Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Iessen, Reesen a Moud: 10 Lëtzebuerger Blogger stelle sech vir
boyfriend lying about online dating https://moien.lu/top-10-online-dating-sites-in-canada/

matchmaking overwatch

Lëtzebuerg huet eng wibbeleg a gesond Blogger-Communautéit. Mir sinn higaangen

fuel line hook up
boyfriend lying about online dating https://moien.lu/top-10-online-dating-sites-in-canada/

Venezuela: Rout Kräiz bréngt humanitär Hëllef an d‘Land

An der venezuelanescher Haaptstad Caracas, huet den Internationale Rout Kräiz

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht
boyfriend lying about online dating https://moien.lu/top-10-online-dating-sites-in-canada/

Weltraumressource notzen, ënner Lëtzebuerger Recht

Ënnert der Autoritéit vum Wirtschaftsministère, op Ureegung vum Büro vun

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Zil an Zweck vun der Fraktioun „Identitéit an Demokratie“ ass d‘Enn vun der Unioun

D‘Faschisten hunn eege Fraktioun am Europaparlament

Faschisten, rietsradikaler a Gläichgesënnter aus néng Länner hunn sech am Europaparlament zu enger neier Fraktioun zesummegesat, an dëser de Numm: „Identitéit an Demokratie“ (ID) ginn. Hei kommen 73 Mandater zesummen, déi gutt beienaner passen, zumindest aus ideologescher Siicht.

Als Fraktiounschef huet sech dëse Sammelsurium u mënscheveruechtenden a demokratiefeindleche Volleksvertrieder, de Marco Zanni vun der italienescher Lega Nord auserwielt. Als Stellvertrieder sinn: den AfD-Chef a Negationist Jörg Meuthen (Däitschland) an de Representant vum franséische Rassemblement National, Nicolas Bay, gewielt ginn. Dat geet duer fir zolidd Stress ze maachen.

Si gesinn sech selwer natierlech net als Europagéigner, mee als „Dar am A vun den Eurokraten“. Déi neofaschistesch Fraktioun ersetzt de Grupp „Europa vun den Natiounen“ déi och scho 36 Mandater zesummegekraazt hat, an elo – haaptsächlech duerch der Lega Nord hiert fantastescht Resultat – elo uerdentlech e Wuert matzeschwätze kritt. Woubäi… matschwätze wëllen si jo net.

De germaneschen Exot Jörg Meuthen bréngt et och direkt op de Punkt: „Mir si komm wier den Dar am A vun den Eurokraten ze sinn. Mir wäerten oft Nee soen. Villes wat hei beschloss gëtt ass schlicht an ergräifend Iwwerflësseg oder Unfug“. Fir dann awer nach d‘Kéier ze kréien, gouf sech séier drop behaapt, kritesch-konstruktiv matschaffen ze wëllen, wann hir Iddie respektéier ginn.

Geféierlech Idioten?

Datt dës der Mënschheet onwierdeg pseudo-Politiker an engem Grupp zesummefonnt hunn, dat ass d‘Resultat vum politesche Versoe vun de sougenannte Volleksparteien, déi sech vum Vollek of- an der Finanzwirtschaft an der Industrie zougewennt huet. Déi loossen sech d‘Gesetzer net nëmmen op nationalem Niveau, mee direkt fir d‘Unioun virschreiwen oder iwwerhuelen zumindest den Text.

Ënnert esou Viraussetzungen, war et fir d‘Marine Le Pen vum Rassemblement National an de Matteo Salvini vun der Lega Nord scho Ball e Kannerspill, all déi brong Spillkomeroden an enger Sandkëscht zesummenzeféieren. An et sollt ee sech glécklech schätzen, datt dem Salvini säi Plang, déi nationalistesch Fraktioun zum gréisste Grupp ze maachen, schlussendlech net opgaangen ass.

Interessant, d‘Schwaachmate vun der polnescher PiS-Partei an déi vu Gott verloossen Idiote vun der britescher Brexit-Partei, hunn sech bis ewell nach net zum „Faschismus vun der gesellschaftlecher Mëtt“ erkannt, wieren awer bereet Bensin an Ueleg matzebréngen, fir d‘Haus Europa a brand ze stiechen. Pole maachen iwwregens net mat, well d‘Fraktioun „Russland-Frëndlech“ ass…

Eigentlech net fir ze laachen

Notéiere mir dann awer nach kuerz, datt déi néng Gruppementer déi sech elo an dëser Fraktioun zesummegedoen hunn, eigentlech fir eng Politik astinn, déi keng aner Muecht nieft „sech selwer“ zouléisst, firwat et och grondsätzlech Differenzen ënnert de rietsradikale gëtt. Dat hu si esou bi der éischter Pressekonferenz zur Budgetsdisziplin androcksvoll demonstréiert.

Während den Italiener op der nationaler Autonomie besteet, huet säi finnesche Fraktiounskolleg betount, datt eng gemeinsam Währung eng verstäerkten Zentral Budgetskontroll brauch. En Anere Wee de „Problem ze léisen“ wier d‘Ofschafe vum Euro an der Eurozon. Béides geet esou net, mee dat eigentlech Zil ass jo och d‘Enn vun der Unioun an senger aktueller Form.

Et dierft ënnert dësen Ëmstänn zu enger esou ustrengender wéi och spannender Legislaturperiod kommen. Wéi an a wellechem Mooss d‘ID de uerdentleche Betrib vun den Institutioune stéiere kann, ass fir den Ament net anzeschätzen. Et dierft och interessant sinn ze gesinn, ob a wéi sech déi ënnerschiddlech radikal Stréimunge matenaner verdroen. Do kënnt nach eppes op eis duer.

mat indymedia/bru

Bild: (video grab from stream)

Ähnlech Sujeten EU-Parlament, Faschismus, Fraktion Identitéit an Demokratie, ID Fraktion, Jörg Meuthen, Marco Zanni, Nicolas Bay
Nächsten Artikel Virrechten Artikel