Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Der Ëmwelt wegen: Mam Vëlo vu Miersch an d‘Stad
iphone dating site Stories

dating 6 weeks after breakup

Am Kader vun der Promotioun vun der doucer Mobilitéit, och

creole dating sites
iphone dating site Stories

Buergermeeschter viru Geriicht wéinst Referendum

Gutt 40 Buergermeeschter aus Katalounien sinn opgefuerdert sech viru Geriicht

Streik bei Ryanair: et gi manner Flich gestrach wéi virgesinn
iphone dating site Stories

Streik bei Ryanair: et gi manner Flich gestrach wéi virgesinn

Muer Freideg, gi bei Ryanair 150 Flich gestrach. Grond, den

Der Groussherzogin hire stramme Kommando

De Rapport vum Jeannot Waringo läit um Dësch an zeechent ee schrecklecht Bild vum Maria Teresa

Der Groussherzogin hire stramme Kommando

Wann de Lëtzebuerger generell positiv dem Haff géinteniwwer agestallt ass, firwat d‘Exzesser an d‘Manéier vun der Groussherzogin eigentlech net a Fro gestallt ginn. Wann d‘Lëtzebuerger Press sech mat de grousse Schlagzeilen zréckhält an d‘Politik beméit ass den Deckel drop ze halen, esou schéngt et datt dem Jeannot Waringo säi Rapport eppes iwwerdäitlech ausgefale wäert.

Enn August hat de Premierminister Xavier Bettel de Jeannot Waringo als „spezielle Representant vun der Regierung am groussherzogleche Palais“ ernimmt, well d‘Maria Teresa et beim a mam Personal eppes iwwerdriwwen huet. Si huet an engem éischte Schratt dann ee puer Verflichtungen ofgeholl kritt an de fréieren Direkter vun der Finanzinspektioun krut den Optrag emol nozekucken.

Datt de konstruktiven Ëmgang mam Personal elo keng Dugend vun der Groussherzogin ass, dat ass kee Geheimnis an och de Groussherzog gëtt vun der Cheffin an der Gitt gehalen. Mee de Beholl vun der Groussherzogin geet d‘Regierung näischt un, firwat se Jeannot Waringo sech mat den ëmstriddene Personalkäschten ausenanerzesetzen hat, an en ëmfängleche Rapport erstelle sollt.

Et ass laang gutt gaangen

Wéi et schéngt, ass de Jeannot Waringo elo duerch mat sengem Audit, an – Lëtzebuerg ass en Duerf wou sech d‘Leit kennen – et dierf gefaart ginn, datt säi Rapport zu enger gréisserer Kris féiere kann. D‘Personal vun der groussherzoglecher Famill huet grouss Schwieregkeete mam Toun an Ëmgang. Stänneg muss no Mataarbechter gesicht ginn, a déi meescht lafen esou séier fort wéi se komm sinn.

Dat war och dem Alex Bodry – deen elo der Politik de Réck zougewennt huet fir säin Onwiesen am Staatsrot weiderzeféieren – eppes staarken Tubak, an hien hat sech sengerzäit „Gedanke gemaach“. Mëtt September hat de Sozialist notéiert, datt et um Haff u Maturitéit mangelt an et net virgesinn ass, esou wéi bei anere Staatsorganer üblech an d‘Regel ass, d‘Gestioun ze kontrolléieren.

Jo net emol de Rechnungshaff huet sech mat de Finanze vum Haff beschäftegt. Wann een elo d‘Groussherzogin net a Punkto „Beholl“ beléieren dierf, esou kann een awer den Domm op de Portmonni stäipen. Den Haff kritt eng Dotatioun an héicht vu ronn 11,1 Milliounen Euro (Budget) vun deenen 8 Milliounen Euro eleng fir Personalkäschten agesat ginn. Tendenz steigend…

Gewosst ass zudeem, datt ëmmer wann en héijere Posten um Haff nei besat muss ginn, et virdru fir de „Salarié“ eng agreabel Entschiedegung gëtt, firwat dësen dann och de Mond hale muss. Esou gëtt bei der Kënnegung vereenbaart, datt keng vun de „Parteien“ géintiwwer Drëtten iwwert deen aneren hierfält. Dat kann zuweilen och bis zur Erpressung goen, wéi et e Fall aus 2015 verdäitlecht.

Wann d‘Botzfra sech queesch stellt…

Nodeems d‘Maria Teresa et 2015 mat enger Botzfra eppes iwwerdriwwen hat an déi regelrecht vum Haff geflücht ass, huet d‘Groussherzogin misse léieren, datt d‘Zäite vun der feudaler Herrschaft eriwwer sinn, an och dat groussherzoglecht Salariat Rechter huet. D‘Madamm déi de Stull vun d‘Dier gestallt krut, huet du wësse gelooss, datt si ee Buch iwwert hir „Erfarunge“ schreiwe wëll.

