Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

D‘Wahlcampagne näipt sech dem Enn zou
speaking activity speed dating Kultur https://moien.lu/speed-dating-math/

lavender dating site

Op de leschte „Meter“ virun de Chamberwahlen, mécht d‘Jugendsektioun vun

zingle dating
speaking activity speed dating Kultur https://moien.lu/speed-dating-math/

De Label „EureWelcome“ fir 18 engagéiert Acteuren

Haut de Moien huet den Tourismusminister Lex Delles 18 Plaquettë

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn
speaking activity speed dating Kultur https://moien.lu/speed-dating-math/

De Stress mam Busverkéier um Kierchbierg soll manner ginn

Wéi et aus dem Nohaltegkeetsministère heescht, ass ee sech de

Lëtzebuerger Spillfilm DEUX um Internationale Filmfestival zu Toronto

Lëtzebuerger Spillfilm DEUX um Internationale Filmfestival zu Toronto

Wéi Tarantula Luxembourg freedeg matdeelt ass dem Filippo Meneghetti säi Film DEUX an der offizieller Selektioun vum Toronto International Film Festival (TIFF) sinn.

DEUX ass eng Koproduktioun vu Paprika Film aus Frankräich, Tarantula Luxembourg an Artémis Productions aus der Belsch. Den éischte Spillfilm vum italienesche Realisateur gouf ënnerstëtzt vum CNC, der Région Occitanie an dem Lëtzebuerger Fong zur Ënnerstëtzung vun audiovisuelle Produktiounen. Den internationale Verkaf vum Film gëtt geréiert vun Doc & Film International.

De Realisateur mat norditalienesche Wuerzelen huet seng Karriär zu New York gestart. An der Metropol huet hien am onofhängege Circuit vum Kino geschafft. No sengen Etüden am Beräich Film an Anthropologie zu Roum huet de Filippo Meneghetti beim Spillfilm Imago Mortis (2009) kollaboréiert. Parallel huet hien als éischten Assistent wärend e puer Joer geschafft.

Aus eegener Fieder ass 2011 de Kuerzfilm Undici (a Corealisatioun mam Piero Tomaselli) an 2012 L’intruso entstanen. Op zuelräichen italieneschen an internationale Festivaller sinn d’Wierker selektionéiert an belount ginn. Nodeems dem Filippo säin éischte franséische Kuerzfilm La bête erauskoum, ass schliisslech den éischte Spillfilm DEUX gebuer ginn. Zu Lëtzebuerg soll de Film iwwregens Ufank 2020 erauskommen.

D’Handlung vun DEUX

D’Nina an d’Madeleine sinn zwou eeler Fraen, déi eng déif Léift zoueneen verspieren. An den Ae vun allen Anere sinn si just einfach Nopeschen déi op der leschter Etage vum Gebai wunnen. Am normalen Alldag verleeft hiert Liewen an enger, vun den zwou Wunnengen.

Iwwert eng Passerelle treffen déi zwee Universen openeen: Op der enger Säit steet déi opmierksam Groussmamm Madeleine (Martine Chevallier), där hiert Liewe Struktur huet an déi reegelméisseg Besuch vun hirem Meedchen Anne (Léa Drucker) kritt. Op der anerer Säit steet d’Nina (Barbara Sukowa) eng Éisträicherin, déi lues a lues d’Verstopp-Spill vun hirer Léift net méi aushält. Ee Virfall mëscht, datt hir Dieren bemol zouginn.

Ähnlech Sujeten DEUX, Filippo Meneghetti, Internationale Filmfestival Toronto, Tarantula, TIFF
Nächsten Artikel Virrechten Artikel