Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

money
ULC: Landeswäiten Erhalt an Ausweidung vu Geldautomaten
10 ways to know if you are dating a sociopath hook up water heater

are we even dating meme

A jéngster Vergaangenheet krut de Konsumenteschutz (ULC) ëmmer méi Reklamatiounen

https://moien.lu/dating-alte-menschen/
10 ways to know if you are dating a sociopath hook up water heater

Hurrikan Dorian iwwerfält d‘Bahamas

Wéi vun den Autoritéiten ugemellt ass den Hurrikan Dorian e

Eng Sozial Visioun fir Europa
10 ways to know if you are dating a sociopath hook up water heater

Eng Sozial Visioun fir Europa

Viru kuerzem hat den „SPD-Europa-Ortsverein Luxemburg“ an d‘LSAP-Fraktioun zu enger

D‘Europaparlament an de Brexit

D‘Europaparlament an de Brexit

A 15 Deeg ass et esouwäit, dat sinn d‘Brite baussent der Unioun an nach ass net gewosst wéi et da soll weidergoen. An enger Resolutioun huet d‘Europaparlament elo gefuerdert, datt d‘Rechter vun den EU-Bierger bei de Gespréicher am Virdergrond stoe mussen.

Stroossbuerg huet also London an enger Resolutioun opgefuerdert, den EU-Bierger nom Austrëtt entspriechend Fräizügegkeet zouzesécheren. Déi meescht EU-Deputéiert hunn déi zougehéiereg Resolutioun ugeholl an all déi grouss Fraktiounen hunn dat ënnerstëtzt. Um Enn huet ass den Text mat 610 Stëmme géint 29 Ugeholl ginn. E kloren Optrag och wann den Text net verflichtend ass.

Als Europäer an deem Land schaffen dierfe wou ee Wëll, gëtt nach ëmmer als eng vun de Saile vum europäesche Bannemaart betruecht, firwat d‘Biergerrechter bei de kommende Verhandlunge mat de Briten zu den zukünftege Bezéiungen, ee vun den Diskussiounspunkte wäerte sinn. Et soll jo keen ënnert dem Brexit leiden, esou den David McAllister, Virsëtzende vum Auswäertegen Ausschoss.

Wann de BoJo a seng Regierung et op eng Zesummenaarbecht mam EU-Bannemaart ofgesinn huet, wäert si déi entspriechend Reegele wuel mussen unhuelen, esou d‘Positioun vu Stroossbuerg. An déi zu London mussen sech begannen: 31. Januar Austrëtt, 31. Dezember Enn vun der Transitioun. Esoulaang bleift fir d‘Europäer a Groussbritannien nach alles beim „alen“… an duerno?

Et géif ee gäre mee et kann een net

Geet et dem Boris Johnson no, da gëtt d‘Awanderung aus der EU begrenzt. Him sinn déi sëllechen Handwierker aus dem Balkan en Dar am A, mee och generell wëll net méi um fräien Zougang zum briteschen Aarbechtsmaart fir d‘EU-Bierger festgehale ginn. Dat war schliisslech och eent vun den Argumenter, mat deem bei der Campagne zum Austrëtt un de „Patriotismus“ appelléiert ginn ass.

Woubäi déi Europäer – et solle ronn 3,2 Millioune Persoune sinn – wou schonn op der Insel Fouss gefaasst hunn, laut dem Brexit-Accord keng Angscht ëm hiert Openthaltsrecht mussen hunn. Dat gëllt natierlech och fir déi 1,2 Millioune britesch „Expats“ déi sech an der EU néiergelooss hunn. Et ass awer wichteg ze wëssen, datt et eenzeg ëm d‘Openthaltsrecht geet.

Bei enger eppes mouvementéierter Debatt en Dënschdeg, hat et vill Kritik dorunner ginn, datt déi meeschten EU-Bierger nach guer net wéissten, wat alles op si duerkënnt wann de Brexit bis Realitéit ginn ass. D‘Cheffin vun der EU-Kommissioun huet verséchert, datt Bréissel de Respekt vun de Verträg zum Austrëtt genee géif am A behalen, an datt ee verstéiss net géif toleréieren.

Déi britesch Regierung sollt allerdéngs och wéineg Interessi hunn, säin zukünftegen Handelspartner ze veriergeren, firwat et weder kuerz- nach mëttelfristeg fir d‘EU-Bierger a Groussbritannien zu gréissere Changementer kënnt. Woubäi och denkbar ass, datt déi wirtschaftlech Folge vum Brexit fir d‘EU-Bierger op der Insel, e Retour an den europäesche Schouss nees sënnvoll maachen.

mat indymedia/sxb/bru

Foto: © Alexandra Phillips / Brexit Party (MEP)

Ähnlech Sujeten Austrëtt, Bannemaart, Biergerrechter, Brexit, EU-Parlament
Nächsten Artikel Virrechten Artikel