Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Gitt dem Virus keng Chance
International Meenung

Gitt dem Virus keng Chance

Um Donneschdeg hunn d‘Gesondheetsministesch an de Premierminister sech zur 2.

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint
International Meenung

Iran: De President Rohani kuckt schwieregen Zäiten entgéint

Fënnef Joer nodeems den iranesche President Hassan Rohani un d‘Muecht

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft
International Meenung

Schéisserei zu Jersey-City war offensichtlech eng geziilt Attack géint jiddescht Geschäft

Bei enger Schéisserei zu Jersey-City hu sechs Mënschen hiert Liewe

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Den Trump: vum Saulus zum Paulus

Elo schwätzt dann och den amerikanesche President vu Rassismus. Dat ee puer Deeg no de Manifestatioune vu Faschisten zu Charlottesville, wou eng Fra ëmbruecht ginn ass a vill Mënsche blesséiert.

Mech iwwerzeegt de staarke Mann aus dem Wäissen Haus net. De Paltong wiesselen, dat just well den Drock ze grouss ginn ass, gëtt mer ze denken. Elo ass et awer sécher richteg a wichteg, datt den Donald Trump mat kloer Wieder de Rassisten am eegene Land op de Pelz geréckelt ass.

„Rassismus ass béis. An déijéineg déi a sengem Numm Gewalt uwennen si Krimineller a Verbriecher, wéi de Klu Klux Klan, d’Neonazien an d’Verfechter vun enger wäisser Virherrschaft oder aneren Haassgruppen, déi géint alles sinn, wat ons als Amerikaner wichteg ass“.

Gutt gesot. An trotzdem, et sinn vill vu senge Wieler, déi hien elo als dat entdeckt wat se sinn: Rassisten, Faschisten. Et war den Trump, dee mat senge sëllechen Haasspriedegten d’Bécks vun der Pandora opgemaach huet. Hie war et och deen et sech net midd war an och nach ass, Ausgrenzung ze schafen.

Wéi gesot, elo dem Drock vun enger grousser Majoritéit nozeginn a Positioun ze ergräifen, dat kënnt dann awer eppes ze spéit. De Schued ass ugeriicht, ee Mënsch huet misse stierwen. Domadder ass ersiichtlech, datt den Trump ebe net wéi ugeholl d’Amerikaner vertrëtt. D’Amerikaner sinn net nëmme „Wäiss“.

Och säi stännegt Gefuchtels mam raschtege Säbel (Nordkorea/Venezuela) déi schlecht Stëmmung mat China. Zu gudder Läscht säin Onverständnes géintiwwer dem Klimawandel an dem onséilegem Behuelen a Wirtschaftsfroen. De Mann entwéckelt sech zur Plo.

Datt d’Weltpolitik elo positiv op dem Trump seng „nei“ Positioun reagéiert ass allerdéngs och nees verständlech. Keen ass drun interesséiert d’Diplomatie ofkillen ze loossen. Den Dialog ass wichteg a muss oprecht erhale ginn. Den Trump dierft awer, elo wou ee säi wierklecht Gesiicht erkannt huet, net méi den häerzlechen Empfang kréien, deen hien erwaart.

An den eegene Reien dierft hien et elo och dann eppes méi schwéier hunn. Den Trump stoung an steet dem Trump emol ze oft am Wee. Dat hien sech elo esou dernieft beholl huet, huet awer eppes Guddes. Elo weess een datt e ka gebremst ginn, sech net op seng populistesch Manéier kann duerchsetzen.

Foto: Um 14. August hunn honnerte Leit op der „Fifth Avenue“ beim Trump Tower dem amerikanesche President de Marsch geblosen. Mat „Feck dech Trump“ an „Nee, am Numm vun der Mënschheet refuséiere mir ee faschistescht Amerika“ ass den Trump „op de richtege Wee zréckbruecht ginn“ oder? (© Drew Angerer/Getty Images/AFP)

Ähnlech Sujeten Donald Trump, Rassismus, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel