Search

You may also like

Nei Stater Gemengeconseillère vun déi Lénk
Fail Neiegkeeten

Nei Stater Gemengeconseillère vun déi Lénk

Haut huet d’Ana Correia Da Veiga d’Nofolleg vum David Wagner

Ungarn fält nees aus der Roll
Fail Neiegkeeten

Ungarn fält nees aus der Roll

Europa muss de Viktor Orban wéinst enger anti-Awanderungscampagne an dem

Health Care Act: Den Trump huet sech duerchgesat
Fail Neiegkeeten

Health Care Act: Den Trump huet sech duerchgesat

Washington – Bei den Republikaner ass d‘Stëmmung sécherlech beschtens, während

dislike

Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France

Verschidde Gemengen däerfen sech freeën

Lëtzebuerg mécht sech chic fir den Tour de France

D’Noriicht erfreet all Sportsfrënd am Land: Den Tour de France kënnt op Lëtzebuerg. En Dënschdeg haten sech de Sportminister Romain Schneider an d’Staatssekretärin Francine Closener, der Presentatioun vun de Manifestatiounen an Dekoratioune vun de Plazen an de Gemengen, déi vum „Tour de France“ duerchfuer ginn, ugeschloss.

An der schéiner Kulisse vum Wëltzer Schlass hunn d’Buergermeeschter a Schäffe vun den 20 Gemengen, hir Projete fir den 3. a 4. Juli virgestallt. A senger Ried huet de Sportminister déi historesch Liene mat der Vëloscourse ënnerstrach. De Romain Schneider begréisst dann och de Passage vum Tour: „Et ass eng Éier an Houfregt fir d’Land an ee Fest fir de Cyclissem.“

E Plus fir Lëtzebuerg

Fir D’Francine Closener ass den Tour: „Eng exzellent Geleeënheet fir Lëtzebuerg am Ausland bekannt ze maachen. Et bitt eis d’Méiglechkeet d’Virdeeler vun eisem Land, wéi d’Natur, den historesche Patrimoine an déi sëllech Touristenattraktiounen ervirzehiewen.“

Am Kader vun de verschidden Aktiounen, soll esou och d’Beschrëftung „LuXembourg“ den 3. Juli op der Schmëtt opgestallt ginn. Heimatter gëtt den Tour op lëtzebuergeschem Buedem wëllkomm geheescht. De 4. Juli ass se dann op der Esplanade zu Schengen, iert d’Coureure Lëtzebuerg an Direktioun Frankräich verloossen.

An Zesummenaarbecht mat der Ambassade vu Groussbritannien, huet den engleschen Artist James Straffon, 13 Portraite vun den Tour-Legenden, dovunner véier Lëtzebuerger opgestallt. Déi sinn um ganze Parcours uechtert d’Land verdeelt an hänken deels och op de Fassade vun Haiser oder stinn op markante Plazen.

Déi véier Lëtzebuerger déi op der Staumauer vun Esch Sauer gewise ginn, sinn den François Faber, Nicolas Frantz, Charly Gaul an den Andy Schleck.

Lëtzebuerg ass dann och während dem Tour op den internationalen Televisiounschaînen vertrueden. Den 3. Juli ass den Andy Schleck den Invité vu „France Televisions“ an den Ausseminister Jean Asselborn kann een op der ARD gesinn.

Aus dem Communiqué vum Wirtschaftsministère geet dann nach ervir, datt d’Regierung och een extra-Dossier op senger Internetsäit fir de Public ageriicht huet. Ze fannen ass deen hei. Hei fannen déi Virwëtzeg och eng Iwwersiicht vun de Manifestatiounen an Dekoratiounen an de verschiddene Gemengen.

Related topics Lëtzebuerg, Sport, Tour de France, Vëlo, Wolz
Next post Previous post