Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Vum Zelt an de Schapp: Zirkus zu Lëtzebuerg
Neiegkeeten Sport

https://moien.lu/dating-a-younger-guy-jokes/

Um vergaangene Weekend hat Zaltimbanq Zirkus asbl seng Schüler, deenen

indian bride matchmaking
Neiegkeeten Sport

D’CFL ass offiziell an den éischten dräi Woche vun 2018 zimlech pünktlech gewiescht

Et steet een um Quai ze waarden. Et ass kal,

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt
Neiegkeeten Sport

UN-Riichter an der Tierkei veruertdeelt

Déi tierkesch Justiz huet ee Riichter vum MICT (Mechanism for

Der Ëmwelt wegen: Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad

Loosst ons all zesummen den 17. September vun der Gar zu Miersch an d‘Stad op e Knuedler rullen

Der Ëmwelt wegen: Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad

Am Kader vun der Promotioun vun der doucer Mobilitéit, och oder eppes méi extra fir déi „méi laang“ Distanzen, luet och dëst Joer déi Lëtzebuerger Vëlos-Initiativ (LVI) all Interesséierten an, mam Drotiesel ee flotten Dag ze erliewen

Wéi all Joer kann een esou am Kontext vun der europäescher Mobilitéitswoch, mat villen anere Cyclisten am Grupp, vun der Mierscher Gar via Lëntgen, Luerenzweiler, Walfer bis bei de Wëllem um Knuedler rullen. Et ass scho bal eng Traditioun ginn an et dierft et sécher net all Dag esou gutt Gelaunt op der Aarbecht ukommen.

Dofir notzt och dir d‘Geleeënheet, a schléisst iech un wann et de 17. September heescht: „Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad“. Loosst eis zesumme bei beschter Laun op d‘Schaff rullen an der ganzer Welt weisen, datt de Vëlo duerchaus seng Plaz am Alldag huet. Gefuer gëtt iwwer déi national Vëlosweeër an et si maximal 20 Kilometer.

Benotzt ginn d‘Vëlospistë PC1 a PC15: Den Depart ass um 6.45 Auer zu Miersch op der Gar, um 7.00 Auer op de Gar zu Lëntgen, dann um 7.15 Auer bei der „Nei Aarbecht“ zu Luerenzweiler, duerno um 7.35 Auer zu Walfer beim Prince Henri, fir dann um 8.15 Auer um Knuedler an der Stad unzekommen. Hei gëtt et da Kaffi a Croissanten.

Matmaachen ass natierlech Gratis an och tatsächlech gutt fir d‘Gesondheet. Méi zu dëser Aktioun a weideren interessanten Tier mam Vëlo fannt dir ënner www.lvi.lu

Foto: © LVI

Ähnlech Sujeten Douce Mobilitéit, Lëtzebuerger Vëlosinitiativ, LVI, Mobilitéit, Vëlo
Nächsten Artikel Virrechten Artikel