Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

The Tame and the Wild an der Brasserie K116
Neiegkeeten

The Tame and the Wild an der Brasserie K116

Um räichhaltege Programm vun der Brasserie K116 steet am Februar

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn
Neiegkeeten

Andorra an d’EU sinn sech eens ginn

Andorra an d’EU hunn e Freideg bekannt ginn, datt si

Demokratescht Prosten op een neit Joer!
Neiegkeeten

Demokratescht Prosten op een neit Joer!

Och d’DP huet et sech net entgoe gelooss, fir zesumme

An der Minettemetropole brauch et den Dialog mam Bierger

Laut déi lénk, sinn d‘Awunner vun Esch-Uelzecht net gutt op de Schäfferot ze spriechen

An der Minettemetropole brauch et den Dialog mam Bierger

Et leeft villes falsch an der Minettemetropole. D‘Bierger si verstëmmt bis veriergert, an dat ass net dem Wieder seng Schold. D‘Roserei déi den Escher am Gesiicht ofzeliesen ass, geet op de Kont vum Schäfferot, an senger Aart a Weis déi eigentlech bestoend participativ Demokratie ze ëmgoen.

Beim Pressepunkt vun déi lénk, ass dovunner rieds gaangen, datt sech déi Escher géife géint de Schäfferot mobiliséieren, well dësen iwwert d‘Käpp vun de Leit ewech Entscheedungen trëfft, déi vun den Awunner esou net gewollt sinn. Och op Säite vun der Kommunikatioun happert et zolidd, an de Marc Baum kann net anescht, wéi déi politesch Situatioun als „chaotesch“ ze ëmschreiwen.

„Hei ginn Entscheedunge getraff, ouni datt de Gemengerot am Virfeld informéiert gëtt“, esou de Marc Baum, deem et géint de Stréch geet, ëmmer alles vir d‘éischt aus de Medie gewuer ze ginn. Esou de Fait, datt zu Wobrécken am Kontext vun ënnerierdeschen Infrastrukturaarbechten, déi ganz Hecken a Beem erausgerappt goufen. 200 Meter um Blvd. Groussherzogin Charlotte verschandelt.

Gréngs datt als Sicht- a Schallschutz genotzt ginn ass, wieren engem Massaker zum Affer gefall, esou de Frank Jost. Dobäi ass et net emol den eigentlechen „Akt“ dee fir Ierger suergt. Et ass jo duerchaus méiglech, datt d‘Infrastrukturaarbechten esou eng Aktioun onëmgänglech maachen, mee da sollt een dat mat de betraffene Bierger diskutéieren, et esou erklären datt een et versteet.

PAP Neiduerf: de ganz normale Wahnsinn

Am Kontext vum Bau vun engem dräistäckegem Haus, datt sech vun Niklos-Strooss bis an d‘Neiduerf-Strooss erstreckt, an zousätzlech zwee Stäck an de Buedem gebaut soll ginn, wou ënnerierdesch Parkingen ageriicht ginn, ass et Laurent Biltgen, eng Bestandsopnam virzeleeën. Véier Haiser an eng Rei Garagen, geroden esou an de Schiet vun engem 13,5 Meter héijen Haus.

Bosseg, matten dran eng Parzell déi bewunnt gëtt, an déi de Proprietär net gedenkt hierzeginn. Déi Haiser déi ronderëm dëse Projet stinn, sinn al a mat Steng gebaut ginn (Klinker) déi net wëllen „duerchgerëselt ginn. Zudeem hunn d‘Haiser kaum Fundament, d‘Keller sinn deels immens niddreg. Hei besteet déi berechtegt Angscht, datt se wéinst den Aarbechte beschiedegt ginn.

An d‘Awunner vun der Niklos-Strooss, hunn nach ganz aner Suergen: dëst Haus géif ze no un der Strooss gebaut, d‘Sortie vum Parking wier schlecht geplangt, d‘Kanalisatioun net ausgeluecht fir déi zousätzlech Belaaschtung ze droen. Schonn elo ass et ganz oft esou, datt bei engem hefteger Schluet oder längere Reeperioden, d‘Kelleren an der Strooss ënner Waasser stinn.

