Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.
Kultur Neiegkeeten

Rockgittarist Joseph „Joe“ Satriani feiert seng 61.

De 15. Juli zu Westbury (Long Island, NY) gebuer, huet

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift
Kultur Neiegkeeten

E Fënneftel vun de Lëtzebuerger fëmmt a virun allem bei de Jonken ass den Tubak beléift

Laut enger Ëmfro vun der Fondation Cancer fëmmen 21% vun

Katar-Kris: Wéi eng Positioun huet Lëtzebuerg?
Kultur Neiegkeeten

Katar-Kris: Wéi eng Positioun huet Lëtzebuerg?

D’Katar-Kris suergt och zu Lëtzebuerg fir Onrou. De Laurent Mosar

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt

Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft trëfft den Zwangsrekrutéierten Emil Perrard aus Veianen no wochelaanger Flucht aus der russescher Krichsgefaangeschaft doheem bei senger Fra Marie-Rose a sengem Jong Tony an. Hie weess allerdéngs net, datt säi Bouf virun zwee Joer als dout erkläert gouf a seng Fra mëttlerweil ee Frënd huet, vun dem si schwanger ass.

„Der Tote in der Staumauer“ ass eng fiktiv a gefillsvoll erzielte Geschicht vun engem Mann, den a seng Heemescht zeréck kënnt, als Leutnant an der nei gegrënnter Lëtzebuerger Arméi zu Bitburg an Neuerburg war a spéider als Kommissär vun der Kriminalpolice zu Dikrech geschafft huet.

Säi spektakuläerste Fall war den Iwwerfall vun enger Verbriechergrupp op ee Geldtransporter vun enger Bank zu Gréiwemaacher, wou et beim Opdeele vum Geld zum Sträit tëscht de Membere koum. Puer Deeg duerno gëtt d’Laich vun engem Verbriecher am nach frësche Beton vun der Staumauer zu Esch-Sauer fonnt. Mee wou sinn d’Suen hikomm, déi beim Iwwerfall geklaut gi sinn?

D’Buch ass eng spannend Mëschung aus Drama, Léift a Krimi. Domat fesselt et bis zum leschte Wuert. D’Geschicht op 372 Säite kascht 24,00 €. Weider Informatioune fannt Dir HEI.

Copyright © Editions Schortgen, All Rechter virbehalen.

Ähnlech Sujeten Buch, Der Tote in der Staumauer, Edmond Schmitt, Esch-Sauer, Lëtzebuerg, Verbriechen
Nächsten Artikel Virrechten Artikel