Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag
san diego dating site

What the Fakt: Internationalen „Gëff dengem Vëlo een Numm“ Dag

Nom kuriose Feierdag, wou een sengem Auto een Numm sollt

https://moien.lu/speed-dating-bozeman-montana/
san diego dating site

https://moien.lu/dating-catch-22/

Ee Mann aus der hollännescher Stad Leiden soll ee Kand

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!
san diego dating site

What the Fakt – Eng traureg Séil mat vill Sensibilitéit an Humor!

Bekannt als US-amerikanesche Schauspiller konnt de Robin Williams virun allem

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘EU wëll kuerzfristeg eng Reunioun mat Washington

D‘europäesch Kommissioun huet zu Washington ugefrot fir kuerzfristeg eng Entrevue kënne ze kréien, nodeems d‘amerikanesch Autoritéiten ee méigleche Verbuet vun den Computer u Bord vun de Fliger aus Europa ugekënnegt hunn.

Déi europäesch Exekutiv ass besuergt iwwert esou eng eesäiteg Entscheedung a wëll datt dës Reunioune esouwuel op techneschem Niveau, wei och politeschem Niveau ofgehale ginn. Dat fir nei Mesuren a punkto Sécherheet am Fluchverkéier ze beschwätzen a wéi dës sollen kënnen ëmgesat ginn.

Ee Spriecher vun der Kommissioun dee vun AFP zu Bréissel op dësen Dossier ugeschwat ginn ass huet bestätegt, datt d‘Kommissäre Dimitris Avramopoulos a Violeta Bulc, respektiv chargéiert vun den internen Ugeleeënheete an dem Transport, hiren amerikaneschen Homologen ee Bréif geschéckt hätten. „D‘USA an d‘EU blécken op eng laang a gutt Zesummenaarbecht an der Sécherheet zeréck, besonnesch am Domaine vun der Fluchsécherheet“, an dëse Courrier zielt dorops hin „dës Zesummenaarbecht weiderzeféieren an eng gemeinsam Äntwert op déi gedeelte Menacen ze fannen“, präziséiert de Spriecher ouni an den Detail vum benannte Bréif ze goen.

Ee Spriecher vum amerikanesche Ministère hat schonns en Dënschdeg ugedeit, datt d‘Autoritéiten wëlles hätten d‘Computer u Bord vun de Fliger aus Europa kommend ze verbidden. Mat dëser Mesure géif eng bestoend Uweisung ausgedehnt ginn, déi aktuell schonn fir Flich aus verschidde Länner vun Afrika, Noen- a Mëttleren Osten. Hien huet präziséiert, datt de Ministère fir Bannesécherheet dës Mesure wéinst der Summervakanz envisagéiert. Déi entspriechend Autoritéite wieren och informéiert ginn.

Schonn am Mäerz hat Washington de Passagéier vun den Direktflich Richtung USA verbueden de Computer, d‘Tablett an aner elektronesch Apparater déi méi grouss sinn wéi den Handy, mat an de Fliger ze huelen. Betraff vun dëser Mesure sinn d‘Tierkei, Egypten, Marokko, Qatar, Kuwait, Vereenegt Emirater, Saudi-Arabien a Jordanien. Groussbritannien hat sech dëser Mesure direkt ugeschloss an d‘Mesure fir Flich aus der Tierkei, Libanon, Jordanien, Saudi-Arabien, Egypten an Tunesien ëmgesat.

Dës Entscheedung, déi d‘Passagéier zwéngt dës Apparater an hire Wallissen ënnerzebréngen, ass opkomm nodeems Experte vun der Antiterrorbekämpfung ugefouert haten, datt et Projete vun dschihadistesche Gruppéierunge géif ginn déi dorops schléisse loossen dat se Bommen kéinte bauen déi ausgesinn géife wéi Batterien vun den ugeschwaten Apparater.

Via AFP

Ähnlech Sujeten EU, Europa, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel