Search

You may also like

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn
Neiegkeeten

USA: Eng Enquête beschëllegt 300 Paschtéier pedophil ze sinn

Aus enger Enquête vum Procureur vu Pennsylvania, déi en Dënschdeg

dislike
Macron schonn am éischten Tour bestätegt
Neiegkeeten

Macron schonn am éischten Tour bestätegt

Ee Mount no sengem Anzuch an den Elysée, ass den

Scooter a Bedrängness
Neiegkeeten

Scooter a Bedrängness

Do denks de der näischt Schlechtes, an dann trëfft dech

An der Ribeschpont zu Diddeleng…

Esou eng zweet Schoulrentrée kuerz viru Joresofschloss ass eng Erausfuerderung, woubäi d‘Kanner erwisenermoosse besser domadder ëmginn, wéi dat vu ville kritesche Stëmme befiercht ginn ass

Datt dës am Kontext vun der duerch de Covid19 ausgeléiste Pandemie provozéiert „Reprise“ vum Unterrecht en Challenge war an nach ëmmer ass, dees sinn sech den Educatiounsminister Claude Meisch an all d‘Acteuren um Terrain bewosst. Entspriechend grouss ass d‘Opmierksamkeet déi dës zweet Schoulrentrée generéiert huet. D‘Knetzelen an d‘Krapperten si frou datt et nees weidergeet.

Beim Besuch mam Minister vun der Rentrée an engem Diddelenger Etablissement, konnten sech d‘Medien dovunner iwwerzeegen, datt d‘Kanner et éischter „labber“ uginn. Hei gouf et keen deem déi vill nei Reegele Kappzerbrieches bereet huet, wichteg war et endlech nees d‘Frënn dierfen erëmzegesinn an et huet der weesentlech méi ginn, déi sech op den Unterrecht selwer gefreet hunn.

Gutt d‘Presenz vum Minister Claude Meisch, dem Buergermeeschter Dan Biancalana an der Schäffin Josiane Di Bartolomeo hunn d‘Kanner eppes „beandrockt“. Et kritt ee jo och net all Dag vun engem Minister, begleet vun esou opmierksame wei virwëtzege Journalisten a stänneg am Bléck vun de ville Kameraen, Froe gestallt. Si haten awer op alles déi passend Äntwert parat.

D‘Josiane Di Bartolomeo, Schoulschäffin an der Gemeng Diddeleng, ass zefridde mam Oflaf. Vill Elteren hätten hir Kanner an der Koppel zu dëser zweeter, sécherlech och spannender Rentrée begleet a konnten sech esou iwwerzeegen, datt hir Butzen nach ëmmer an eng Schoul an net an „Educatiounslager“ ginn. An d‘Kanner hu sech entspriechend séier vun den Elteren emanzipéiert.

Diddeleng

© Martine de Lagardère/moien.lu

Et wier sécher berechtegt, datt sech Eltere Suergen a Gedanke gemaach hätten. Schliisslech wier et jo och net esou gewiescht, wéi wann ee sech déi net och gemaach hätt, esou déi engagéiert Lokalpolitikerin. Déi exzellent Zesummenaarbecht mat allen Acteuren, déi jo d‘Rentrée hu musse virbereeden, hätt dës Suerge séier verfléie gelooss. Dat hätt en den Eltere viraus gehat.

Einfach dat alles esou op d‘Been ze stellen, datt een de Kanner, den Elteren a jo och dem Personal gerecht konnt ginn, war et net. Dat et méiglecherweis nach deen een oder anere „Problem“ wäert gi wëll och keen ausschléissen, mee et wier een op esou zimmlech all Eventualitéite virbereet. Et gëllt d‘Zouversiicht, och oder vläicht grad wëll d‘Kanner wierklech ganz gutt mat der Situatioun ëmginn.

Richteg ass och, datt et op der Ribeschpont, vill Plaz huet an déi raimlech Opdeelung wuel ee vill manner grousse Problem ass, wéi an anere Schoulen uechtert d‘Land. Mee de Schlëssel zum Erfolleg, deen hunn d‘Kanner an der Hand. An, sollten sech déi iwwerall esou ze behuele gewosst hunn, wéi déi wou mir gëschter zu Diddeleng gesinn hunn, da war d‘Rentrée erfolleghräich.

Foto: Eigentlech ass alles eng Fro vun der Organisatioun. Déi Schoule wou sech gutt virbereet hunn konnten sech op den Accueil freeën, wéi dat um Beispill vun der Schoul zu Diddeleng-Ribeschpont beschtens demonstréiert ginn ass. © Martine de Lagardère/moien.lu

Related topics Covid19, Diddeleng, Knetzelen, Krapperten, Ribeschpont, Schoulrentree, Unterrecht
Next post Previous post