Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Juan Guaido als Iwwergangspresident vum Venezuela bestätegt
https://moien.lu/funny-dating-spoof/ Neiegkeeten

https://moien.lu/shinko-hookup-pro-tire-pressure/

Am Venezuela ass den Oppositiounsleader Juan Guaido op en Neits

https://moien.lu/39-year-old-woman-dating-28-year-old-man/
https://moien.lu/funny-dating-spoof/ Neiegkeeten

Déi 25. Editioun vum POST-Laf steet un

Si ass déi weltwäit schéinste Course déi all Joers vun

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy
https://moien.lu/funny-dating-spoof/ Neiegkeeten

Schueberfouer 2019: Vun der Alpina Bahn bis zum Lämmy

E Freideg geet se nees lass: eng weider Editioun vun

DEUX (Film) – De Passage tëscht a vun der Léift

DEUX (Film) – De Passage tëscht a vun der Léift

Et muss een net an d’Norm passen. Et muss een net am Alter seng Dreem opginn. An et muss een sech och zu kengem Zäitpunkt virun a mat senge Gefiller verstoppen. De Film DEUX, oder och Two of Us (EN), vum Filippo Meneghetti beweist mat déiwen Emotiounen an engem spezielle Charakter, datt zwou Persounen, déi enee verfall sinn, iergendwann hire Wee zesumme fannen. Dobäi kann een tragesche Virfall an déi domat verbonnen Angscht sech ze verléieren, vläicht den Ustouss zum grousse Gléck ginn.

D’Nina an d’Madeleine, alle béid schonn an der Pensioun, deelen ee gemeinsamt Geheimnis: Hir Léift zoueneen. D’Famill géif et net verstoen, an esou probéiere si d’Bild oprecht ze halen, datt et sech bei hirer Relatioun ëm eng immens kollegial Frëndschaft ënnert Noperen handelt. Wärend hirem Alldag observéiert een, wéi d’Diere vun den zwee Appartementer op der leschter Etage vum Gebai opginn, fir d’Nopesch ze empfänken, sief et als einfach Frëndin wann d’Kanner zu Besuch sinn, oder awer als Partner mat enger laanger gemeinsamer Vergaangenheet vun där kee Bescheed weess.

Wärend d’Mado säi Liewe geuerdent hale, sech no baussen hin der Norm upassen an hire Kanner d’Bild vun der elengstoender Mamm oprecht hale wëll, kann d’Nina, eng Éisträicherin ouni Verflichtungen, d’Verstoppspill net méi laang erdroen. Den Drock steigt, fir d’Léift och an der Ëffentlechkeet weisen ze dierfen. Ee grousse Changement kënnt awer eréischt duerch een dramatesche Virfall, duerch deen d’Nina seng grouss a laangjäreg Léift ze verléieren dreet.

Häerzblutt an all Sequenz

Jo, dem Filippo Meneghetti säi Film behandelt eng speziell, an awer och iergendwéi bekannte Geschicht. Reegelméisseg freet ee sech, wisou eeler Leit hir Dreem net méi liewen sollten, wisou een och hautdesdaags gläichgeschlechtlech Léift net no baussen droe kann a wisou fir eis Gesellschaft eeler Leit a Päiperleken am Bauch net esou richteg zesumme passe wëllen, obwuel jo jiddwereen ee Rescht op säi Gléck huet.

Den Norditalienesche Realisateur huet dobäi bewosst op Musek verzicht, dofir awer eigentlech onscheinbar Geräischer däitlech an de Virdergrond gesat, fir esou d’Intensitéit vun der Geschicht ze stäerken. D’Kombinatioun aus de staarke visuellen an akusteschen Aspekter léist de Spectateur vollkommen an den Emotioune vun de Protagoniste versenken, wouduerch een DEUX als ee Film vun der bëssen anerer Zort, dofir awer als absolut kuckenswäert Wierk bezeechne kann. Zënter dem 5. Februar 2020 kann een d’Geschicht vum Nina a Mado an de Lëtzebuerger Kinoen erliewen.

DEUX

DEUX ass eng Koproduktioun vu Paprika Films (Frankräich), Tarantula Luxembourg an Artémis Productions (Belsch). Den éischte Spillfilm vum Filippo Meneghetti gëtt ënnert anerem ënnerstëtzt vun CNC, Occitanie Films an dem Filmfund Luxembourg. Een éischten Erfolleg huet DEUX um Toronto International Film Festival erlieft, ier et dunn op eng international Tour gaangen ass. Ma elo kann och Lëtzebuerg DEUX op nationalem Terrain presentéieren.

Opmaacherbild: © TIFF

Ähnlech Sujeten Artémis Productions, Barbara Sukowa, DEUX, Filippo Meneghetti, Film, Filmfund, Kino, Léa Drucker, Léift, Martine Chevallier, Paprika Films, Tarantula, Toronto International Film Festival, Two Of Us
Nächsten Artikel Virrechten Artikel