Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!
International Neiegkeeten

Géint de Broschtkriibs: Den Oktober kleet sech Rosa!

Nom Kampf géint de Klimawandel an d‘Inaktivitéit vun der Politik,

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!
International Neiegkeeten

Veiner Nëssmoort – Wann eng Stad sech a Schuel wërft!

E Sonndeg stoung Veianen ganz am Zeeche vun der Noss.

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)
International Neiegkeeten

Giel Gileten: Se sinn net komm! (e Kommentar)

„Der Däiwel nach eng“ sot mer de Jang gëschter Mueren

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert

Den Islamesche Staat huet den Uschlag vu Léck revendiquéiert

Eis belsch Noperen hunn um Mëttwoch den zwou Polizistinnen an dem Student, déi beim Uschlag vu Léck hiert Liewe verluer hunn, e beweegten Hommage erwisen. Si waren um Dënschdeg vun engem radikaliséierten 38 järegen ermuert ginn. Den Islamesche Staat huet d’Dot revendiquéiert.

„Den Auteur vum Attack an der belscher Stad Léck ass en Zaldot vum Islamesche Staat“ heescht et an engem Communiqué vun der „Amaq“, der Propaganda-Agence vum IS. De federale Parquet vun der Belsch hat schonn am Virfeld bestätegt, datt déi terroristesch Piste privilegiéiert gëtt. De Parquet huet zudeem bestätegt, datt den Auteur, Benjamin Herman, dee vun der Police no der Dot erschoss ginn ass, schonn an der Nuecht virum Uschlag, e Mann zu On ermuert hat.

Uschlag

Dausende Leit a vill Polizisten hunn zu Léck un enger Gedenkminutt fir d’Affer vum Benjamin Herman deelgeholl. Den 31 järege Klengkriminellen hat um Dënschdeg zwou Polizistinnen an e Student vun 22 Joer ermuert. D’Dot ass vum Islamesche Staat (IS) iwwert d’Propaganda-Agence „Amaq“ revendiquéiert ginn. © Virginie Lefour/Belga/AFP

A ville Stied waren d’Fändelen op Hallefmast gesat ginn, an de Premierminister Charles Michel hat, zesumme mat dausende Leit a ville Polizisten, un enger Gedenkminutt deel geholl. Och déi Belsch Fussballnationalmannschaft „Diables Rouges“, déi sech zu Tubize op d’Weltmeeschterschaft virbereeden, hunn virum Training eng Gedenkminutt agehalen.

Während deem sinn d’Enquêteure beméit de Parcours vum Benjamin Herman, e Klengkriminelle vun 31 Joer deem en Haft-Congé zougestane gi war, opzeklären. Hien hätt sech am Prisong radikaliséiert. Den Täter war dann och um Dënschdeg, no enger kuerzer Geiselnam, beim Schosswiessel mat der Police, ëm d’liewe komm. D’Justiz huet d’Qualifikatioun „terroristesche Mord“ zréckbehalen, esou d’Wenke Roggen, Spriecherin vum federale Parquet.

Radikalislameschen Hannergrond

D’Spriecherin huet „de modus operandi zu deem den IS regelméisseg am Internet oprifft“ genannt, an drun erënnert, datt den 30 järegen déi zwou Polizistinne mat engem Messer ugegraff huet, iert hien si mat hiren Déngschtwaffen ermuert huet. De Parquet ënnersträicht och, datt den Auteur bei der Dot e puer mol „Allah Akbar“ gejaut huet, a Kontakt zu radikaliséierte Persounen hat.

D’Informatiounen zu de Verbindungen, déi vun der federaler Police an der Staatssécherheet kommen, stame vun 2016 an 2017, mee sinn zanterhier net „bestätegt“ ginn, heescht et säitens dem Wenke Roggen. Si weist nach drop hin, datt en antiterroristeschen Untersuchungsriichter vu Léck den Dossier zougedroe kritt huet.

„Et gëtt Signaler, datt et am Prisong zu enger Radikalisatioun komm ass. Mee ass et dës Radikalisatioun déi zur Dot gefouert huet?. Och do kann ee sech vill Froe stellen, mee et muss een op d’Resultater vun der Enquête waarden“, esou de belschen Inneminister Jan Jambon. D’Enquête „konzentréiert sech aktuell op d’Fro, op den Täter eleng gehandelt huet“, preziséiert d’Spriecherin vum federale Parquet um Mëttwoch.

Uschlag

D’Poliziste vu Léck, sichtlech ergraff, hunn sech um Mëttwoch zesummefonnt fir den zwou Polizistinnen an dem jonke Student, déi vum radikaliséierten Täter ermuert goufen, ze Gedenken. © Virginie Lefour/Belga/AFP

Si huet dann och bestätegt, datt de Benjamin Herman verdächtegt gëtt, an der Nuecht virum Uschlag zu Léck, e Mann zu On (bei Marche-en-Famenne) ëmbruecht ze hunn. Laut enger Source aus dem Ëmfeld vun der Enquête, wier den Täter an enger „Flucht no Vir“ gewiescht, nodeems hien dësen éischte Mord begaangen hat. D’Affer wier en Toxikoman vun 30 Joer, deen a senger Wunneng dout opfonnt ginn ass.

No sengem dräifachen Homicide zu Léck, hat de Benjamin Herman, kuerzzäiteg eng Botzfra vun enger Schoul als Geisel geholl. Datt hat, laut den Autoritéiten, zur Evakuéierung vun der Schoul gefouert. Heibäi ass awer kengem Kand e Leed geschitt. Laut der Dageszeitung „La Dernière Heure“, déi den Temoignage vun der Fra publizéiert huet, hätt Si dem Täter gesot: „Du solls net hei sinn, et ass eng Schoul, et si Kanner!“.

Detailer zur Dot an dem Täter

Géint 10.30 Auer hat de Benjamin Herman, op enger grousser Avenue vu Léck, als éischt d’Polizistinne mat engem Messer hannerrécks néiergestach, iert hie sech hire Waffen ermächtegt an op si geschoss huet. Hien huet uschléissend d’Feier géint en 22 järege Student, dee Passagéier vun engem nobäi geparkten Auto war, geriicht an dësen esou ermuert. No enger kuerzer Geiselnam ass hien beim Schosswiessel mat der Police ëm d’liewe komm.

Scho veruerteel wéinst Déifställ mat Gewalt, Drogendelikter a Rebellioun, hat den Täter de Benefice vun engem Haft-Congé erhalen, an sollt sech um Dënschdegowend nees am Prisong seng Strof weider verbéissen. Hie war am Prisong, fir eng Rëtsch cumuléiert (kuerz) Strofen ofzesëtzen an hätt 2020 kënne fräigelooss ginn. D’Servicer vum Prisong sinn net dovunner ausgaangen, datt de Benjamin Herman eng „terroristesch Gefor“ duerstelle géif.

mam Cédric Simon an dem Loïc Hofstedt/AFP

Foto: „Eng Blumm aus dem Gaard, fir dräi Blummen déi vill ze fréi gepléckt goufen“, esou e Bild vun enger Notiz op engem Luuchtepotto op der Plaz vum Uschlag. An ville Stied waren d’Fändelen op Hallefmast gesat ginn, fir den Affer vun dëser gräisslecher Dot ze Gedenken. © Emmanuel Dunnand/AFP

Ähnlech Sujeten islamesche Staat, Léck, Terrorismus, Trauer
Nächsten Artikel Virrechten Artikel