Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Europäesch Impfwoch: Wéi Impfunge liewe retten!
International Neiegkeeten

matchmaking dhaka

All Joer organiséiert Europa d’Woch vun der Impfung fir esou

online dating what next
International Neiegkeeten

Braderie Diddeleng: Héich Temperaturen, mee och héich Visiteurszuelen

De leschte Weekend haten sech op e neits vill Leit

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika
International Neiegkeeten

Déi gréng an anerer mengen d‘EU wier e Benefice fir Afrika

An hei gëtt et zolidd Widdersproch vun der KPL: „Fräihandel

Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier

Den US-Ambassadeur an Däitschland mécht dem Trump all Éier

De neien US-Ambassadeur an Däitschland, gëtt aus Regierungskreesser beschëllegt, sech an intern Ugeleeënheeten anzemëschen. Déi Lénk fuerdert dann och, datt dësen treien Trump-Unhänger nees „zréckgeschéckt“ gëtt. Washington dogéint verdeedegt d‘Meenungsfräiheet.

Fir de Peter Breyer, Coordinateur fir déi transatlantesch Relatiounen an der Merkel-Regierung, ass erwisen, datt sech de Richard Grenell „an eis intern Ugeleeënheeten amëscht“. „Hie sollt beuechten, datt mir säin Ufank als Ambassadeur als Schwiereg betruechten“, esou de konservative Member vun der Regierung, deen och Uwiesend wäert sinn, wann den Diplomat seng längst geplangte Visite am Ausseministère mécht.

Den US-Ambassadeur Richard Grenell (konservativ, Nationalist a Vertraute vum Donald Trump) huet fir Opreegung gesuergt, well hien dem rietsextremen US-Site „Breitbart News Network“ en Interview accordéiert huet, wou hie kloer gemaach huet, datt hien an Europa déi „riets“ Hardliner ënnerstëtze wëll. „Mir erliewen en erwäche vun der stëller Majoritéit, déi wou d‘Elitten an hir Blos zréckweisen“, huet den Diplomat uschléissend op Twitter gepost.

Hie vertrëtt dann och d‘Meenung, datt „dëse Moment gëtt vum Trump geleet“ gëtt, mee betount datt et net seng Absicht wier, Parteien oder Kandidate bei Walen um „ale Kontinent“ ze ënnerstëtzen. Am Interview liest sech dat anescht, an och seng Ausso: e grousse Fan vum éisträichesche Kanzler Sebastian Kurz kuerz ze sinn, oder konservativ Politiker an Europa stäerken ze wëllen, erlaabt et net him „friddlech Absichten“ ze ënnerstellen.

Et wier besser hie géif goen

Fir de Martin Schulz (SPD) fréiere President vum EU-Parlament, gëtt et keng zwou Optiounen. Hie verlaangt net manner, wéi datt de Richard Grenell nees zréck op Washington geschéckt gëtt. „Wann den däitschen Ambassadeur zu Washington géif betounen, datt hie just do ass fir d‘Demokraten ze stäerken, da géif him gehollef ginn d‘Wallis ze packen“, esou de Schulz géintiwwer der DPA, awer nodeems hien op Twitter de Grenell als „rietsextreme Kolonial-Offizéier“ bezeechent huet.

Eng Siicht déi esou och vum Sahra Wagenknecht (déi Linke) gedeelt gëtt, déi de „Fiffi“ vum US-President och gären do geséich, wou de Peffer wiisst. Erfreelech, wann och erstaunlech, datt déi Meenung och an de Reie vun der CDU gedeelt gëtt. Esou de stellvertriedende Fraktiounschef vun der CDU/CSU, Johann Wadephul: „Mir erwaarden, datt den Ambassadeur d‘Interesse vu sengem Land verdeedegt, an eng Bedeelegung un der Meenungsbildung an Däitschland ënnerléisst“.

Dat gesäit een zu Washington diametral anescht. „D‘Ambassadeuren hunn d‘Recht hir Meenung fräi ze äusseren“, heescht vun der Spriecherin vum US-Ausseministère, Heather Nauert. „Et gëtt heiansdo Meenungen déi e ka gären hunn, oder eben och net. An et gëtt d‘Meenungsfräiheet. (…) Ech mengen datt den Ambassadeur Grenell, nëmmen ënnerstrach huet, datt et Parteien a Kandidate gëtt, déi sech an Europa ervirhiewen. Méi net“. Mat dëser Ausso mécht d‘Heather Nauert awer och verständlech, datt si den Interview net gelies huet.

