Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…
Meenung

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib
Meenung

Den Dan Kersch hëlt offiziell zwee nei Asazgefierer vum CIS Diddeleng a Betrib

E Samschdeg den 22. September 2018 huet den Inneminister Dan

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden
Meenung

Entloossunge beim FBI: den Trump héich erfreet, d‘Kritiker op de Barrikaden

En huet gestraalt an keen Heel dorausser gemaach, datt hien

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach

Editorial: Si hunn d‘Fauscht an der Täsch gemaach

Gëschter hunn de Presserot an d‘Journalistegewerkschaft, de Bilan vu Legislaturperiod gezunn, an d‘Geleeënheet genotzt fir eege Revendicatiounen nach emol ze betounen. Et wier ee frustréiert, a vun Transparenz kéint net geschwat ginn. Dat neit Gesetz, mat dem et eis Journaliste soll méiglech sinn op Nofro déi Dokumenter ze erhalen déi eis wichteg sinn, wier „ e Vull fir d‘Kaz“.

De Generalsekretär vum Presserot a Member vun der ALJP, Roger Infalt (Editpress) war awer der Usiicht, datt d‘Versprieche vun der Regierung wéinstens partiell agehale ginn ass. D‘Presidentin vum Presserot an och Member vun der ALJP, Ines Kurschat (Lëtzebuerger Land), gesäit dat méi kritesch, a stellt der Regierung einfach emol eng Datz aus, well een net un d‘Informatioune kënnt.

Fir de President vun der ALJP a Member vum Presserot, Luc Caregari (Woxx), war et wichteg op de Rôle vun de Whistleblower opmierksam ze maachen. Hei hätt de Justizminister versprach datt et Gesetz géif ginn, dat dës Leit besser schützt, mee erauskomm wier eenzeg an eleng, datt mam Anti-Terror Gesetz, elo och Redaktioune kënnen duerchsicht ginn.

Esouwäit esou gutt. Ëmmerhi wier et jo dem Presserot säin Optrag déi journalistesch Standarden ze verdeedegen. Ech perséinlech géif et virzéie wann et och zu Verbesserunge kéint kommen. Dat ass e fromme Wonsch dee mir net wäert erfëllt ginn, an ech hunn och gréisser Bedenken dozou, datt déi Leit, déi meng „Standarde“ verdeedegen, och déi Leit sinn, déi meng Interesse verdeedegen.

Wann d‘Membere vum Presserot och d‘Membere vun enger Gewerkschaft sinn, muss et erlaabt sinn sech d‘Fro ze stellen, firwat déi ganz Doleancen déi beim „Bilan“ virgedroe goufen, vun de Journalisten net redaktionnell opgegraff an entspriechend publizéiert ginn? Do kéint een elo ganz einfach äntweren, a behaapten, datt (zumindest déi „grouss“) se jo och „politesch gebonne“ sinn.

A ganz éierlech, wann et deenen enge wéi deenen anere wichteg wier, déi gefuerdert Transparenz vun der Regierung och wierklech ze erhalen, dann ass et weder beim zéie vun engem Bilan, nach mëttels „Communiqué“ un déi affiliéiert Journalisten, wou een dëst Zil erreecht. Ouni „Drock“ ass seelen en Zil erreecht ginn, an esou wäert et sech och hei verhalen.

Et ass nees vill an d‘Flilleke geklappt ginn, an alleguerten hunn se d‘Fauscht an der Täsch gemaach. Um Krautmaart, wäert een „Notiz vun de Fuerderunge geholl hunn“, an bestëmmt fënnt sech deen een oder anere Politiker, deen déi och verbal ënnerstëtzt. Dat ass dann awer alles wat ee verlaange kann. Ouni den Opstand ze prouwen, kënnt weder der Presserot nach ALJP op e gréngen Zweig.

Ähnlech Sujeten ALJP, Ines Kurschat, Luc Caregari, Presserot, Roger Infalt
Nächsten Artikel Virrechten Artikel