuer an eng Montéeë mat 22% kéint deem engen oder aneren duerchaus all Hoffnung op den Trikot huelen. Och de Mont du Chat mat senge 15% (selwechten Dag) ass eng richteg Erausfuerderung.

An de Pyrenäe wou eng Arrivée zu Peyragudes um Programm steet, sinn bis op déi läscht Meter 16% ze bewältegen. D’Mauer vu Péguère, mat 18% ass d’Hürd vun der 14.Etapp an schonn een Dag méi spéit erwaart d’Coureuren den Col de Peyra Taillade.

Scho fir déi drëtt Kéier fannen d’Etappen an de Pyrenäe virun de Alpen statt. Hei awer dierft déi ganz Opmierksamkeet um Col d’Izoard leien, deen och Landschaftlech, am besonnesche bei der Casse Déserte, ee vun den Héichpunkte misst sinn. Zudeem ass déi läscht schwéier Etapp iert et Richtung Paräis geet.

Un d’Sprinter ass geduecht ginn

Wëll sech den Tour de France 2017 mat zwee Zäitfueren zefridde gëtt, sollten sech d’Sprinter dëst Joer net bekloe mussen. Reng vum Parcours hir sollten si sech op néng Massesprints verloosse kënne fir sech ervirzedoen. Mat Leck, Vittel, Troyes, Nuits-Saint-Georges, Bergerac, Pau, Romans-sur Isère, Salon de Provence a Paräis stinn hinne vill Chancen op.

Déi läscht Etapp mat der Arrivée op de Champs Elysées gëtt zu Montgoron gestart. Hei gouf och 1903 déi éischten Tour virum Bistro „Réveil Matin“ op de Wee geschéckt. Alles an allem versprécht d’Tour de France 2017 besser ze gi wéi déi vun de virleschte Joren.

Ähnlech Sujeten Sport, Tour de France, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel