Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

love
Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?
Crazy International LOL Neiegkeeten

Kann dëse Projet dem Eenzelhandel zu Lëtzebuerg hëllefen?

D’Geschäfter an eise Stied hunn et ëmmer mi schwéier, hier

surprise
Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana
Crazy International LOL Neiegkeeten

Zoufftgen: D‘Douane saiséiert 57 Kilo Marihuana

Am Kader vun der Konventioun zur grenziwwerschreidender Zesummenaarbecht (26. Januar

angrysurprise
Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland
Crazy International LOL Neiegkeeten

Portrait: Vladimir Putin, Patron vu Russland

No iwwer 18 Joer un der Muecht, symboliséiert de Vladimir

tonguelaughing

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek

Den Trump begréisst am Xi e staarke Vertrieder vum Vollek

Den US-President Donald Trump, aktuell op Asien-Tour, huet um Freideg de President Xi Jinping als staarke Vertrieder vum chinesesche Vollek unerkannt. E ganz neien Toun deen am Kontrast zu senge verbal Attacke vun der Wahlcampagne steet. Zudeem war et dem Donald Trump seng éischt Visite a China.

„Meng Gespréicher mam President Xi Jinping ware ganz produktiv, dat esouwuel am Bezuch op den Handel wéi och am Dossier zu Nordkorea“, esou den Trump (wéi gewinnt) op Twitter. No sengem Besuch a China huet sech de Locataire vum Wäissen Haus op de Wee a Richtung Vietnam gemaach, déi véiert Etapp vu sengem Tour duerch Asien.

An der Nofolleg vum Mao

De chinesesche President „ass e muechtvolle a vu sengem Vollek héich respektéierte Vertrieder“, esou den Trump weider, deen dem Xi scho wäermstens gratuléiert hat, wéi dësen de leschte Mount op e neits un d‘Spëtzt vu der kommunistescher Partei vu China (CPC) gewielt ginn ass.

Mat 64 Joer, huet de Xi Jinping e neit Mandat vu fënnef Joer kritt. Hien ass domatter un der Spëtzt vum bevëlkerungsräichste Land op der Welt. Zudeem ass dem Xi säi „Gedanken“ an d‘Charta vum CPC agedroe ginn, eng Éier déi bis ewell just dem Mao Zedong – Grënner vum kommunistesche Regimm 1949 – virbehale war.

Den diplomatesche Réckzuch

Den Donald Trump, viru genau engem Joer zum US-President gewielt, hat während senger Campagne kee gutt Hoer u China gelooss. De Milliardär hat et esouguer fäerdeg bruecht, China ze beschëllegen, den USA Milliounen Aarbechtsplaze „geklaut“ ze hunn.

Mee zu Peking huet sech den Trump vum „Saulus zum Paulus“ gewandelt a sengem chineseschen Homolog den US-Handelsdefizit géintiwwer China net méi virgeworf. Gutt méiglech, datt d‘Handelsverträg an héicht vun 250 Milliarden US-Dollar, déi während der Visite ënnerschriwwe goufen, sech positiv op d‘Stëmmung ausgewierkt hunn.

En A op de Rabbelkapp aus Pyongyang behalen

Den US-President huet dem Xi Jinping dann och nach emol Merci gesot, fir d‘Ënnerstëtzung an d‘Participatioun un den internationale Sanktioune géint Nordkorea, den traditionellen Alliéierte vu Peking. Peking dat quasi eleng, de ganzen Aussenhandel vun Nordkorea stemmt, konnt awer och bis ewell de Kim Jong-Un och net zu Verhandlungen animéieren.

A während der ganzer Visite vum US-President huet de Xi Jinping och keng Undeitung gemaach, weider Mesurë wëllen ze ergräifen, fir Nordkorea ze zwéngen den nuklearen Entwécklungsprozess opzeginn. Et géif een „en A drop halen“, soll dat eenzegt Zougeständnes sinn, dat den Donald Trump hei gemaach kritt hätt.

Eng Mauer verstoppt déi aner

An engem Tweet huet den Donald Trump säin Depart fir de Vietnam ugekënnegt. Hien huet dann an engem wiederen Tweet och nach (missen) drop hiweisen, datt seng Fra Melania a China bleift. Si wëll den Zoo an natierlech och déi grouss chinesesch Mauer besichen.

Den US-President, dee sech eng „Renommée“ erschafft hat, mat sengem Mauer-Projet op der Grenz zu Mexiko, huet awer selwer déi grouss chinesesch Mauer net besicht. Domatter hieft sech den Donald Trump vun all senge Virgänger, déi China besicht hunn, kloer of.

mat AFP

Foto: Den Donald Trump mat engem festen Hand-Drock beim Xi Jinping. De frëndschaftlechen Ëmgang zu Peking stoung am Kontrast zu den Aussoen, déi de Milliardär während senger Wahlcampagne gemaach hat. © Fred Doufour/AFP

Ähnlech Sujeten China, Donald Trump, Nordkorea, USA, Xi Jinping
Nächsten Artikel Virrechten Artikel