US-Demokrate sinn „not amused“

Kritik gëtt et dann och vun den Demokraten an Amerika. Mat engem kuerze Communiqué erënnert d‘Senatrice Jeanne Shaheen dorunner, datt d‘Ambassadeure „sech net an déi lokal oder regional Politik anzemëschen hunn, an op kee Fall politesch Parteien oder Kandidaten ënnerstëtze sollten. Wann den Ambassadeur Grenell net vu politeschen Deklaratioune kann Ofstand halen, sollt hie séier zréck geruff ginn“. Den US-President huet zur Saach näischt gesot… net emol via Twitter.

Domatter kritt dann awer zu Berlin dat, wat een allgemeng als „Begréissungsgespréich“ mam Staatssekretär am Ausseministère bezeechent, en „Hauch“ vu Convocatioun. „Mir wäerten eis bestëmmt e puer Saachen ze soen hunn“, esou de Versuch vum däitschen Ausseminister Heiko Maas, sech den Aussoe kritesch géinteniwwer ze stellen, ouni den transatlantesche Partner ze verstëmmen. Berlin hat dann och schonn e Méindeg vum Grenell eng Kloerstellung verlaangt.

An de Richard Grenell, weess wéi ee „mat sengem Personal“ ëmzegoen huet. Seng Géigner bezeechnen hien dann och gären als däitsche „Vizekanzler“, well hien sech och „muss“ mat alle Staatscheffen déi zu Berlin passéieren, treffen. Esou d‘Entrevue mam Benjamin „Bibi“ Netanyahu, déi direkt nom Treffen tëscht dem israelesche Premierminister an der Bundeskanzlerin stattfonnt huet. Dat entsprécht dann och net den diplomatesche Geflogenheeten.

Vu faschistesche „Rock-Staren“

Beim Treffen tëscht dem Angela Merkel an dem Benjamin Netanyahu, huet d‘Bundeskanzlerin däitlech gemaach, datt et hire Wëllen ass, d‘Nuklearofkommes mam Iran oprecht ze erhalen. Dat gëtt natierlech kategoresch vum israelesche Premierminister zréckgewisen, déi sech dierf sécher sinn, an dësem Dossier déi voll a ganz Ënnerstëtzung vum Trump ze hunn. Den US-President dierft sech dann och iwwert d‘Berichterstattung vum Grenell gefreet hunn.

An de Richard Grenell huet och schonn d‘Initiative ergraff, an den éisträichesche Kanzler, Sebastian Kurz, fir den 13 Juni zum Mëttegiessen agelueden. De Richard Grenell dee vu sech selwer behaapt, e grousse Fan vum jonke Staatschef sinn, deen hien niewelaanscht als „Rock-Star“ bezeechent huet. Dem Sebastian Kuerz seng Kritik un der Merkel-Politik, gesäit de Grenell als „begréissenswäert“.

D‘Nominéierung, déi laang vum US-Senat „gebremst“ konnt ginn – déi demokratesch Oppositioun huet him ënnert anerem sexistesch Tweets virgeworf – ass dann am Abrëll schlussendlech effektiv ginn. Et gëtt dem US-President an dësem Kontext dann och ënnerstallt, bewosst déi ugespaante Lag tëscht béide Länner verschlechteren ze wëllen. An den Trump geet jo och net grad spuersam mat der Kritik – zum Beispill beim Exportiwwerschoss an ze gerénge Militärausgaben – un Däitschland ëm.

mam David Courbet/AFP

Foto: De neien US-Ambassadeur Richard Grenell, dee beim Amtsuntrëtt déi däitsch Industrie gewarnt huet mam Iran Geschäfter ze maachen, huet an engem Interview mam rietsextremen „Breitbart News Network“ erkläert, déi rietskonservativ Hardliner ënnerstëtzen ze wëllen. © Odd Andersen/AFP

Ähnlech Sujeten Däitschland, Richard Grenell, US-Ambassadeur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel