Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/

Klimawandel: Rekord fir eng Online-Petitioun bei eisen Nopere

Eng Online-Petitioun zur Ënnerstëtzung vun engem juristesche Recours géint de

https://moien.lu/christian-dating-websites-in-canada/
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/

paradox of choice online dating

Um Dënschdeg a Mëttwoch war eng Lëtzebuerger Delegatioun bei der

surprise
OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“
https://moien.lu/online-dating-is-hard-werken/

OGBL: „Déi drëtt industriell Revolutioun ass schonn um Holzwee“

Lëtzebuerg ass aktuell beméit sech der europäescher Direktiv 2016/279 unzehuelen,

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass „Grippenzäit“ denkt drun iech impfen ze loossen

Et ass Oktober an schonn an esou muncher Entreprise huet déi éischt Absence wéinst der Gripp ginn. An dëse Kontext passt déi nei Grippeimpfung-Campagne vum Gesondheetsministère. Laut dësem, wier den Zäitraum tëscht Oktober an November, dee beschte fir sech géint d‘Gripp impfen ze loossen. D‘Impfung, esou de Ministère, bleift de beschte Schutz géint „Komplikatiounen“.

Mat der Informatiounscampagne wëll de Gesondheetsministère de Public sensibiliséieren, an d‘Grippeimpfung fërderen. Dat méiglechst iert déi epidemesch Saison ugeet. Dofir gëtt et nieft den Affichen och Broschüren, déi besonnesch op d‘Impfung vun den „eelere“ Semester iwwer 65 Joer, medezinescht Personal a schwanger Fraen ofgestëmmt ass. D‘Impfung gëtt vun der CSS gedroen.

D‘Gripp soll een dann och net op déi liicht Schëller huelen, heescht et säitens dem Ministère, deen op schwéier Komplikatiounen hiweist. Esou ka sech aus enger Gripp eng Longenentzündung entwéckelen, déi bei fragiliséierte Persoune fatal Konsequenze mat sech brénge kann. Dofir gëtt besonnesch de Risikogruppen zu enger Impfung geroden.

Fir d‘Gesondheetsministesch Lydia Mutsch (LSAP) ass dës Mobiliséierung wichteg, well et eng vun de Méiglechkeeten ass, déi gréisst méiglech Unzuel u Persounen ze Schützen. Hei gëtt un dat medezinescht Personal geduecht, dat all Dag a Kontakt mat de fragiliséierte Persounen huet. Fir dës Beruffsbranche ass eng Impfung imminent wichteg, well se och de Patient schützt.

D‘Impfung eegent sech fir schwanger Fraen, a kann onofhängeg vun der Schwangerschaftswoch administréiert ginn. Zur Grippeimpfung gëtt dann och geroden, well doduerch datt si, déi schwanger Fraen sech schützen, gëtt och den eruwuessende Bëbee geschützt, dee vun dësen Antikierper bis zum sechste Mount vu sengem Liewe profitéiert. Esou zumindest de Gesondheetsministère…

Säitens dem Gesondheetsministère gëtt dann och vun dëser Campagne profitéiert, fir drun ze erënneren, datt et fir Leit iwwer 65 Joer an/oder erhéichtem Risiko, säit dem 1. September méiglech ass, sech géint d‘Longenentzündung duerch Pneumokokke impfen ze loossen. Och dës Impfung gëtt zu 100% vun der Gesondheetskeess rembourséiert.

Méi Informatiounen zur Grippeimpfung op: www.sante.lu an/oder www.grippe.lu

Ähnlech Sujeten Gesondheetsministère, Grippeimpfung, Imnpfen, Longenentzündung, Lydia Mutsch
Nächsten Artikel Virrechten Artikel