Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Coronavirus: Lëtzebuerg ass beschtens Virbereet
Stories WTF

Coronavirus: Lëtzebuerg ass beschtens Virbereet

Mat der sech stänneg verännerender Sitautioun, déi duerch den Ausbroch

Weltsommet fir d‘Impfung
Stories WTF

Weltsommet fir d‘Impfung

Um haidegen Donneschdeg organiséiert d‘EU-Kommissioun an Zesummenaarbecht mat der Weltgesondheetsorganisatioun

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun
Stories WTF

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun

Nom Pressecommuniqué vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH),

surprise

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

9 Saachen, déi s de maache kanns, während s de op däin Zuch, dee Verspéidung huet, waarts

All Dag reegen sech Leit doriwwer op, datt hiren Zuch ze spéit drun ass. An och, wann een d’Zäit gutt domat ëm kritt, sech an de soziale Netzwierker doriwwer ze echaufféieren, esou kann een d’Zäit dach méi konstruktiv notzen. Mir hunn eis e puer Saachen iwwerluecht.

Lies e Buch

Mat engem Tablet gesäit och keen, datt s de grad Fifty Shades of Grey lies. Fir di drëtte Kéier.

Zimlech Standard, dat doten, ech weess. An awer: e gutt Buch verdreift engem d’Zäit wéi soss näischt aneres. An dank der Omnipresenz vu Smartphones huet een och ëmmer Accès op dat eent oder anert eBook!

Spill e Videospill

Egal op Nintendo 3DS, Switch, Playstation Vita, Smarphone oder en oldschool Gameboy: mat engem Videospill vergeet d’Zäit am Nu! Puzzle-Spiller sinn top, fir 5-15 Minutten ze iwwerbrécken

Erweider däi musikaleschen Horizont

… mee ëm Gottes Wëllen, benotz Kopfhöreren!

Weess du wat Folktronica ass? Oder Acid Jazz? Wéi wäit ginn deng Polka-Kentnisser? Zäit, fir et eraus ze fannen!

Kuck endlech déi eng Serie, déi s de schonn ëmmer kucke wollts!

Du hues eng Serie, déi kee mat der kucke wëll, dech awer brennent interesséiert? Dann ass elo de Moment komm!

Ruff Kollegen un a verfänk se a philosophesch Diskussiounen!

Si freeë sech bestëmmt!

Du wollts schonn ëmmer eng Kéier mat engem iwwert Deismus oder dem kategoreschen Imperativ schwätzen?

Bréng der Jo-Jo-Tricke bäi

Villäicht kriss de jo e puer Stécker Mënz fir?

Wéi d’Fidget Spinner beléift gi sinn an direkt duerno erëm verschwonne sinn, huet een dat schonn duerchaus un d’Yoyoen erënnert. Domat kann een alt wéinstens cool Tricke maachen. Villäicht fills de dech dobäi och mi jonk/al?

Kuck en TED-Talk

Egal wat fir ee Sujet, et gëtt wahrscheinlech en TED-Talk driwwer. An du kanns dobäi eppes léieren!

Lauschter e Podcast

Et ginn immens vill Podcasten zu den ënnerschiddlechste Sujeten. Hues du schonn däi Liiblingspodcast entdeckt?

Denk der e Plot fir e spannend Buch aus

Dat heite kéints du sinn!

A schreif en der op! Wie weess, villäicht ass et e Bestseller? Et geet deen Ament awer leider net duer mat sech ausdenken, da misst de en och schreiwen!

 

Ähnlech Sujeten Ëffentlechen Transport, Lëtzebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel