D’ULC zu de Bank- a Postfraisen an den zouene Filialen
Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung
Wéi net anescht ze erwaarde koum et ulässlech zur Unhéierung
E Méindeg huet de Schäfferot siwen nei Eefamilljenhaiser, déi als
Den Autofestival huet hei am Land en héije Stellewäert, wat
Den „neien“ deontologesche Kodex fir d‘Police ass op der Basis vun de Recommandatioune vum „Grupp vun de Staate géint d‘Korruptioun“ (GRECO) ausgeschafft ginn a wier net, wéi een dat vläicht géif unhuele redigéiert ginn, well d‘Police ee Vertrauensproblem mam Bierger hätt.
Et waren d‘Piraten, déi Asiicht an de genannten deontologesche Kodex wollten hunn, firwat de Minister François Bausch um Donneschdeg an der Kommissioun fir Verdeedegung a Bannesécherheet, dëse virgeluecht an erläutert huet. Ee vun den Objektiver vun dësem Kodex, ass et déi bestoend Wäerter vun der Police-Kultur ze stäerken.
Wéi et säitens der Chamber heescht, ass den deontologesche Kodex an zwou Partien opgedeelt an enthält 22 Artikelen, déi sech ronderëm d‘Mënschewierd, de Virrang vun den Dëngschtinteressen, d‘Integritéit, d‘Onparteilechkeet an dem Corps-Geescht a villes méi artikuléieren. Et sinn zudeem och eng Rei nei Saachen an den deontologesche Kodex opgeholl ginn.
Esou de Schutz vum Whistleblower deen en Dysfonctionnement an der Police géif mellen. Nei ass och, datt d‘Direktioun vun de Police all Joer soll en Thema aus dem deontologesche Kodex an déi berufflech Weiderbildung ophuelen. De Kodex applizéiert sech fir all d‘Agente vun der Police. Och d‘Zivilpersonal muss dëse Kodex, deen zanter Dezember agefouert ass, respektéieren.
Well de Minister schonn an der Kommissioun war, huet hie vun der Geleeënheet profitéiert, fir den Deputéierten unzekënnegen, datt hien och gedenkt en ähnlechen deontologesche Kodex fir d‘Arméi anzeféieren. Eng Informatioun déi laut der Chamber, vun den Deputéierte begréisst gi wier. Si wollte vum Minister dann awer och wëssen, wéi et ëm déi legal Grondlag vum Kodex bestallt ass.
Hei huet de François Bausch erkläert, datt et sech beim deontologesche Kodex méi ëm eng „ethesch Orientatioun“ handelt an déi ënnerschiddlech Theme scho vu bestoende Gesetzer encadréiert ginn. Wat den „neie Statut“ fir d‘Whistleblower betrëfft, esou hunn déi Deputéiert drop higewisen, datt een d‘Notioun vum Schutz fir Whistleblower an engem Gesetz misst festhalen.
An dësem Kontext kann een dann awer op d‘Justizministesch Sam Tanson verweisen, déi schonns annoncéiert hat, datt hire Ministère un engem entspriechenden Text schafft. Wéini dëse Gesetzprojet ka virgestallt ginn, gouf net weider diskutéiert. Et dierf een awer dovunner ausgoen, datt dat nach an dëser Legislaturperiod wäert passéieren…
Illustratioun: © Anastasia Zhenina / unsplash