Search

You may also like

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg
Money Neiegkeeten

Chamber: Singapur ass méi kléng wéi Lëtzebuerg

Och am Kontext vun engem Partenariat mat dem demokrateschste vun

Een Trump fir ee besaten Territoire
Money Neiegkeeten

Een Trump fir ee besaten Territoire

Et huet een esou villes vum Donald Trump kritt: d‘Unerkennung

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)
Money Neiegkeeten

Spärung vum Tunnel Markusbierg wéinst Testzeenarien (25.10.2020)

D’Stroossebauverwaltung an de CGDIS, a Kollaboratioun mat der ITM an

money

Der STATEC hire Bléck op d‘Solden

Der STATEC hire Bléck op d‘Solden

De Verbraucherpräisindex ass am Juli géintiwwer dem Juni ëm 0,5% zeréckgaangen, esou de Constat vum nationale statisteschen Déngscht STATEC. Eng Baisse déi awer elo och net wierklech iwwerraschend kënnt, déi gëtt et un a fir sech all Summer, an ass hei haaptsächlech mat de Solden a Verbindung ze bréngen.

Wann een dann elo déi ganz Zuelen eppes „neutraliséiert“, also Solden a Pëtrolsproduiten aus der Rechnung eraushëlt, da stellt ee fest, datt d‘Präisser bei de Gidder an den Déngschtleeschtungen ëm 0,1% zougeholl hunn. Mat de Solden hunn eng ganz Rëtsch Wueren zolidd präislech d‘Läpper hänke gelooss. Dat gëllt ganz besonnesch fir d‘Textil- a Schongbranche wou d‘Präisser ëm bis zu 10,6% erofgaange sinn. Och bei de Bijoutieren an Auermécher läit d‘Baisse bei 4,3%.

Bei de Pëtrolspräisser gëtt dogéint eng Hausse, nodeems hei de Präis un der Pompel wärend dem Confinement deels dramatesch an de Keller gaange war. Am Juli hunn déi sech dann nees eppes erkritt: Bensin +3,9% – Diesel +4,3% – Mazout +10,5%. Kléngt esou, mam Bléck op déi dréchen Zuelen, no engem massive Sprong, ass et awer. D‘Baisse géintiwwer dem Virjoer läit bei -13,5%.

Interessant dann d‘Baisse bei de Liewensmëttel – am Verglach zum Juni – wou bei Uebst a Geméis d‘Präisser ëm 3,1% respektiv 5,4% agaange sinn. D‘Fleesch an d‘Gedrénks (ouni Alkohol) zitt mat +0,2% ganz liicht un. Géintiwwer 2019 ginn d‘Liewensmëttel awer weider méi deier (+2,3%). Dat gesot bleift den Inflatiounstaux eenegermoosse Stabil: am Juni +0,7% – an Juli +0,9%. Esou kann ee festhalen, datt zum Stand op haut, d‘Lag fir d‘Konsumente weiderhinn iwwersiichtlech bleift.

Illustratioun: © Markus Spiske / unsplash

Related topics Inflatioun, Statec, Verbraucherpräisindex
Next post Previous post