Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang
Neiegkeeten

Loutrengen: Zivilcourage mat déidlechem Ausgang

D‘Diagnose fir e Mann vun 29 Joer, deem mat engem

Vatikan: Mëssbrauchsaffer schwätze vun engem Fiasko
Neiegkeeten

Vatikan: Mëssbrauchsaffer schwätze vun engem Fiasko

De Poopst hat seng Leit zu engem Sommet iwwert de

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt
Neiegkeeten

Black Widow: deen heemlechen deen aus der Däischtert kënnt

De Black Widow vun der Steeseler Stuff Brauerei, ass esou

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout

D‘Associatioun „Mäi Wëllen, Mäi Wee“ begréisst d‘Existenz vum Recht op e wierdegen Dout

D‘Gesetz zur „Euthanasie an der Bäihëllef zum Suizid“ ass de 16. Mäerz zéng Joer al ginn, an d‘Associatioun fir d‘Recht op e wierdegen Dout Lëtzebuerg – Mäi Wëllen, Mäi Wee“ (MWMW) notzt d‘Geleeënheet, fir d‘Existenz vun dësem Gesetz ze begréissen.

An dësem Kontext gëtt drun erënnert, datt d‘Euthanasie definéiert geet als „Akt, duerchgefouert vun engem Dokter, deen absichtlech d‘Liewensenn vun engem Mënsch erbäiféiert, op déi express a fräiwëlleg Demande vun dësem“. Ënnert „Bäihëllef zum Suizid“ versteet d‘Gesetz: „de Fait datt en Dokter eng Persoun aktiv bei hirem Suizid begleet, oder enger anere Persoun d‘Mëttel zu dësem Zweck besuergt“.

Béid Praktiken huet et laang virum Gesetz scho ginn, mee d‘Dokteren déi esou agéiert hunn, waren ëmmer nees Sanktiounen am Penal wéi am Civil ausgesat. Mam Gesetz ass et den Dokteren elo méiglech bei enger Erwuessener Persoun, déi sech an „enger hoffnungsloser medezinescher Lag befënnt“ an där „hiren Zoustand physesch oder psychesch, stänneg an onerdréiglech ass, ouni dat et Perspektive fir eng Verbesserung gëtt, wann d‘Ursaach pathologesch oder duerch en Onfall entstanen ass“ zur Hëllef ze kommen, ouni sech juristesche Suitten ausgesat ze gesinn.

Dat ass déi juristesch Komponent. Vill méi wichteg awer, et erlaabt deene Mënschen déi sech an enger ausweeloser medezinescher Situatioun befënnt, esou wéi uewe beschriwwen, a fir déi och d‘Palliativmedezin keen ersiichtlechen Notze bréngt, mat Würd dem Dout ze begéinen, an dat mam Bäistand vu qualifizéierte Persounen. D‘Gesetz dréit zudeem och nach derzou bäi, datt vun der Liewensverlängerung ëm all Präis, oder dem Recours zum Suizid, Ofstand geholl gëtt.

Nach net d‘Norm

D‘Associatioun stellt fest, datt dëst Gesetz e wichtege Schratt an d‘Richtung vun der eegener Verantwortung an d‘Recht ob déi eegen Entscheedung déi all Mënsch soll hunn, duerstellt. Et soll jidderengem deen dem Liewensenn entgéinttrëtt, zougänglech sinn. Mat dësem Gesetz huet sech Lëtzebuerg awer och ënnert de „Pionéier“ an dësem Kontext ervirgedoen. Bedauert gëtt vun der Associatioun, datt d‘Gesetz nach net an der Mëtt vun eiser Gesellschaft ukomm ass.

Begrënne léisst et sech un ënnerschiddleche Facteuren. Zum enge gëtt et massive Widderstand aus de medezineschen a paramedezinesche Milieuen. Déi refuséieren den Akt net nëmmen aus reliéisen, etheschen oder anere Grënn, wat hiert absolut Recht ass. Mee si ginn esouwäit hin, bis zum Fait d‘Gesetz oder déi therapeutesch Optioun ze ignoréieren. Et ass dann och nach esou, datt et hei esouwäit geet datt Mënschen déi drop hiweisen, oppen diskriminéiert ginn.

Do kann ee scho frou si festzestellen, datt de Widderstand an der Politik, an déi ideologesch Schluechten tëscht de „Pro“ an de „Kontra“ – och wann déi net gänzlech verschwonne sinn – endlech agedämmt goufen. D‘Associatioun ass allerdéngs och weiderhin doriwwer veriergert, datt et en erhiefleche Mangel u Formatioun innerhalb de betraffene Beruffer gëtt, wat verhënnert datt d‘Mënschen eng propper a verständlech Informatioun erhalen.

Dësen „Informatiounsdefizit“ muss och beim grousse Public bedauert ginn, deem beispillsweis net oder seele bekannt ass, datt eng essentiell Konditioun fir de Wëlle vum Patient, deem et net méi méiglech ass sech selwer auszedrécken (Koma, oder soss eng Incapacitéit), ze respektéieren déi ass, datt et en Dokument „Disposition de fin de vie“ gëtt, dee beim Gesondheetsministère hannerluecht muss ginn (National Kommissioun fir d‘Kontroll an d‘Evaluatioun vum Gesetz).

Hei läit dann awer och villes am Uergen. Vill Demande kënnen net berécksiichtegt ginn, well et net méiglech war am Delai anzereechen. Dat „zwéngt“ d‘Associatioun zur Behaaptung, datt d‘Gesetz wuel gestëmmt an ugeholl ginn ass, mee an der Praxi keng Uwennung fënnt. An dësem Kontext muss d‘Associatioun vum 10 Gebuertsdag vum Gesetz profitéieren, fir d‘Politiker an d‘Acteuren am medezinesche wéi paramedezinesche Secteur, nees drun ze erënneren datt et dat gëtt.

Si fuerderen dann och net manner wéi:

  • eng Nomenklatura fir d‘Euthanasie an/oder d‘Bäihëllef zum Suizid;
  • eng Formatioun „Liewensenn“ fir d‘Gesondheetsberuffer, déi der Bezeechnung gerecht gëtt;
  • en adequate Standuert fir déi Mënschen opzehuelen, déi sech fir e wierdegen Dout am Sënn vum Gesetz entscheet hunn;
  • eng ëmfänglech Informatiounscampagne fir de grousse Public;
  • d‘Sensibiliséierung vun der Jugend op dës Thematik;
  • an national Assisen „Liewensenn“.

Zu gudder Lescht seet d‘Associatioun allen „Acteure vun der éischter Stonn“ e grousse Merci, déi sech mat vill Courage an Haartnäckeg fir d‘Saach agesat haten an nach asetzen. Et ass och hinnen zouzeschreiwen, datt d‘Gesetz, datt et de Mënschen erlabe soll wierdeg aus dem Liewen ze trieden, agefouert ginn ass. Elo mussen d‘Leit och d‘Méiglechkeet erhalen, vun dësem Gesetz gebrauch ze maachen.

Matgedeelt vum MWMW-Verwaltungsrot, aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Ähnlech Sujeten Associatioun fir d‘Recht op e wierdegen Dout Lëtzebuerg, Bäihëllef zum Suizid, Euthanasie, Mäi Wëllen Mäi Wee, MWMW
Nächsten Artikel Virrechten Artikel