Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

dislike
E Maulkuerf fir d‘Kommunisten
Kultur Neiegkeeten

E Maulkuerf fir d‘Kommunisten

Mat neie Reegelen déi d‘Konditioune festleeë, fir sech op der

Skills United: Iwwert sech eraus wuessen an Talent beweisen!
Kultur Neiegkeeten

Skills United: Iwwert sech eraus wuessen an Talent beweisen!

Gëschter hunn den Educatiounsminister Claude Meisch an de President vu

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un
Kultur Neiegkeeten

D‘Reform vum Congé Parental kënnt gutt un

Wéi d‘Familljeministesch Corinne Cahen (DP) an den Direkter vun der

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den UN-Weltdag vum Yoga de 16. Juni um Parvis vum Neimënster

Den 21. Juni gouf vun de Vereenten Natiounen (UN) zum offizielle Weltyogadag erkläert. Dat an der Erkenntnis, datt eng Verbreedung vun Informatiounen iwwer d‘Virdeeler vum Yoga-Praktizéiere fir d‘Gesondheet, weltwäit gefërdert sollt ginn. Ob der ganzer gëtt dësen Dag zelebréiert och bei eis.

Um Sonndeg de 16. Juni verwandelt sech de Parvis vun der Abtei Neimënster (Stadgronn) an ee groussen Ashram ënner fräiem Himmel. All d‘Yogaschoulen aus dem Land sinn ageluede gi fir matzemaachen, an esou sollt et Coursen an allen erdenkleche Sprooche ginn, och op lëtzebuergesch. An natierlech ass et op dësem besonneschen Dag fir all d‘Altersklasse gratis.

Yoga

Flott heibäi, nieft dem Fait dat et näischt kascht, muss ee just eppes Motivatioun matbréngen. Desen Event riicht sech un eis alleguerten, egal op Erfueren oder Ufänger, vum Krappert iwwert d‘Schwéiermamm bis hunn zum Bop… hei kann al Mënsch matmaachen, gouf eis verséchert.

D‘Presidentin vum Verband vun der Yogaschoulen zu Lëtzebuerg, Martine Reicherts, confirméiert, datt och Mënsche mat spezifesche Besoinen un beim Yoga kënne matmaachen. Esou beispillsweis bei der Aféierung vum Weltyogadag (2015) wou eleng zu New York um Times Square iwwer 5.000 Mënsche participéiert haten. Hei hu Leit am Rollstull gewise wéi et geet a wou de Notze läit.

Yoga

Hale mir nach fest, datt säitens de Vereenten Natioune wäert drop geluecht ginn ass, d‘Verbindung vun traditionellem Yoga mat der moderner Wëssenschaft opzeweisen. Zudeem soll de Weltyogadag och en Dag vum Fridde sinn. Domatter wësst dir ëm wat et geet, hei nach de gefëllte Programm:

Um 9.00 Auer gi souzesoen d‘Dieren op an um 9.30 Auer stellen sech d‘Professere vir an et gëtt sech opgewiermt. Vu 10.15 bis 11.00 Auer gëtt déi éischte Seance ofgehalen, da keng kleng Paus an vun 11.15 bis 12.00 Auer déi zweet Seance Yoga. Nach emol eng kuerz Paus an vun 12.15 bis 12.30 Auer dann déi final Mandala. Eis gouf nach verséchert datt et dat beschte Wieder géif ginn…

Organiséiert gëtt de lëtzebuergesche Weltyogadag vun der FNELY an Zesummenaarbecht mat der Ambassade vun Indien an der Abtei Neimënster (CCRN). D‘Redaktioun wënscht allen déi sech fir Yoga interesséieren e gutt geléngen.

Foto: Gerd Altmann

Ähnlech Sujeten Abtei Neumünster, FNELY, Martine Reicherts, Weltyogadag, Yoga
Nächsten Artikel Virrechten Artikel