Search

You may also like

Editorial: Keng Zäit ze verléieren
Neiegkeeten

Editorial: Keng Zäit ze verléieren

Zanter ee puer Stonnen heescht de wichtegsten Äerdebierger Joseph Robinette

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an
Neiegkeeten

Vereenten Natiounen: De Jean Asselborn setzt sech fir d‘Kanner an

E Méindeg hat den Ausseminister Jean Asselborn (LSAP) zu New

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn
Neiegkeeten

Sozialwahlen 2019: …et muss sech nach eppes gedëllegt ginn

Gëschter hunn d‘Salariéeën hir Personaldelegéiert an d‘Vertrieder fir Salariatskummer gewielt,

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell

D‘Foire Agricole gëtt et dëst Joer nëmme virtuell

Zanter ville Joren organiséiert d‘Stad Ettelbréck déi landwirtschaftlech Ausstellung (FAE), déi der Lëtzebuerger Landwirtschaft ëmmer eng Bühn bitt, hir vill ënnerschiddlech Aktivitéitsberäicher no baussen engem interesséierte Public méi no ze bréngen.

D‘Foire Agricole ass mat Ofstand de wichtegste Rendez-vous fir all d‘Acteuren aus dem grénge Secteur. Dat ass kloer d‘Landwirtschaft selwer, mee och de Gaardebau an Forstwirtschaft hunn hei hir fest Plaz. Vergiesse mir dann och net den Handel an d‘Fuerschung, déi an dësem Wirtschaftsberäich och eng wesentlech Roll ze spillen hunn. Hei gëtt dann och ëmmer den Akzent op déi Lëtzebuerger Produkter gesat an d‘Konsumenten entspriechend sensibiliséiert.

Wéinst der Covid19-Pandemie an allem wat se u Problemer an Aschränkunge mat sech bruecht huet, gëtt d‘Ausgab 2020 op dësem 3. a 4. Juli digital ausgeriicht. Op der dofir ugeluechter Internetsäit gëtt vill Live-Programm fir Jonk an Al gebueden. Och déi vill Aussteller hunn hir Stänn an de virtuelle Raum verluecht. Flott dann och, datt een näischt verpasst, och wann een deels net ka Live mat um Start sinn. All d‘Evenementer ginn als Widderhuelung ugebueden.

Déi digital Versioun vun der Foire Agricole steet dann och dat ganz Joer zur Verfügung, an 2021 gëtt dann nees dat Ganzt zum grousse Fest. Kuckt also roueg eran, et gëtt villes gebueden, eppes gewanne kann een och, an wier gäre Fotoe mécht, fir deen huet d‘FAE och eppes ze bidden.

Related topics Digital, Ettelbréck, FAE, Foire Agricole 2020, Virtuell
Next post Previous post