Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

crying
Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland
Meenung

Mäerderesch Iwwerschwemmungen a Griicheland

„Mir si verwüst“, sot um Donneschdeg de Besëtzer vum engem

angry
Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen
Meenung

Katalounien: Éischt prominent Verhaftungen

Um Méindegowend huet eng Untersuchungsriichterin, déi zwee Leader vun de

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng
Meenung

Grouss Onsécherheete fir d’Zukunft vun der Stolindustrie zu Diddeleng

Fir de Site zu Diddeleng wäert eng beonrouegend Episod ufänken.

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)

D’Geschicht vum Mann, dee sech selwer gehollef huet

 (Lieserbréif)

Eng kleng fiktiv awer leider tragesch Geschicht. Ech roden natierlech kengem zur Selbstjustiz un an distanzéiere mech zu all Aktiounen an déi Richtung. Dës Geschicht ass viru méi laanger Zäit op engem verreenten Mëtteg geschriwwe ginn a beschreift e bëssen dat wat deelweis hei am Land an och op villen anere Plazen am Ausland ofleeft wann een e Problem huet. Nämlech als Bierger ass een oftmools den dommen an et kann ee sech kaum géint gewësse Mëssstänn wieren. Kee wëll zoustänneg sinn an et kritt ee kaum Hëllef

Et war eemol e Mann, nenne mir hien einfach de schlëmme Jos. De Jos huet déi aner Säit vu sengem Haus e Restaurant gehat mat offiziell net méi wéi 50 Plazen. (Mëttlerweil ass och eng Terrasse viraus an hannenaus an et si scho wäit méi wéi 50 Plazen) All Wochenenn gëtt do déck gefeiert an d’Gemeng vergëtt och ëmmer schéi brav Freideg, Samschdes an d’Feierdeeg fräi Nuechten.

Et ass éiweg decken Zodi an deem Lokal, wat eigentlech esou gesi jo just sollt e klenge Restaurant sinn, deen och nach mol keng valabel Geneemegung huet fir esou eng deck opzezéie, wéi dat jiddefalls elo ëmmer de Fall ass! All Wochenenn kommen da no Feierowend Clienten eraus getrollt, jäize nach haart a féieren op der Strooss an um Parking, oftmools bis an de fréie Mueren eran, eng deck op. Se schéisse mat Fläsche, ginn sech am Jos säi Gaart erliichteren a rappen och nach dem Jos seng mat vill Léift ugesate Blummen eraus.

De Jos huet es sat, en huet schonn alles probéiert, et huet guer näischt genotzt. D’Gemeng wëll vu näischt eppes wëssen. D’Police koum e puer mol kucken, Plainte goufe gemaach, et ass awer net vill geschitt. Dono koum d’Police da mol oder och net, a wann se koumen, da gouf och alt mol gemengt, do wier nach ëmmer eng “Kamméidisbud” gewiescht an do kéint ee näischt maachen. D’Douane weess och net wat een do kéint maachen. Si sinn anscheinend och net zoustänneg. D‘ITM an den Environnement, wéi et ausgesäit, och net.

E Bréif vun engem Affekot un Gemeng bleift onbeäntwert. De Jos huet jiddefalls vu kenger Säit Hëllef ze erwaarden!
 
De Jos war komplett mat de Nerven um Enn, all Wochenenn deen Terror, nees net schlofe kënnen, an ëmmer déi Sauereien um Terrain, an déi erausgerappte Blummen. Hien huet du geduecht, wann dat esou ass, a keen zoustänneg ass, ma da muss ech et jo bal sinn, deen hei elo zoustänneg ass. An hien huet prompt de Problem selwer an de Grapp geholl.

De Jos ass eriwwer gaange mat enger schaarfer Aaxt am Grapp an huet kuerzerhand déi verhaasste Museksanlag, déi ëmmer vill ze haart gehault huet, virun de schockéierten a scho gutt besoffene Gäscht an enger Kéier futti geschloen a nach en Dësch vu Roserei dobäi. Do war Rou, an de Jos ass nees heem gaangen. Awer, et huet net laang gedauert, do koum d’Police, a se konnten dës Kéier och eppes maache, nämlech de Jos mathuele fir dat wat e gemaach huet. D’Kamméidisbud hault nach ëmmer, an et ass no wéi vir nach ëmmer keen zoustänneg, an d’Gemeng vergëtt riicht weider fräi Nuechten. An de Jos? Ma deen hu se als geféierleche Psychopat fir e puer Joer an d’Psychiatrie gespaart!

Johnny Theisen

D‘Meenunge vun de Lieser sinn perséinlech a spigelen net zwéngend d‘Positioun vun der Redaktioun erëm.

Ähnlech Sujeten Kaméidi, Psychiatrie, Selbstjustiz
Nächsten Artikel Virrechten Artikel