Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien
Meenung

En éisträichesche Pass fir seng däitschsproocheg Bierger veriergert Italien

Den italieneschen Ausseminister huet um Freidegowend e Projet vu Wien

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl
Meenung

What the Fakt – Viru 15 Joer huet de Montecore säi Meeschter mam Hals geholl

An de 60er Joer haten de Siegfried a Roy eng

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert
Meenung

Rumänien: Referendum géint d‘gläichgeschlechtlecht Bestietnes gescheitert

De Weekend hunn d‘Rumänen sech geweigert, de Verbuet vum gläichgeschlechtleche

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

E Kommentar zum Fall Bannon-Trump

D‘Flitterwoche sinn eriwwer

Den Donald Trump ass jo elo säit gefillten 10 Joer President vun de Vereenegte Staaten. All Dag fëllen sech d’Noriichte mat sengen Tweets a Peinlechkeeten. An et kann ee gréisstendeels just nach de Kapp rëselen, sief et bei Nordkorea, Iran oder bei sech doheem. Den Drama, deen den Steve Bannon, eemolege Beroder, elo lass getrëppelt huet, ass awer schonn e bëssche speziell.

Vill Analyste si beim Sig vum Donald Trump higaangen an hunn de Site vu Breitbart mat verantwortlech gemaach fir den Opstig vum Populismus an den USA. Virun allem vun den Alt-Right. An de Steve Bannon war do ee vun de wichtegste Käpp. Mee d’Stëmmung tëscht dem President an dem Beroder si schnell an d’Gette gaangen – bis en dunn am August säi Poste verluer huet.

De Steve Bannon huet eng rout Linn no der anerer an der Vergaangenheet iwwerschratt

Dat huet en net dru gehënnert, fir d’Feier ëmmer weider unzestëppelen. Andeems en zum Beispill an Alabama de Roy Moore ënnerstëtzt huet. Am Buch Fire and Fury: Inside the Trump White House vum Michael Wolff  gëtt en da verschidde Saache vu sech, déi dem President net schmaache wëllen. E renforcéiert d’Theorie, datt den Donald Trump Junior sech mat de Russe getraff hätt, mee beschreift och d’Reaktioun vum Donald Trump op den einfache Fait, datt e gewielt ginn ass.

Dëst geet elo esou wäit, datt den Donald Trump e Statement eraus bruecht huet, fir sech vum Steve Bannon ze distanzéieren. All dëst kënnt awer räichlech spéit, well et waren nu emol och d’Alt-Right, déi den Donald Trump ënnerstëtzen an de Steve Bannon ass do eng Galliounsfigur. Oder war, well déi Kreesser sinn elo ganz schnell dobäi, sech vun him ze distanzéieren. En ass mëttlerweil zu engem „Looser“ degradéiert ginn, deen als Opportunist bezeechent gëtt. Mee dat kéint een jo vun all de Populiste behaapten: Si sprangen op eng Emotioun op, probéieren e Problem esou laang iwwerdriwwen duerzestelle, bis d’Leit genuch Angscht hunn an hinne gleewen a vertrauen.

Dëst Vertrauen ass beim Bannon elo, wéi et schéngt, futsch. Ganz egal, op dat, wat en do zielt, iwwerhaapt stëmmt oder net, esou ass dach kloer, datt och hien net esou vill méi mam President ufänke kann. Mee mat esou enger Ënnerstëtzung braucht den Donald Trump keng Feinde méi.

Foto: AFP PHOTO / AFP PHOTO AND GETTY IMAGES NORTH AMERICA / SAUL LOEB AND JOE RAEDLE

Ähnlech Sujeten Alt-Right, Breitbart, Donald Trump, Steve Bannon, USA
Nächsten Artikel Virrechten Artikel