Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Esch: Educatioun am Mëttelpunkt
Kultur Stories

dating site lavaplace

D’Escher Gemengerotssëtzung vum Freideg huet sech nieft engem wichtegen Devis

vanessa anne hudgens dating history
Kultur Stories

Den neie President vun der Gesondheetskeess – Christian Oberlé

Ab dem 1. November 2018 ass den Christian Oberlé den

Den Zousproch fir den alternative Liewensmëttelmaart ass grouss
Kultur Stories

Den Zousproch fir den alternative Liewensmëttelmaart ass grouss

Si haten agelueden a vill Leit sinn dann och komm.

Den Denis Scheck weist, wéi flott Buchkritike kënne sinn

Den Denis Scheck weist, wéi flott Buchkritike kënne sinn

Den Denis Scheck ass ënnert de Literaturkenner eng fest Gréisst. De Kritiker huet mat senger ARD-Sendung Druckfrisch e bemierkenswäert grousst Publikum. Op ënnerhalsam a spannend Aart a Weis bréngt hien de Leit Literatur mi no. Dofir muss en sech och mat der Bestseller-Lëscht auserneen setzen. Eppes, wat heiansdo richteg onangenehm ka sinn. An och mol wéi kann doen.

Am Kader vu Literatour – Dem Literaturfestival zu Beetebuerg – huet en dunn eng Live-Presentatioun gemaach. Wie schonn eng Kéier d’Freed hat, den Denis Scheck ze erliewen, weess, datt en och Live weess, säi Format perfekt duerch ze zéien. Ufänken deet e mat enger kuerzer Lëscht vu Bicher, déi esou schlecht oder skurril sinn, datt ee kaum gleeft, datt se iwwerhaapt tëscht zwee Buchdeckele geklaakt gi sinn. “How to shit in the woods” gehéiert wuel dozou an ass symbolesch fir all déi Ratgeber, déi Problemer behandelen, déi een net hat, iert een dat Buch gesäit.

Et goufe vill Genrë couvréiert, wat d’Saach nach méi interessant gemaach huet

Den Denis Scheck Live ze gesinn huet de Bonus, datt een seng Buchtipps aus éischter Hand kritt. Gutt, villes dovunner kennt ee schonn aus Druckfrisch, an awer huet en hei méi Zäit gehat op eenzel Bicher anzegoen. Flott war, datt en eng breet Palett u Genres ofgedeckt huet. Regionalkrimis, Science Fiction, Fantasy awer och déi typesch grouss Romaner an der däitscher Sprooch sinn do virkomm. Vue datt op der Frankfurter Buchmesse Frankräich Gaaschtland war, gouf et souguer e puer Recommandatioune fir Franséisch Literatur.

Fir de Literatour – Festival war et op alle Fall e Gewënn an et waren och vill Leit komm, fir sech den Denis Scheck unzekucken. Vue datt et jo genuch Bicher ginn, déi all Joer nei eraus kommen, si Kritiker grad ëmsou méi wäertvoll. Si déngen als e Guide duerch den Dschungel, an hëllefen duerchaus, den Duerchbléck ze behalen. Se eng Kéier direkt virun sech ze hunn ass do sécherlecht net falsch. Et däerf een dann och gespaant sinn, wat se sech zu Beetebuerg fir déi nächsten Editioun vum Festival alles afale loossen.

 

Ähnlech Sujeten Bicher, Denis Scheck, Lëtzebuerg, Literatur
Nächsten Artikel Virrechten Artikel