Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert
Neiegkeeten

Franséisch an eise Crèchen a Schoulen, erkläert

Vum Hierscht u soll an alle Crèche souwuel Lëtzebuergesch ewéi

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche
Neiegkeeten

Covid-Test fir d’Déngschtrees: Recommandatiounen zur Demarche

Duerch déi rezent Evolutioun a Saache Covid-19 hunn d’Generaldirektioun vun

surprise
Der ASTI gefält de Staatsbudget net
Neiegkeeten

Der ASTI gefält de Staatsbudget net

De Veräin zur Ënnerstëtzung fir déi immigréiert Aarbechter (ASTI) bedauert

D‘Garer Kiermes ass un

D‘Garer Kiermes ass un

Um Mëttwoch huet de Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg zesumme mat der Buergermeeschtesch ganz offiziell d‘Garer Kiermes op der Paräisser Plaz opgemaach. Mat derbäi natierlech de „Grupp Animatioun Gare“ an d‘Forainen. Dës Traditionell Quartiers-Kiermes gëtt et säit 1936.

Op der Kiermes sinn Karusseller an Animatioun fir d‘Butzen en Vogue. Fir Pappen a Mammen gëtt et z‘Iessen an ze Drénken. Séissegkeeten a weider Interessantes kann een och op de Stänn fannen. D‘Garer Kiermes ass nach op bis den 2. Juli, dat all Dag vun 13.00 bis 1.00 Auer moies spéitstens. Ze erwänen ass awer, datt d‘Stänn mam Iessen an Gedrénks schonn ab 11.00 Auer op hunn.

An dësem Kontext informéiert d‘Stad Lëtzebuerg d‘Automobilisten, datt d’Bourbon-Strooss (den Tronçon tëscht der Néier Avenue an der Strooss Fort Elisabeth) bléift bis den 6. Juli fir all Trafic gespaart. De Wochemaart fënnt wéi gewinnt op der Paräisser Plaz statt (op der Säit vun André Duscher Strooss) vun 8 bis 14 Auer. Dat den 21, 24 an 28 Juni wéi och den 1. Juli.

(Foto: © Fotothéik vun der Stad Lëtzebuerg/Marc Wilwert)

Ähnlech Sujeten Kiermes, Lëtzebuerg, Lëtzebuerg Stad
Nächsten Artikel Virrechten Artikel