„Der Tote in der Staumauer“ vum Edmond Schmitt
Et ass de Summer 1945. Um Enn vu senge Kräft trëfft den Zwangsrekrutéierten Emil Perrard aus Veianen no wochelaanger Flucht aus der russescher Krichsgefaangeschaft doheem bei senger Fra Marie-Rose a sengem Jong Tony an. Hie weess allerdéngs net, datt säi Bouf virun zwee Joer als dout erkläert gouf a seng Fra mëttlerweil ee Frënd huet, vun dem si schwanger ass.
„Der Tote in der Staumauer“ ass eng fiktiv a gefillsvoll erzielte Geschicht vun engem Mann, den a seng Heemescht zeréck kënnt, als Leutnant an der nei gegrënnter Lëtzebuerger Arméi zu Bitburg an Neuerburg war a spéider als Kommissär vun der Kriminalpolice zu Dikrech geschafft huet.
Säi spektakuläerste Fall war den Iwwerfall vun enger Verbriechergrupp op ee Geldtransporter vun enger Bank zu Gréiwemaacher, wou et beim Opdeele vum Geld zum Sträit tëscht de Membere koum. Puer Deeg duerno gëtt d’Laich vun engem Verbriecher am nach frësche Beton vun der Staumauer zu Esch-Sauer fonnt. Mee wou sinn d’Suen hikomm, déi beim Iwwerfall geklaut gi sinn?
D’Buch ass eng spannend Mëschung aus Drama, Léift a Krimi. Domat fesselt et bis zum leschte Wuert. D’Geschicht op 372 Säite kascht 24,00 €. Weider Informatioune fannt Dir HEI.
Copyright © Editions Schortgen, All Rechter virbehalen.