Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen
Neiegkeeten Sport

Biergerdialog a Wahlkampf: „fléissend“ Grenzen

Steierflucht, Ekologie a Migratioun: dat waren e puer vun de

geek
Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz
Neiegkeeten Sport

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt
Neiegkeeten Sport

Marseille: Haiser briechen zesummen, d‘Roserei klëmmt

„Hei ass et d‘Hell“, „Leit stierwe fir näischt“: Zu Marseille

Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër

Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
© Nathalie Meier-Hottua
Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
© Nathalie Meier-Hottua
Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
© Nathalie Meier-Hottua
Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
© Nathalie Meier-Hottua
Désastréis Zoustänn vun de Lëtzebuerger Vëlosweeër
© Nathalie Meier-Hottua

Fir nach eenegermoosse schnell duerch d’Lëtzebuerger Stad ze kommen, entscheeden sech ëmmer méi Leit fir de Vëlo als Fortbeweegungsmëttel. Datt een am Endeffekt op sengem Tour iwwert déi markéiert Vëlosweeër wuertwiertlech nëmme Steng an d’Féiss geluecht kritt, geet villen Notzer vum Drotiesel kräfteg op d’Nerven.

Viru kuerzem huet d’Nathalie Meier-Hottua sech iwwert Facebook an der eegen Internetsäit iwwert d’Zoustänn vun de Vëlosweeër an der Haaptstad beschwéiert a schwätzt domat sécherlech sou munche Leit direkt aus der Séil. Vergaangenen Dezember huet déi motivéiert Fra mat hirem Kach- a Fachbuch zum Thema Paleo op sech opmierksam gemaach. Hei goung et allerdéngs net nëmmen ëm d’Iessen, mee och dorëm, am Alldag kierperlech aktiv ze sinn. Am einfachste geet dat, wann ee sech mam Vëlo fortbeweegt, wat d’Nathalie selwer och an all méiglecher Situatioun mëscht. Wann dat Wuert „méiglech“ net wier…

Et KÉINT esou einfach sinn…

Den Drotiesel gëllt als ekologescht Verkéiersmëttel, woubäi een natierlech och vum Stau an dem Park-Problem verschount soll ginn. A sengem Artikel zu den Zoustänn vun de Weeër fir d’Vëloen erkläert d’Nathalie, datt et nees un der Zäit ass, datt d’Foussgänger an Autosfuerer léieren „mat Respekt a gesondem Mënscheverstand mat der zousätzlecher Alternativ am Stroosseverkéier ëmzegoen.“

Dobäi gëtt hatt selwer fir säi Choix, sech op zwee, amplaz op véier Rieder, duerch d’Stad ze beweege souguer an der Ëffentlechkeet mat domme Kommentare konfrontéiert. Mam Saz „Klamm vun dengem blöde Vëlo erof“ huet ee Mann déi eigentlech frëndlech Fra a Rage bruecht. Wärend dem Här seng Fra mat Verständnis de Wee fir d’Cyclistin fräi maache wollt, war de Mann anscheinend éischter a Pöbellaun. „Mam „Vëlo à la main“ wier ech ganz genee sou lues an ongeféierlech ënnerwee gewiescht, hätt just nieft dem Vëlo duebel esou vill Plaz ewech geholl“, sou d’Nathalie.

Seng Roserei äussert hatt elo iwwert d’Social Media Plattformen an Artikelen. Och un d’Stad Lëtzebuerg huet si sech, zesumme mat hirem genau esou fir de Vëlo passionéierte Mann, scho gewand. Hei hat d’Koppel sech zur Situatioun tëscht Vëlo a Bus geäussert. Zeréck koum just eng hallefhäerzeg Excuse fir d’Verhale vun de Busser.

Ähnlech Sujeten Nathalie Meier-Hottua, Paleo, Stad Lëtzebuerg, VDL, Vëlosweeër, Verkéier
Nächsten Artikel Virrechten Artikel