Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nationalfeierdag 2019: Invitatioun zur 3. Editioun vum Arméisfest!
lucknow dating sites

Nationalfeierdag 2019: Invitatioun zur 3. Editioun vum Arméisfest!

Um Sonndeg, den 23. Juni luet d’Lëtzebuerger Arméi op déi

long distance dating dos and don'ts
lucknow dating sites

Iwwer 50 Journaliste sinn 2018 ëmbruecht ginn

No Reporter ouni Grenzen (RSF), huet och de Comité zum

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or
lucknow dating sites

Haart ëmkämpft: De Cochonnet um Tournoi vun der Boule d‘Or

Mat engem flotten, oppenen Turnéier am „Tête a Tête“, huet

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

D‘EU-Wahlen op Lëtzebuerg reduzéiert

Lëtzebuerg ass e proeuropäescht Land an dat huet wéineg mat der Wahlflicht ze dinn. Mir sinn dem europäesche Projet traditionell verflicht, an och wa mir am Europaparlament eng Minoritéit sinn, esou ass et bis ewell ëmmer gelongen an der EU, déi eng oder aner Schlësselpositioun anzehuelen.

Wat d‘Wahlen ugeet, esou ass den Ausgang esou Spannend wéi d‘Campagne, dat awer mat enger Ausnam. Déi chrëschtlech-sozial Vollekspartei (CSV) ka wuel zwee vu sengen dräi Mandater an déi nei Legislaturperiod retten, béisst awer dofir 16,5% beim Resultat an. Esou kann d‘DP sech op der éischter Plaz presentéieren a gräift sech der CSV hiert verluere Mandat. Wann d‘Sozialisten (LSAP) hiert Mandat verdeedegt hunn, esou konnten déi gréng (+3,9%) hiert bestätegen.

Gewënner

An engem éischte Fazit kann ee festhalen, datt d‘Demokraten – déi iwwregens nëmme mat engem politesche Schwéiergewiicht Campagne gefouert hunn – hir Strategie am beschten ëmgesat hunn. Si kommen op 21,44% (+6,67%) a schécken esou, nieft dem Charles Goerens dann elo och d‘Monica Semedo an d‘EU-Parlament. Iwwregens huet de Charles Goerens déi meescht Eenzelstëmme krut.

Nach e Gewënner: „déi gréng“. D‘Ekologiste – déi vun der aktueller Stëmmung am zesummenhang mat Klimawandel an Schüleropstand profitéieren – krazen un de 19% (+3,9) wat esou just net duer geet fir en zweet Mandat. D‘Tilly Metz dierf, an dat sollt besonnesch de lénke Parteifligel freeën, also eng weider Legislaturperiod am EU-Parlament siegéieren. Si sinn déi eigentlech Gewënner…

Wa se elo net wierklech gewonnen hunn, esou muss een d‘Pirate fairerweis zu de Gewënner zielen, och wann et hinnen dës Kéier nach net gelongen ass sech e Mandat ze kropen. Mat 7,7% (+3,5) hu si e fantastescht Resultat erziilt, a wier et no de Chamberwahlen net zum internen Dissens komm (VOLT) hätt et wuel nach besser kënne lafen. Mee Wahlkampf ass kee Wonschconcert soen se.

Lëtzebuerg

Looser

De grousse „Looser“ op nationalem Plang ass d‘CSV. Si kann sech wuel nach als „Vollekspartei“ behaapten, mee dierft mat den erreechten 21,1% (-16,5) net zefridde sinn. Flott dann awer datt de Christian Hansen an d‘Isabel Wiseler e Mandat zougestane kruten. Fir de Frank Engel heescht et elo awer sech seriéis hannert d‘Erneierung vun der Partei ze setzen. Déi aktuell Tendenz ass ongesond.

Bei de Sozialisten dierft een net frou sinn sech op der Lëscht vun der Verléierer erëmzefannen, vu datt si sech ëm 0,4% op 12,2% verbessert hunn. Si konnten awer weder d‘Resultat vun 2014 nach déi eegen Uspréch bestätegen. Datt dem fréieren Aarbechtsminister Nicolas Schmit säi Wonsch no „Europa“ an Erfëllung gaangen ass, dierft dann och deen eenzegen Trouscht fir d‘LSAP sinn.

Chancen hatt déi lénk – realistesch betruecht – net wierklech an 4,8% (-0,9) spigelen net wierklech hir Positioun an der Gesellschaft zréck. D‘Kommunisten hunn nach ëmmer hir Wieler, mee hu bei den EU-Wahlen nëmme Symbolcharakter. Interessant: déi paneuropäesch VOLT kënnt op 2,11% wat fir eng éischt Participatioun „ok“ ass. Déi Konservativ si vun den déi Konservativ gewielt ginn.

Ähnlech Sujeten adr, Chrëschtlech sozial Vollekspartei, déi gréng, déi Konservativ, déi lénk, Demokratesch Partei, EU-Wahlen, KPL, LSAP, Piraten, VOLT
Nächsten Artikel Virrechten Artikel