Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf
International Money Neiegkeeten

Chamberwahlen 2018: Déi „grouss“ gënnen sech en Ofkommes fir de Wahlkampf

Fënnef vun den aacht Parteien, déi bei de Chamberwahlen am

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik
International Money Neiegkeeten

Coronavirus: Italien liicht alarméiert, Südkorea kuerz viru Panik

Aus Sécherheetsgrënn huet déi italienesch Regierung beschloss, déi am stäerkste

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!
International Money Neiegkeeten

What the Fakt – D’Micky Maus feiert haut Gebuertsdag!

Um 18. November 1928 war d’Gebuertsstonn vun der bekanntster Figur

money

D’EU kënnegt nei Investissementer a Verträg mat Kuba un

D’EU kënnegt nei Investissementer a Verträg mat Kuba un

Déi europäesch Ausseministesch Frederica Mogherini huet um Donneschdeg matgedeelt, datt et mat Kuba nei Investissementer a Verträg gëtt. Mesuren déi sech am Kader vun der politescher Transitioun vun der Insel erginn hunn. D’EU wier deemno gewëllt Kuba bei sengem „Wandel“ ze begleeden.

„Mir hunn e neit Kapitel an eise Relatiounen opgeschloen a wënschen eis méi Investissementer an eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht mat Kuba“, huet d’Frederica Mogherini en Donneschdeg, no enger Visite vun zwee Deeg zu Havana deklaréiert. Et ass awer och op e neits ënnerstrach ginn, datt d’Lag vun de Mënscherechter zu Kuba fir Bréissel e wichtege Sujet bleift.

„Ech denken, datt eisen Dialog extrem nëtzlech ass, och wann eis Positiounen nach wäit ausenaner leien an ënnerschiddlech sinn“, esou d’EU-Ausseministesch.

Am Courant vun der Visite, déi am Zeeche vum historeschen Accord vum „politeschen Dialog an der Zesummenaarbecht“ stoung, deen am Dezember 2016. Vertriederin vun der EU huet dann och nach emol bestätegt, datt et der EU en Häerzenswonsch ass, déi politesch Transitioun vun der Insel ze begleeden.

Den aktuelle President vu Kuba, de Raoul Castro, mat deem sech d’Frederica Mogherini ënnerhalen huet, gëtt säi Mandat den 19. Abrëll of. Säi Nofolger soll aus der „neier“ Generatioun kommen, eng Première zanter 1959.

Eng laangfristeg Partnerschaft

Um wirtschaftlechen Niveau huet d’Frederica Mogherini bekannt ginn, datt d’EU 2017 den éischte Wirtschaftspartner op der Insel ass. Bis dohinner war d’EU den éischten auslänneschen Investisseur. An et leeft, wann ee sech de Bilan 2016 ukuckt, gutt. An deem Joer waren net manner wéi 2.4 Milliarden US-Dollar zu Kuba investéiert ginn.

Et gëtt wuel nach Hürden, mee d’EU-Länner sinn déi éischt wirtschaftlech Partner. D’Entwécklung wier gutt an et gëtt sech erhofft, datt dat mat dem neien Accord – deen zanter November a Kraaft ass – och esou weider geet.

Mam Minister fir Aussewirtschaft, Rodrigo Malmierca, huet d’EU-Ausseministesch dann och nach no neie Piste gesicht, déi zu weideren Investissementer op Kuba kéinte féieren. An deem Sënn sinn dann och dräi Kooperatiounsaccorde fir 49 Milliounen Euro ënnerschriwwe ginn. 18 Millioune fir de Secteur vun den erneierbaren Energien, 21 Millioune sollen der Landwirtschaft zoukommen a déi lescht 10 Millioune ginn an d’Kultur.

Den 28 Februar trëfft sech de gemeinsame Rot tëscht der EU a Kuba, fir d’Ofkomme weider ze entwéckelen. Schonn Enn Januar soll eng Delegatioun vun der europäescher Bank fir Investissementer (BEI) op Kuba reesen, fir déi verschidden Accorden „ze studéieren“. Et ass een hei dann awer ganz zouversiichtlech, datt alles säi Wee geet.

Foto: D’Frederica Mogherini (l) zesumme mam kubaneschen Ausseminister Bruno Rodriguez. © Alejandro Ernesto/pool/AFP

Ähnlech Sujeten Europa, Frederica Mogherini, Kuba, Raoul Castro
Nächsten Artikel Virrechten Artikel