Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus
Kultur Stories

Dem „Secret Service“ ginn d‘Suen aus

Dem Milliardär aus dem Wäissen Haus seng Virléift fir de

Zwee Muséeën op der Sich no Artefakten – Är Mathëllef ass erwënscht
Kultur Stories

Zwee Muséeën op der Sich no Artefakten – Är Mathëllef ass erwënscht

Am Kader vum 75. Anniversaire vun de Befreiung vu Lëtzebuerg

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?
Kultur Stories

Kenns du Käerjeng gutt genuch, fir hei vill Punkten ze kréien?

Zënter der Fusioun gehéiert Käerjeng eleng scho vun der Awunnerzuel

D’geschloent Kand vun der Literatur

D’geschloent Kand vun der Literatur

Wann et em Science Fiction geet, ass wuel keng Communautéit esou aktiv wéi d’ Science Fiction and Fantasy Society Luxembourg. Vun hinnen gëtt zum Beispill d’Luxcon, déi gréissten Science Fiction a Fantasy Convention zu Lëtzebuerg organiséiert. Passend zu eisem Gernsback-Event hu mer en Interview mam Gérard Kraus vun dëser Communautéit gefouert.

1. Wéi bedeitend ass den Hugo Gernsback an dengen An?

Den Hugo Gernsback ass zweifelsohne de Mann deen zum richtegen Moment op der richteger Plaatz war fiir d’Science Fiction, wann net aus der Wéi ze hiewen – daat haaten Mary Shelly, Jules Verne, H.G. Wells an déi aner fréi Meeschter vum Wierk scho gemaach – dann d’Kand ze deefen an et op en Pad ze setzen, em eng Richtung ze ginn. Sécher, seng Richtung ass net déi Richtung déi jiddereen gären hat, an huet, an et ass, wann een seng Iddien kuckt, och eng relative limitéiert Visioun vun der Science Fiction, mee näischtdestotrotz ass et hien deen d’Saach an Hefter gebonnen huet, deen Schrëftsteller ugestallt huet an sengem Style Geschichten ze schreiwen an domatten eng kritesch Mass un Storien ze hunn fir dass dat ganzt och elo nach ëmmer existéiert.

2. Mengs de, e wier zu Lëtzebuerg bekannt genuch?

Secher net, ech erliewen ëmmer erëm wéi Léit déi sech dem Lëtzebuerger Science Fiction an Fantasy Fandom uschléissen léieren wien den Hugo war an wat en gemaach huet, an dann mat engem iwwerascht-houfrege Laachen soen, ‘abee-jo’. Ech weess net wat d’Zuelen sinn, wéi vill Lëtzebuerger en kennen, ma ech denken dass et en relativ geréng Zuel ass. Dat huet awer, an mengen Aen, och domatten ze dinn dass d’Beräicher wou en aktiv war net onbedéngt der sinn déi an Lëtzebuerg ganz grouss geschriwwen ginn, an dass en dem Land, trotz villem Aktivismus fir seng Onofhängegkeet am Kader vun den Nokrichsverhandlungen, de Réck gedréint huet. Den Hugo war offensichtlech glécklech an den Staaten, ma ech huelen un dass mer als ‘gutt’ Lëtzebuerger erwaart hätten dass en, nodeems en et do iwwer gepackt huet, erëm komm wär fir dann hei jidderengem dovun ze erzielen. Den Fantast Hugo Gernsback, mengen ech, wär awer och net méi an deem dach konservativen Land ukomm.

3. Gëtt Science-Fiction Literatur hei am Land genuch appreciéiert?

Science Fiction Literatur, an all déi aner Medien an deem den Genre sech erëmfënnt, ginn néierens op der Welt grouss respektéiert. D’ass nach ëmmer dat geschloent Kand vun der Literatur gewiescht a wäert et och bleiwen. Ma et gëtt awer ëmmer erëm Liichtblécker déi erhoffen loossen dass et biergop geet an dass méi Leit den Wee an den Genre fanne. An der rezenter Geschicht huet China den Genre fir sech entdeckt nodeems den Cixin Liu fiir Opmierksamkeet gesuergt huet. An Zäit vun zwee Joer huet déi Chinesesch Präsenz bei der Worldcon enorm zougeholl an sech och professionaliséiert. Dat huet och aner asiatesch Natiounen matgerappt, sou war dëst Joer zu Helsinki, z.B. Südkorea vertrueden, fir hiren Science Fiction Output ze presentéieren. Zur Geschicht, d’Margaret Atwood, Grande Dame vun der Science Fiction géing ee mengen, nee d’Schreftstellerin hannert Handmaid’s Tale an aneren, onwidderspriechlech Science Fiction markéierten Geschichten, seet nach ëmmer dass se kéng Science Fiction schreift, mee dass hir Oeuvre spekulativ wär an benotzt aner Termen fir net SF ze soen. De generellen Opschwong vun der Populärkultur aus dem imaginativen Eck, deen een op d’Adaptatiounen vun Lord of the Rings, Harry Potter, an sëllechen Comic Helden ab dem Ufank vum néien Joerdausend kann zeréckféieren, bréng sécherlech mat sech dass dat Ganzt méi salonfäheg gëtt. Dat huet awer och domatten ze dinn, dass mëttlerweil eng Generatioun déi wesentlech méi Fantastesches an den Medien gebueden krut an den Alter kennt wou se Influenz hunn an hir onofhängeg Decisiounen, bei Konsum, Ënnerhalung an aanere Beräicher dovunner leeden loossen.

4. Wien ass däin Lieblings-Science-Fiction Schrëftsteller a firwat?

Et ass fiir mech ëmmer schwéier déi Fro op een Numm ze reduzéieren. Ech kommen net dolaanscht den Philip K Dick ze erwähnen deen een vun den richtegen Visionären aus dem Genre ass an deen mat Kreativitéit an Courage en neien Wand erabruecht huet. Net direkt SF, mee an der Famill: Den Tolkien huet fiir mech d’Dieren zur Literatur opgestouss, den Timothy Zahn se weidergedriwwen, dem William Gibson an dem Richard Morgan verdanken ech meng Léift fir Cyberpunk. Do dernieft hun den Cory Doctorow, den John Scalzi an den Ernest Cline mat hirer Postmoderner Approche zur Popkultur och erëm Bock drop gemaach, Neies ze entdecken. Den Stephen Baxter, trotz klinesch an emotionell flaachen Charakteren, bréngt mech ëmmer erëm zum dreemen.

5. Wéi gesäis de d’Zukunft vum Genre?

Ech denken, dass den Genre sech lues an lues zu enger gewësser Normalitéit eropschaffen wäert. Dass en an eisen Breetengraaden zwar net un de Krimi, an ähnlech etabléiert Genren eru kennt schéngt mer kloer. Ech ginn dovunner aus, dass iwwert d’Joer d’Beréierungsängscht mat der SF schwinden an dass ëmmer méi Leit ouni sech mussen dofir ze entschëllegen zu engem SF Buch gräifen well et e Präis gewonnen huet, well et se an hirem Liewen usprécht, oder well den Deckel interessant ausgesäit. Donieft ginn ech dovunner aus, dass SF an anere Medien och seng Popularitéit ka behalen an duerch raffinéiert Geschichten och d’Kritiker an aner ‘Gatekeeper’ vun der Kultur iwwerzeegen kann. