Search

You may also like

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel
Kultur Neiegkeeten

Nordkoreanesch Rakéiten um Himmel

Wann et richteg ass, esou wéi et vum südkoreaneschen Etat-Major

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“
Kultur Neiegkeeten

Editorial: Mr Twitter provozéiert mat „fake news“

Datt den amerikanesche President sech der Welt iwwer Twitter matdeelt,

money
D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament
Kultur Neiegkeeten

D‘Frëndschaft tëscht Lëtzebuerg a China steet op méi wéi engem kommerzielle Fundament

En Donneschdeg ass op der Handelskummer um Kierchbierg dat chinesescht

D’Fabelen vum Äsop – E Buch mat Moral fir Kleng a Grouss

D’Fabelen vum Äsop – E Buch mat Moral fir Kleng a Grouss

D’Fabele vum Äsop vun der Lëtzebuerger Editioun Atelier Kannerbuch loosse pur Begeeschterung opkommen. Si goufen aus dem Engleschen iwwersat! Duerch d’Buch léiere mir, dass dem Äsop seng Fabelen dacks vu gescheiten Déieren an domme Mënschen handelen. Et ware soumat déi éischt Geschichte mat enger Moral. Dat huet mech nawell virwëtzeg gemaach!

Am Ganze kënne mir aacht där Geschichte kenneléieren, mir hunn all Wuert genoss a goufen dacks iwwerrascht. Och e Kannerbuch kann erstaunlech Wendungen hunn! D’Illustratioune sinn déi sougenannte Kiischt um Kuch an d’Haptik vum Cover ass en Dram fir Bichergecken. D’Texter si léierräich an angenehm ze liesen, et stécht vill Ofwiesslung dran! Erstaunlecherweis hunn ech souguer eng Geschicht aus menger Kandheet erëm erkannt, déi kennt Dir bestëmmt och.

Wien ass am séiersten? Gewënner oder Verléierer? En Held? Oder en Angschthues? Wien ass gutt oder béis? Oder e falsche Frënd?

Wou genau ass een doheem?

D’Fabele riichten eise Bléckwénkel erëm op dat, wat wierklech wichteg am Liewen ass. Nämlech d’Liewen – säi Bescht draus maachen an éierlech sinn – wëll och déi Lues kommen un der Zillinn un. Och wann d’Buch fir Kanner ab 3 Joer ass, et stëmmt souguer mech als Erwuessenen nodenklech. An domat ass menger Meenung no alles richteg gemaach ginn!

D’Kanner wäerten sech immens un den detailléierten Illustratiounen erfreeën, et gëtt allerlee ze entdecken. Déieren, d’Natur, et fënnt een allkéiers en neit Detail. Hei ass mat ganz vill Léift geschafft ginn.

Ech wëll net ze vill erzielen, ech sinn der Meenung, dass jiddereen seng Léier aus dëse Geschichten zéie soll.

Mäi Meedchen hat seng Freed drun, zemools well ech mir beim Virliesen ëmmer d’Méi maachen d’Stëmm ze verstellen. D’Buch wäert nach dacks bei eis zum Asaz kommen. Ech fannen, dass et net nëmmen an eise Regaler soll stoen, mä och an eise Schoulbibliothéiken.

Opmaacherfoto vum Jessica Mersch / De Bichergeck

Related topics Buchpresentatioun, D’Fabelen vum Äsop, de Bichergeck, Editioun Atelier Kannerbuch, Geschichten, Léier, Liewen, Moral
Next post Previous post