Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!
International Meenung Neiegkeeten

De Vëlo gëtt ëmmer méi beléift… bei den Déif!

De Vizepremierminister Etienne Schneider (LSAP) huet um Freideg der Deputéierter

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!
International Meenung Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt um Méindeg!

Kommende Méindeg gëtt op der Place Winston Churchill an der

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn
International Meenung Neiegkeeten

Editorial: Et ass nach keen Déier doutgeheemelt ginn

No enger Reportage vun RTL, wou et ëm den zweiwelhaften

Den UN-Sécherheetsrot an den Ëmgang mat de Mënscherechter (e Kommentar)

Den UN-Sécherheetsrot an den Ëmgang mat de Mënscherechter (e Kommentar)

Et gëtt Momenter am Liewen, wou ee sech freet, wéi e Sënn eng Institutioun mécht, déi zanter elo scho Joerzéngten alles hikritt, ausser déi Missioun ze erfëllen, fir déi se eigentlech gegrënnt gi war. Rieds ass vum UN-Sécherheetsrot, deen aktuell vun Däitschland presidéiert gëtt.

Um Beispill vun der Ofstëmmung zur „Sexueller Gewalt a Krichsgebidder“ huet dës Institutioun bewisen, datt si – wann ee se schonn ofschafe kann oder wëll – zumindest Reformbedierfteg ass. Lëschtegerweis war den däitschen Ausseminister, Heiko Maas, virun der Sëtzung optimistesch am Bezuch op déi däitsch Resolutioun, déi sech enger wierklech eekeleger „Krichswaff“ ugeholl huet.

Hei geet et ëm d‘Aschätzung, datt: Vergewaltegung, Versklavung a Mëssbrauch vu Meedercher a Fraen (mee natierlech trëfft dat och op Bouwen a Männer zou) eng „Waff“ sinn déi am Krich vun alle Säite genotzt gëtt. Et sollt een och dierfen unhuelen, datt de Schutz vun Zivilisten, a grad oder besonnesch Meedercher a Fraen, eigentlech vu kengem UN-Member sollt a Fro gestallt ginn.

Dat hat, esou schéngt et, och den däitschen Ausseminister esou am Hannerkapp. Hie sollt séier gesi wéi falsch hie geleeën ass. Iert et am UN-Sécherheetsrot (an eigentlech de Vereenten Natiounen am grousse ganzen) ëm Mënscherecht ka goen, muss als éischt ofgekläert ginn, op dëst Mënscherecht net géint déi national Interessen an/oder politesch Ausriichtung vum Land „verstéisst“.

Do läit d‘Kromm an der Heck

An hei fänkt dat ganz dann och u grujeleg ze ginn. Wann e sech sécherlech doriwwer eens ass, datt Affer vu sexueller Gewalt – och an Konfliktsituatiounen – besser musse geschützt ginn, esou dierf dëse „Schutz“ net als politesch schwächt ze deite sinn. An dat bezitt sech leider op déi krätzegst Vertrieder vun der Mënschheet an dësem „Sécherheetsrot“. Gemengt sinn d‘Veto-Muechten…

Op China, Russland an d‘USA… Weltmuechten déi am stännege Clinch matenaner leien, aus reng wirtschaftlech wei militäresche Grënn déi ganz Mënschheet a Geiselhaft huelen, awer mam Fanger op „Terroriste“ weist – déi si selwer geschafen an deels finanzéiert hunn – fir d‘Schold vum ganze Misär vu sech ze weisen. Mee et sinn net si eleng, déi „Mënscherecht“ als iwwerbewäert gesinn.

Esou geet et am UN-Sécherheetsrot schonn duer nëmmen unzedeiten, datt et zum „Veto“ komme kéint, fir en Text nach emol ze iwwerschaffen. Wann en dann och nach feststelle muss, datt zanter den Donald Trump US-President ass, d‘Lag sech fortwährend verschlechtert, sollt et méiglechst zäitno zur Reform vun der Institutioun kommen. Woubäi d‘Russen an d‘Chinese net besser sinn.

Den eigentleche Feind vun den Affer sëtzt am UN-Sécherheetsrot

Bei der Resolutioun zum Schutz viru Sexueller Gewalt, Versklavung a soss Mëssbrauch, hätt wéi gesot missen unhuelen, datt de gesonde Mënscheverstand d‘Iwwerhand behält. Mat den USA um Dësch ass kee „Mënscheverstand“ a schonn emol guer net dee „gesonden“ ze erwaarden. Dozou kënnt dat ganzt bilateraalt Gestreits: den Handelskrich mat China an d‘Oprëschtung mat Russland.

Esou huet um Enn d‘Resolutioun nach op ganzer 10 Säite gepasst wéi se mat „grousser“ Majoritéit ugeholl gouf. Eenzeg de russeschen Ambassadeur huet duerchblécke gelooss, datt d‘Resolutioun de Pabeier net wäert ass op deem se verfaasst ginn ass. Hien huet sech dann och mam chineseschen Ambassadeur enthalen. Dat heescht d‘Resolutioun ass duerchgaangen, mee zu wellechem Präis?

De Präis, datt si Mënschen déi leiden, ënnert erbäermlechste Konditiounen zu Dout mësshandelt ginn. Op „Wonsch“ vun den USA, ass d‘Schafe vun enger Aarbechtsgrupp zur Erfaassung vu sexuellen Iwwergrëffer „verhënnert“ ginn. Och d‘Offer vu „reproduktiver Gesondheet“ déi den Donald Trump als Promotioun vun der Ofdreiwung bezeechent, ass ersatzlos gestrach ginn.

Fazit:

D‘Amerikaner erkennen d‘Schutzbedierftegkeet vun den Affer brutaalster Vergewaltegungen net un, verbidde mat alle Mëttel déi hinnen zur Verfügung stinn, datt géint US-Zaldoten (an US-Bierger am grousse ganzen) wéinst méigleche Krichsverbriechen – also och Uwennung vu sexueller Gewalt – an sinn och soss generell iwwerzeegt, datt d‘Vereenten Natioune just Geld kaschten…

Wat ass bliwwen? Bëlleg, net emol am Usaz éierlech gemengten Appeller. Afferschutz ass fir déi meescht, déi sech géigesäiteg am exquisitte Club „UN-Sécherheetsrot“ d‘Gackelcher heemelen, eng mindestens genee esou verwerflecht Beleidegung wéi d‘Fuerderung nom anhale vu Mënscherechter. Hei kann net emol vu engem Kompromëss rieds sinn, well dee stoung net op der Dagesuerdnung.

Den UN-Sécherheetsrot huet gëschter säi schänterlecht Gesiicht gewisen. De wichtegste Gremium vun de Vereenten Natiounen huet d‘Affer nach emol zu Affer gemaach. Wann et hei net zügeg zur Reform kënnt, d‘Vetorecht net zumindest ageschränkt gëtt, da brauch et dës Institutioun och net…

Ähnlech Sujeten China, Heiko Maas, Mënscherechter, Russland, Sexuell Gewalt, UN-Sécherheetsrot, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel