Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes
Kultur Neiegkeeten

Teheran stäipt sech géint all Ännerung vum Nuklearofkommes

Um Samschdeg huet den Iran bestätegt, keng Ännerungen um Nuklearofkommes,

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?
Kultur Neiegkeeten

Flashmob géint sexuell Gewalt – wéi ass et gelaf?

Am Kader vun der Konferenz, déi am Kampf géint sexuell

geek
Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz
Kultur Neiegkeeten

Lëtzebuerg beschléisst Partenariat mat NVIDIA fir kënschtlech Intelligenz

E Mëttwoch 30. Januar, huet déi Lëtzebuerger wëssenschaftlech Communautéit, d‘Regierung

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Loscht op aalt Geschir? Da kommt op den Dag vun den „ale Karosserien“

Wat iech dëse Sonndeg am Minettpark gebuede gëtt

Dëse Sonndeg 28. Juli fënnt am Minettpark zu Déifferdeng déi 6. Editioun vun der „Journée de la vieille Carosserie“ statt. Bei der Editioun vun 2018 haten sech net manner wéi 130 Gefierer um Site vum Fonds-de-Gras afonnt, a fir entspriechend begeeschtert Blécker gesuergt. Den historesche Kader bitt sech jo ech ganz besonnesch fir esou en Evenement un.

Dat besonnescht un dësem Treffe vun den ale Karosserien: et handelt sech exklusiv ëm Gefierer déi virun 1970 gebaut goufen. D‘Participante kommen aus der ganzer Groussregioun (an deels och vu méi wäit) a sinn de ville Froen déi engem esou an de Sënn kommen opgeschloss. Fir Iessen a Gedrénks ass natierlech gesuergt, an och soss ass jo hei eng méi lass.

Minettpark

© Martine de Lagardère (2017)

D‘Organisateuren an d‘Ëmwelt géifen sech zolidd doriwwer freeë wann d‘Leit den ëffentlechen Transport géif benotze fir op d‘Plaz ze kommen. Dat geet via d‘Gar vu Péiteng (an der Strooss vun Nidderkuer mat gratis Parking) mam „Train 1900“. Deen ass jo generell eng gutt Optioun fir an de Fonds-de-Gras ze kommen. A besonnesch de Krapperten ass et eng Freed.

Fir déi musikalesch Animatioun suergen zwou Bands: „Blue Swinging Dixie“ a „Kantri Klapp“.

Foto: © Martine de Lagardère (2017)

Ähnlech Sujeten Déifferdeng, Fonds-de-Gras, Journée de la vieille carosserie, Minettpark, Train 1900
Nächsten Artikel Virrechten Artikel