Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Chamber geet an déi läscht Sessioun
mobile dating apps schweiz for honor matchmaking issues pc

online dating works

Um Krautmaart ass déi parlamentaresch Rentrée haut effektiv. Opgemaach gëtt

dating with meetup
mobile dating apps schweiz for honor matchmaking issues pc

Jemen: Kampf ëm Hodeida

E Freideg waren d‘Kämpf an der Hafestad Hodeida (Weste vum

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL
mobile dating apps schweiz for honor matchmaking issues pc

D‘Nora Back ass déi nei Presidentin vun der CSL

Am Kontext vun de Sozialwahlen am Mäerz, hat den OGBL

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest

Elo huet all Ungar et schrëftlech: d‘EU ass Däiwelswierk a wëll Migratioun erzwéngen

Den ungaresche Ministerpresident hält un anti-europäescher Campagne fest

Sollt ee vläicht dovunner ausgoen, datt de Viktor Orban iwwerzeegt ass, datt wat d‘Vollek méi domm ass, een him ëmsou méi liicht alles erziele kann. Fräi nom Motto: „Wien näischt weess muss alles gleewen!“. Well genee dat ass et wat sech den Ament an engem EU-Memberland ofspillt.

Wat d‘Wäerter vun der EU betrëfft, esou muss een net alles gutt fannen, a Kritik wa se konstruktiv ass, soll ee wëllkomm heeschen. Wann een awer mat der EU esou onzefridden ass wéi dat de Fall beim ungaresche Ministerpresident ass, da sollt een sech vläicht iwwerleeën, op de Bäitrëtt net vläicht awer e Feeler war, an et un der Zäit ass sech Gedanken iwwert eng Trennung ze maachen.

Aktuell verhält et sech an Ungarn nämlech esou, datt eng Regierung a voller Absicht – an net der gudder eng – de europäesche Projet torpedéiert. Grondlag vir de „Sabotage“ déi anscheinend vun der EU-Kommissioun gefouert Awanderungspolitik. Déi, esou de Viktor Orban an engem fir all Ungar verschéckte perséinleche Bréif, wéilt de Wëlle vun de Länner briechen déi net matmaachen.

Den Inhalt vum Bréif: „déi zu Bréissel hu vun de schrecklechen Terrorattacken aus de leschte Joren näischt geléiert. Si wëllen nach méi Migranten an d‘EU eranhuelen“. An de faschistoide Viktor Orban nennt siwen angeblech Moossname vun der EU-Kommissioun op, déi zur Migratioun an d‘EU géif ermonteren. Dat géif net nëmmen de Länner hiert d‘Recht op Grenzschutz a Fro stellen.

Geféierlech Absichte virun der Europawahl

Eng vun de Ligen, oder sollt een net éischter vu faschistescher Propaganda schwätzen – well dësen Tatbestand erfëllt dem Orban seng Fidesz schonn unhand senge Statuten – am Bréif: Europa géif d‘Aktioune vun de politeschen Aktivisten déi migratiounsfrëndlech sinn, finanziell ënnerstëtzen. Dofir géife Länner, déi sech der Migratioun erwieren, Finanzmëttel gekierzt. Abee Merde alors…

Als eng eenzeg Provokatioun muss d‘Ausso: „Migranten erhale Kreditkaarte mat Geld drop“ bewäert ginn. Dat ass riicht ewech gelunn, an dees ass sech déi ungaresch Regierung voll bewosst. Si huele mat esou enger Formuléierung bewosst a Kaf, datt zumindest an Ungarn d‘EU-Wahlen ad absurdum gefouert ginn. Si hoffe fir aner Länner e „Beispill“ ze sinn, an kéinten Erfolleg hunn.

Et ass scho verréckt, wann e Ministerpresident, dee sech ouni Europa dem russeschen Diktat ze ënnerwerfen hätt, behaapt, datt hien déi ungaresch chrëschtlech Kultur a Sécherheet virun der EU-Kommissioun schütze muss. Dat ass dann och schonn net méi hannerlëschteg, mee carrement eng Erklärung, datt déi europäesch Unioun de Feind vun Ungarn a senger Souveränitéit ass.

Mat dréchene Fakte géint populistesch „Erklärungen“ kämpfen

Natierlech huet d‘EU-Kommissioun missen op d‘Provokatioun reagéieren. Dat sinn d‘Spillregelen, esou ass et geduecht. De Problem heibäi, wann de Büro vun der EU-Kommissioun zu Budapest an enger Erklärung, déi vun der Regierung zum Ausdrock bruechte Virwërf zréckweist, da kréien dat d‘Ungarn nëmme bedéngt mat, wat mam Viktor Orban senger Pressefräiheet ze verbannen ass.

Et ass allerdéngs richteg, datt et beispillsweis a Griicheland esou gehandhaabt gëtt, datt Mënschen déi Asyl ugefrot hunn oder als Flüchtling unerkannt goufen, „Kreditkaarten“ erhalen. Do ass Geld drop, dat déi selwecht Mënschegrupp an aner Länner als „Täschegeld“ cash kréien. Zudeem ass net virgesi Länner Finanzmëttel ze kierzen. Hei erfëllt Ungarn den Tatbestand vun der Verleumdung.

Cool dogéint den Aktionismus vun der ungarescher Oppositioun. Si kämpfe wuel mat stompege Messer, mee eleng den Asaz fir eng „Realitéitscampagne“ muss begréisst ginn. Si peche Sloganen op déi vun der Regierung an der Fidesz opgehaange Plakater: „An de Schoule feelen iwwer 4.000 Proffen“ oder „All 6. Kand gëtt am Ausland gebuer“. Jo d‘Ungarn sinn e Vollek vu Migranten…

mat indymedia/waw/lon/bru

Ähnlech Sujeten EU-Kommissioun, EU-Migratiounspolitik, Europawahlen 2019, Faschismus, Migratioun, Viktor Orbán
Nächsten Artikel Virrechten Artikel