Dëse Kantons-Quiz entféiert dech an den déiwe Süden!
- Sven Wohl
Wéi gutt kenns du de Kanton Esch-Uelzecht
Wéi gutt kenns du de Kanton Esch-Uelzecht
Question 1 of 10.
Wéi héich ass den neie Waassertuerm an der Gemeng Leideleng?
1. 58 Meter
2. 50 Meter
3. 48 Meter
Question 2 of 10.
Wéi eng Stad ass déi zweetgréisst am Kanton Esch-Uelzecht?
1. Rëmeleng
2. Déifferdeng
3. Diddeleng
D'Gemeng Déifferdeng ass mat mat iwwer 25.000 Awunner déi drëttgréisste Stad am Land. Diddeleng kënnt op iwwer 20.000 Awunner, Rëmeleng op iwwert 5.000 Awunner (Stand: 2017)
Question 3 of 10.
A wéi enger Gemeng ass de Mäerchepark ze fannen?
1. Esch-Uelzecht
2. Beetebuerg
3. Rëmeleng
De Mäerchepark Beetebuerg (am Volleksmond och gären Beetebuerger Park genannt) gouf 1956 opgemaach.
Question 4 of 10.
Wéini krut Rëmeleng den Stadtitel?
1. 1907
2. 1856
3. 1917
De 4. August 1907 krut Rëmeleng den Titel vun der Stad.
Question 5 of 10.
A wéi enger Gemeng kann een d'Haus vun der Natur fannen?
1. Leideleng
2. Réiser
3. Monnerech
Question 6 of 10.
Wat ass haut an der aler Schongfabrick zu Téiteng ze fannen?
1. E Musée
2. E Kino
3. E Kulturzenter
De Kulturzenter gouf 1990 ageweit
Question 7 of 10.
Wéi eng vun dëse Gemengen ass vun der Fläch hier am klengsten?
1. Monnerech
2. Leideleng
3. Péiteng
Péiteng ass mat grad emol 12 Quadratkilometer eng vun de klengste Gemengen am Land.
Question 8 of 10.
Aus wéi engem Joerhonnert staamt d'Suessemer Schlass?
1. 15. Joerhonnert
2. 13. Joerhonnert
3. 11. Joerhonnert
Question 9 of 10.
1907 ass Diddeleng per Gesetz zur Stad erhuewe ginn. Gläichzäiteg sinn domat Dierfer deel vun dëser Stad ginn. Wéi eng waren dat?
1. Helleng an Näerzeng
2. Bireng a Butschebuerg
3. Keel a Téiteng
Haut si Bireng a Butschebuerg Sektioune vun der Stad Diddeleng.
Question 10 of 10.
Wat fënnt een um Kaaschtel tëscht Munneref an Altwis?
1. E Monument
2. Eng Kapell
3. Eng al Réimervilla
Wéi gutt kenns du de Kanton Esch-Uelzecht
De Kanton Esch-Uelzecht ass vun der Populatioun hier dee gréissten. Dowéinst verwonnert et net, datt een hei och di meeschte Stied fënnt. Mee wéi gutt kenns du dech mam Kanton aus?
Foto: Vum Zinneke at lb.wikipedia – Transferred from lb.wikipedia; transferred to Commons by User:LimoWreck using CommonsHelper., CC BY-SA 3.0,