Sécher wier, datt nieft all de genannte Problemer, och d‘Liewensqualitéit muss Ofstrécher a Kaf huelen. Wéinst der Héicht gëtt den Haiser d‘Sonneliicht entzunn, an och mat der Privatsphär, wann d‘Leit vum Balcon aus den direkten Abléck an d‘Stuff hunn, wier et net méi wäit hir. D‘Leit fillen sech eleng gelooss: „Si interesséiere sech net fir d‘Leit déi hannert der Bréck wunnen“ heescht et.

Mat de Bierger schwätze wier en Ufank

Fir e bessert Versteesdemech, muss ugefouert ginn, datt bei dësem PAP kee Prozedurfeeler virläit. Mee och hei sollen d‘Awunner vun der Gemeng keng Informatioun erhalen hunn, an vun enger Biergerversammlung – esou wéi dat vum virechte Schäfferot gemaach gouf – schéngt déi nei Equipp ronderëm de Buergermeeschter Georges Mischo (CSV) séier wéineg ze halen.

E Constat deen ëm esou méi Verwonnert, well den haidege Schäffe vir Stadentwécklung, Martin Kox (déi gréng) dat sengerzäit scho matgedroen huet. D‘Awunner hunn dunn e Bréif un déi Verantwortlech geriicht, an deem si gefuerdert hunn, de PAP net unzehuelen. Betraff sinn 18 Stéit, wat méiglecherweis vum Schäfferot net als „kritesch Mass“ ugesi gëtt. Och dat war emol anescht.

Beim Projet „Portal 1“ (dat ass bei der Stalingrad-Plaz), wou e risegen Tuerm soll erriicht ginn, ass d‘Situatioun ganz ähnlech. Um ale Site vun der Losch-Garage soll de Projet mat 3 Lotissementer entstoen. Am Mäerz 2015 war de Projet am Gemengerot virgestallt ginn. Wéinst dem Tuerm mat 19 Stäck, huet e Reklamatioune „gereent“ an den Dossier ass sech nach emol zu Gemitt gefouert ginn.

2017 gouf dunn en neie Projet virgestallt. Hei war den „Tuerm“ an zwee „Tiermercher“ gespléckt ginn, wat d‘Leit nees verséinlech gestëmmt huet. De PAP ass am Februar 2018, vum Gemengerot eestëmmeg ugeholl ginn. Am November 2018 awer, hat de Projet säin eenzegaartegen Tuerm nees, an de PAP läit bei der Inneministesch Taina Bofferding (LSAP) zur Ënnerschrëft vir.

Veriergert ass de Laurent Biltgen, wëll an dësem Zesummenhang, de Bauteschäffe Martin Kox näischt Besseres ze bidden huet wéi d‘Äntwert: „Mir sinn elo do wou mir sinn, an dee PAP muss elo gestëmmt ginn“. Dat wier eng zimlech eesäiteg Opfaassung vum demokratesche Prozess, fir net vun „hannerlëschtegem“ Verhalen ze schwätzen. Den Awunner jiddefalls gefält dat net…

Ariston: eng politesch Sprangprëssessioun?

Als „plat de résistance“ huet déi lénk dann den Dossier „Ariston“ op den Dësch geluecht. E Kino mat enger laanger Geschicht an e Gebai datt vum Denkmalschutz wëll klasséiert ginn. Den „ale“ Schäfferot hatt sengerzäit Interessi um Gebai ugemellt, wollt de Schapp kafe fir e multidisziplinäre Kulturzenter dran ze installéieren. Et hätt de „Kultur-Carré“ an de Stadzentrum opgewäert.

Verréckt mee net vun der Hand ze weisen, all d‘Parteien haten den Ariston als „Kulturzenter“ an hirem Wahlprogramm zu de Gemengewahle stoen. Esouguer am Koalitiounsaccord hat de Kino seng Plaz erhalen. Den 3. Dezember 2018 huet de Buergermeeschter du bekannt ginn, datt de Kaf vum Ariston fir de Schäfferot net méi a Fro kënnt. Vill ze Deier, a Kino gëtt iwwerbewäert…

Wéi de Schäfferot op Renovéierungskäschten an héicht vu 4 Milliounen Euro kënnt, gëtt esou erkläert: et wier eleng 1 Millioun néideg, fir de Buedem am Kinossall ze egaliséieren. Stellt sech fir de Marc Baum awer d‘Fro, firwat een esou eppes sollt maachen. Wann een éierlech wëll sinn, da sollt ee sech op déi tatsächlech Ausgabe konzentréieren, a kucke wou et Subside gëtt.

