Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Lëtzebuerger Kino am Trauer: den Nick Rollinger ass dout!
online dating nottingham free dating website online

stfu dating

Am jonken Alter vu 57 Joer ass de Lëtzebuerger Produzent

under 18 dating law
online dating nottingham free dating website online

Immigratioun: de Jean Asselborn ergräift Positioun

Nom Pressecommuniqué vun der consultativer Kommissioun vun de Mënscherechter (CCDH),

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!
online dating nottingham free dating website online

150 Joer Philharmonie Dikrech – Wat eng musikalesch Geschicht!

Gëschter Owend war de Vernissage fir „150 Joer Philharmonie Municipale

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

„Roc“ absolvéiert Testfluch iwwer kalifornescher Mojave-Wüst

Der Welt gréisste Fliger geet an d‘Lëft

De Fliger vun der Firma „Stratolaunch“ mat der droleger Bezeechnung „Roc“ ass fir säin éischten Testfluch an d‘Lëft gaangen. Iwwert der kalifornescher Mojave-Wüst ass dee bis ewell gréisste Fliger vun der Welt op Häerz a Nieren iwwerpréift ginn. De Fluch vu gutt 180 Minutte konnt ouni Problemer oder Tëschefäll zur Zefriddenheet vun den Ingenieuren ofgeschloss ginn.

Sënn an Zweck vun esou engem Fliger? Den US-Hiersteller Stratolaunch wëll de „Roc“ an der Zukunft als Alternativ „Ofschossbasis“ fir Trägerrakéiten zur Erfuerschung vum Weltraum notzen. De Plang? Wann et Stratolaunch nogeet, solle bis zu dräi Trägerrakéiten um Fliger festgemaach ginn, déi dann ab enger Héicht vun 10 Kilometer an de Weltraum ofgeschoss ginn.

Eng Variant déi vill Virdeeler bidde géif, esou d‘Vertrieder vu Stratolaunch. Beim Start vu Rakéiten an 10.000 Meter Héicht, muss manner Kraaft opgewannt gi fir d‘Schwéierkraaft vun der Äerd ze iwwerwannen, wat net nëmme Ressource spuert mee Rakéitestarts och nach wiesentlech méi bëlleg mécht. Zudeem huet et de groussen Avantage, datt e Start net méi ganz esou wiederofhängeg ass.

Lancéiert gouf de Projet „Roc“ sengerzäit vum Paul Allen, de fréiere Microsoft-Matbegrënner deen am Oktober 2018 verstuerwen ass. D‘Constructioun vun dësem „enorme Vull“ ass am Optrag vun der Entreprise „Stratolaunch Systems Cooperations“. De Fliger selwer besteet aus zwee Fuselagen, huet sechs Motoren a kënnt op eng Fligelspanwäit vun 117 Meter a ka bis 226 Tonnen „hiewen“.

Fliger

De Boss vu Stratolaunch, Jean Floyd, huet nom erfollegräichen Testfluch seng Freed an d‘Welt eraus getwittert. De Projet ass gelongen. De Fliger, benannt no engem risege Vull aus der arabescher Fabelwelt huet säin éischte Belaaschtungstest bei enger Héchstgeschwindegkeet vu ronn 300 Km/H, an enger Fluchhéicht vun 5.000 Meter, mat Bravour gemeeschtert kritt.

No der Landung beim Pressebriefing, huet d‘Jody Allen, Verwaltungsrotmember vu Vulcan Inc. Un de Paul Allen erënnert: „Mir wëssen alleguerten datt de Paul houfreg gewiescht wier, Zeie vun dësem historesche Moment ze sinn. (…) De Fliger ass eng remarkabel Ingenieursleeschtung an mir felicitéieren all déi, wou sech dem Projet verschriwwen an zum Erfolleg gefouert hunn“.

mat indymedia/lax

Foto: © Stratolaunch

Ähnlech Sujeten Paul Allen, Roc, Stratolaunch, Weltraumfuerschung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel