Search

You may also like

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!
Fail Neiegkeeten

OPGEPASST: Ochratoxin A an de Bionëss vum Aldi!

D’Autoritéite vun der Lëtzebuerger Liewensmëttelsécherheet informéieren doriwwer, datt den schnellen europäesche Sécherheetssystem

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame
Fail Neiegkeeten

Den Escher Schäfferot trauert ëm d‘Kathedral Notre-Dame

An engem Schreiwes un d‘Buergermeeschtesch vu Paräis Anne Hidalgo, huet

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser
Fail Neiegkeeten

UN-Sécherheetsrot: US-Veto géint den Text zum Schutz vun de Palestinenser

US-Ambassadrice bei der UNO, Nikki Haley, huet schonn um Donneschdeg

dislike

Den Trump huet es genuch mat Nordkorea

Kënnt elo eng Decisioun?

Den Trump huet es genuch mat Nordkorea

Nordkorea ass dem Donald Trump en Dar am A. Hie schéngt es elo endgülteg genuch ze hunn. Haut wëll dem amerikanesche President sech dann och mam chinesesche President Xi Jinping an dem japanesche Premierminister Shinzo Abe iwwert Mesuren ënnerhalen.

D’Bedreeung déi Nordkorea mat sengem nuklearen a ballistesche Programm duerstellt steet domadder am Mëttelpunkt vum telefoneschen Entretien, deelt d’Wäisst Haus mat.

Rakéitentester reng Provokatioun

Dat onséilegt Behuele vum Kim Jong-Un huet beim Donald Trump a senger Administratioun ee Punkt erreecht wou et duer geet. Seng Rakéitentester, déi alleguerte géint Resolutioune vum UN-Sécherheetsrot verstousse verlaangen, esou schéngt et, no Moossnamen déi och Wierkung hunn.

Den Trump hofft dann och, datt China, den eenzeg wierklechen Alliéierte vu Nordkorea, seng Positioun notzt, fir de Kim Jong-Un op d’Plaz ze setzen. Dobäi huet den amerikanesche President nach déi läscht Woch bedauert, datt China selwer och net wierklech Geheier fënnt.

Et sollen also nach weider Sanktioune géint Nordkorea geholl ginn. Dem Trump no wier dat déi beschte Léisung vu, datt en Dialog mam Kim Jong-Un net méiglech ass. Nach ee Freideg hat sech den Trump mam President vu Südkorea, Moon Jae-In, zu Washington ënnerhalen. Dee favoriséiert weiderhin den Dialog entgéint enger vum Trump gefuerderter entscheedender Reaktioun.

Béid Staatsmänner konnten sech esou op keng gemeinsam Strategie eenegen. D’Enttäuschung beim Trump war entspriechend: „Déi strategesch Gedold huet versot. Éierlech, meng Gedold ass um Enn“.

mat AFP

Foto: Den Trump a seng Equipp ee Freideg beim Gespréich mam südkoreanesche President Moon Jae-In (© Brendan Smialowski/AFP)

Related topics China, Donald Trump, Nordkorea
Next post Previous post