Dëse Lëtzebuergesch-Quiz ass näischt fir Ufänger!

Dëse Lëtzebuergesch Quiz ass näischt fir Ufänger!


Dëse Lëtzebuergesch Quiz ass näischt fir Ufänger!

Question 1 of 15.

Fir en Accord ze kréien, muss ee fir d‘éischt déi heite maachen…

1. Kompromësser
2. Kompromesser
3. Compromesser

Kompromësser ass richteg

Question 2 of 15.

Kee ka mech...

1. forcéieren
2. forsséieren
3. forceieren

forcéieren ass richteg

Question 3 of 15.

Mee dofir brauchs du eng…

1. Geneemegung
2. Geneehmegung
3. Genehmejung

Geneemegung ass richteg. Alternativ ass och Genehmegung akzeptéiert, mee generell gi laang Vokaler duerch hir Verduebelung gekennzeechent

Question 4 of 15.

Léierpersonal

1. Falsch
2. Richteg

Léierpersonal ass richteg

Question 5 of 15.

Eis Infrastruktur misst méi … ausgeluecht ginn

1. grenziwwergräifend
2. grentziwwergräifend
3. grenziwwergreifend

grenziwwergräifend ass richteg

Question 6 of 15.

Dat doten ass awer zimlech...

1. aalmodesch
2. almoudesch
3. almodesch

almoudesch ass richteg

Question 7 of 15.

An Däitschland ass een elo endlech dozou komm

1. Koalitiounsaccord
2. Koalistiounsakkord
3. Coalitiounsaccord

Koalitiounsaccord ass richteg

Question 8 of 15.

Elo mol en neimoudescht Wuert: Geoblocking. Mee ass et da richteg geschriwwen?

1. Jo
2. Nee

Geoblocking bezeechent d‘Ofgrenze vun engem digitalen oder physeschen Inhalt um Internet op Basis vun Nationalitéit vum Notzer.

Question 9 of 15.

An der Industriezon gouf et e...

1. Groussbrant
2. Groussbrand
3. Grousbrannt

Groussbrand ass richteg

Question 10 of 15.

Eis Gare mussen och fir … liicht zougänglech sinn

1. Rollstullfuerer
2. Rollstullfuhrer
3. Rollstullfuehrer

Rollstullfuerer ass richteg

Question 11 of 15.

Mir mussen d‘Gare aus … evakuéieren

1. Secherheetsgrënn
2. Sécherheetsgrënn
3. Sëcherheetsgrenn

Sécherheetsgrënn ass richteg

Question 12 of 15.

Hal mat eis...

1. Recksprooch
2. Récksprooch
3. Récksproch

Récksprooch ass richteg

Question 13 of 15.

Dekontaminéieren

1. Falsch
2. Richteg

Dekontaminéieren ass richteg geschriwwen

Question 14 of 15.

Strieven

1. Richteg
2. Falsch

Richteg wier „Striewen“

Question 15 of 15.

Den Ëmgang mat Medien muss jidderee léieren. Et ass eng Saach vun der...

1. Mehdiekompetenz
2. Medienkompetenz
3. Mediekompetenz

Mediekompetenz ass richteg

Next question 1 of 15

All 15 questions completed!


Share results:

Dëse Lëtzebuergesch Quiz ass näischt fir Ufänger!

Dës Woch hu mer eis d’Zäit geholl, an d’Noriichten duerchgelies. Dobäi sinn eis eng ganz Rëtsch u Wierder opgefall, déi net sou einfach ze schreiwe sinn. Wann s du gutt opgepasst hues a vill Noriichte gelies hues, da misst du mat eisem Quiz jo wierklech kee Problem hunn, oder?