E Buch an deem d‘Fra hir traumatesch Erliefnesser publizéieren an virum Aarbechtsgeriicht och nach d‘Entloossung ufechte wollt. D‘Groussherzogin hat sengerzäit behaapt, datt si sech näischt virzewerfen hätt, a ganz zouversiichtlech wier wat de Jugement ugeet. En Uerteel huet et ni ginn, dofir huet d‘Botzfra mat engem decke Scheck de Maulkuerf ëmgehaange kritt…

Et gouf also kee Buch a keng Revelatioune mat deenen de gudde Ruff vun der Groussherzogin hätt kënne beschiedegt ginn. Allerdéngs ass et net bei dëser Botzfra bliwwen an ëmmer ëfters si Geschichten no bausse gedrongen. Gutt déi meescht déi gaange sinn oder entlooss goufen hu kee Gedauschs gemaach, a leedeglech e puer wéineg Fäll si vun de Medien opgegraff ginn.

Woubäi wa Conseilleren a Pressespriecher ginn, bleift dat net ouni Repercussiounen an d‘Medie gräifen et op. Dann ass nees rieds vum schlechte Charakter, vum beleidegenden Toun géintiwwer de Mataarbechter an aneren Aussoen, déi sech awer kaum iwwerpréiwe loossen, firwat de Rôle vum Jeannot Waringo net banal ass. Seng Conclusioune mussen och dëse Volet mat abezéien.

…an de Marechalat den Alarm ausléist

Elo dierf een och nach drop hiweisen, datt eist Ländchen der Groussherzogin hir klengste Suerg ass, si wunnt eigentlech zu Paräis a kënnt nëmmen och Lëtzebuerg wann et sech net verhënnere léisst oder sech eng Geleeënheet bitt en gudden Androck ze hannerloossen. Bei Patronagë beispillsweis.

Dat bedéngt, datt dem Maria Teresa säi Personal ëmmer nees op Paräis pilgere muss, fir un de Reuniounen an/oder Berodungen deel ze huelen. Eng Vëlkerwanderung déi et net zum Nulltarif gëtt, an wéineg appreciéiert ass. Zudeem kascht et de Steierzueler e Verméigen. Gutt Lëtzebuerg ass elo keng Weltmetropol wéi déi franséisch Haaptstad, mee d‘Land ass och keng Republik.

Zudeem schéngt si hiert Engagement fir d‘Affer vu sexueller Gewalt a Konfliktsituatiounen – dat wuel lueflech ass – op d‘Käschte vun der Staatskeess, also nees dem Steierzueler, ze finanzéieren. Dat wier net richteg heescht et. An och soss knéckt d‘Maria Teresa net: Conseillere solle besser remuneréiert gi sinn, wéi beispillsweis de Premierminister. Wann een et net selwer bezuele muss…

Dat an nach villes méi huet immensen Drock op de Marechalat gemaach, firwat de Ball iwwert den Zonk an d‘Regierungslager gespillt ginn ass. De Xavier Bettel, erwisenermoossen net dee gréisste Fan vun der Monarchie, huet d‘Erausfuerderung ugeholl, an d‘Doleance vum Marechalat eescht geholl. No de Conclusioune vum Jeannot Waringo muss et elo zum Debat an der Chamber kommen.

Wier et net un der Zäit zréckzetrieden?

Esou eng Kris an der Monarchie schued wuel an éischter Linn dem Haff selwer, mee och eist Land mécht domatter kee gudden Androck um internationalen Niveau. Zu Paräis leeft d‘Maria Teresa och kaum Gefor vun der lokaler Press „emmerdéiert“ ze ginn a souwisou schwätzt d‘Groussherzogin léiwer mat enger hir gefälleger Press. An dëser erzielt si verwonnerlech Geschichten.

Am Héichglanzmagazin „Paris Match“ (Grupp Lagardère) huet si sech iwwert hire Statut beklot a festgestallt, datt een als Groussherzogin op seng Fräiheet verzichte muss a vill Affer brénge muss. Si déi elo säit véier Joerzéngte mam Groussherzog Henri bestued ass, wëll endlech festgestallt hunn, datt „de Courage ofzetrieden“, déi beschte Léisung ass. Mee wou kënnt dann de Goss hir?

An natierlech gesäit sech d‘Liewe vun de Monarchen aus der Distanz ëmmer u wéi e Mäerchen, mee och si mussen zuweilen d‘Box erofstrëppe wa si op d‘Toilette ginn. Firwat sollten och Monarche manner Suerge wéi d‘Bierger hunn, woubäi et natierlech ganz „aner“ Suerge sinn an een och nach gehalen ass, zu allem e léift Gesiicht an ee gudden Androck ze maachen.

Woubäi, ëmmer wa si kann, léisst si sech zu offiziellen Uläss entschëllegen, wat elo och net grad ee gutt Liicht op eise Groussherzog wërft. An e puer Woche soll dem Jeannot Waringo säi Rapport virleien an et schéngt net virgesinn, dësen un d‘Medie weiderzereechen. Op et zu Konsequenze kënnt, méiglecherweis esouguer en „Trounwiessel“ muss a betruecht gezu ginn, dat steet oppen.

Ähnlech Sujeten Audit, Groussherzogin Maria Teresa, Jeannot Waringo, Monarchie, Stresstest
Nächsten Artikel Virrechten Artikel