Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier
Neiegkeeten Stories

Tunesesch Küstewaach fëscht 72 Läichen aus dem Mëttelmier

Viru gutt enger Woch war schonn emol eng Nossschuel virun

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris
Neiegkeeten Stories

Pissblummen, Salzdeeg an d’Welt – Ënnerhalung wärend der Kris

Gëschter hu mir eis laang an der Sonn ameséiert, ma

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €
Neiegkeeten Stories

Äerdbiewen an Albanien: Lëtzebuerg hëlleft mat 100.000 €

Nom Äerdbiewen an Albanien um vergaangenen Dënschdeg sinn ronn 900

Desserto – Den Ersatz fir Lieder aus … Cactus?

Desserto – Den Ersatz fir Lieder aus … Cactus?

En ëmweltbewosst Denken ass hautdesdaags bal déi wichtegst Viraussetzung, wann een eng Iddi grouss maache wëll. An dësem Sënn produzéieren zwee Mexikaner elo veganen, ëmweltschounenden a laangliewe Lieder aus där Planz, déi a Massen an hirer Heemecht ze fannen ass: Cactus.

Wärend den Adrian an der Autoindustrie mat Lieder geschafft huet, war de Marte am Beräich Bekleedung mam Material vertraut. Alle béid hu si de Problem erkannt, datt d’Fashion-Industrie d’Ëmwelt enorm belaascht. Net nëmme gëtt beispillsweis bei Koulieder en Déier ëmbruecht, dat fir ze liewen schonn immens vill Waasserbraucht, CO2 a Methan ausstéisst. Uschléissend gëtt d’Lieder nach mat Waasser an toxesche Chemikalien, wéi Chrom, traitéiert.

Ma, och d’Alternativ mam falsche Lieder ass keng Alternativ. Oft besteet dëst nämlech aus Plastik. A genee dat Material verknascht a belaascht Ëmwelt an Natur jo och.

DESSERTO

© DESSERTO

D’Léisung war direkt virun hirer Nues

Déi kreativ Käpp wollten e Lieder erschafen, dat manner Leed fir d’Déieren duerstellt an och ëmweltfrëndlech ass. A wéi eng Planz fält wuel an engem Land wéi Mexiko besonnesch op? De Cactus, dee vun Natur aus net vill Waasser benéidegt an immens fleegeliicht ass! Donieft iwwerlieft déi pickeg Planz waarm a kal Temperaturen a regeneréiert sech schnell.

No 2 Joer haten den Adrien an de Marte den Dréi eraus an hu mat hirer Visioun d’Firma DESSERTO gegrënnt. Op hirer Farm ginn all 6 bis 8 Méint déi zeideg Blieder ofgeschnidden. Op de Felder ginn dofir nëmmen heemesch Zorten ugeplanzt, déi hiren Deel zur Biodiversitéit, Microflora a Microfauna bäidroen.

DESSERTO

© DESSERTO

Keng Angscht, un de Schnëttplazen entstinn nei Blieder. Uschléissend ginn d’Blieder gewäsch, püréiert an dann 3 Deeg dréchne gelooss. Nodeems d’Mass seng Fiichtegkeet verluer huet gëtt dës mat net-toxesche Chemikalien – dat muss scheinbar awer nach sinn – behandelt.

Elo muss een d’Material just nach an déi gewënschte Faarf a Form transforméieren. D’Entreprise iwwerzeegt domat, datt hire Cactus-Lieder vegan, organesch a biologesch ofbaubar ass. D’Material hält bis zu 10 Joer, ass flexibel, fierft net of an ass och nach ootmungsaktiv. Dobäi kascht hire Lieder net méi, wéi dat bekannte Lieder vum Déier.

DESSERTO

© DESSERTO

Eng Zukunft esou gréng, wéi de Cactus?

Aktuell produzéiert DESSERTO säi Lieder fir domadder Poschen, Schong a Jacketten hierzestellen. De Firme-Grënner hir Visioun geet awer esou wäit, datt si hir Iddi an alle Beräicher – vun der Automobilindustrie, iwwert de Miwwelsecteur bis hin zur Moud – abrénge wëllen.

Dat géif net nëmmen der Ëmwelt, mee och der Wirtschaft Virdeeler bréngen. Wat si hiert Netzwierk méi ausbauen, wat och weider Aarbechtsplaze geschaaft kënne ginn. Vum Déier zum Cactus, dorop muss een emol kommen. An esou hoffen den Adrian an de Marte d’Zukunft e Stéck méi gréng gestalten ze kënnen.

Ähnlech Sujeten Adrian a Marte, Cactus, Chemikalien, CO2, Desserto, Ëmweltschutz, Kou, Lieder, Methan, Mexiko, Nohaltegkeet
Nächsten Artikel Virrechten Artikel