Ass de Kino bis klasséiert, da sollt et bis 75% Bäihëllef vum Staat ginn, firwat d‘Renovatioun der Gemeng eigentlech kee Lach an d‘Keess rappe sollt. Zudeem géif et e Widdersproch. Den Escher City Tourist Office fir 2,5 Milliounen Euro an en „halleft Haus“ plënneren, well dësen eng besser Visibilitéit an der Uelzecht-Strooss hätt (Gemengerotssëtzung vum 25. Januar) ass kee Problem.

E Kulturschäffe mat selektiver Amnesie

De Virworf, datt dat Geld wat elo fir de Tourist Office opgewannt ginn, eigentlech dem Ariston virbehale war, léisst sech net vun der Hand weisen. Interessant och: laut déi lénk, hätt de Pim Knaff (DP) deen d‘Mandat als Kulturschäffe bekleet, keng Iddi vun deem wat een am ale Kino kéint op d‘Bee stellen. Hie sollt emol a säin eegent Dokument kucken, do géif alles dra stoen…

Kee Versteesdemech huet déi lénk huet fir d‘Aussoen, déi am Kontext vun der Pressekonferenz vum 11. Februar gemaach goufen. Déi lénk dinn sech zudeem schwéier domatter, datt déi concernéiert Decideuren, am Fall vun engem regionale Kulturzentrum, et gäre geséichen, datt déi aner Gemengen och hire Bäitrag leeschten. Dat wier eng Première zu Lëtzebuerg…

Un Aktivitéiten déi am Ariston kéinte stattfanne feelt et zudeem net. Säit Joren ass rieds vun engem Jugendtheater, dee vun de jugendleche gefuerdert gëtt, et awer nach u Raimlechkeete feelt. De Raum um drëtte Stack kéint ee zudeem de Bierger fir Hochzäiten zur Verfügung stellen, an och de Bistro am Keller, wann deen am neie Glanz erschéngt, kéint vu Veräiner genotzt ginn.

Wat de Goss betrëfft, dee jo och Thema an dësem Dossier ass, esou wéist déi lénk drop hin, datt et Esch seelen esou gutt gaange wéi den Ament. Mat engem Budgetsiwwerschoss vu 60 Milliounen Euro, sollt – och wann et tatsächlech 4 Millioune géif Kaschten – de finanzielle Spillraum vun der Gemeng net duerch d‘Rehabilitatioun vu lokalem Patrimoine a Fro gestallt ginn.

E kuerze Fazit

Firwat et zum Broch mat der participativer Demokratie komm ass, a firwat de Bierger net méi zum Dialog ageluede gëtt, léisst sech vun dëser Säit net mat Sécherheet soen. Fakt ass, datt de Bierger säit dem „Changement“ net méi do ofgeholl gëtt wou hie steet, mee dëse scho muss zolidd op d‘Tromm schloen, wann hie wëll gehéiert ginn. Dat ass e Réckschrëtt, deen net zu Esch passt.

Bei esou aschneidende Projete wéi am Neiduerf oder dem Portal 1, geet et ëm de Respekt géintiwwer den Awunner. Hei sollt et wierklech zum Biergerdialog kommen, an oppen iwwert de Projet a sengem Ensembel geschwat, an den Doleancen, wann een hinnen net ka Rechnung droen, sollt wéinstens e valabelt Argument entgéintgesat ginn. Engem eppes virsetzen ass de falsche Wee.

Foto: (v.l.n.r.) Frank Jost, Line Wies, Marc Baum, Laurent Biltgen. © Martine de Lagardère/moien.lu

Ähnlech Sujeten Ariston, déi lénk, Esch-Uelzecht, Frank Jost, Georges Mischo, Laurent Biltgen, Line Wies, Marc Baum, Martin Kox, Minettemetropole, PAP Neiduerf, PAP Portal 1, Pim Knaff
Nächsten Artikel Virrechten Artikel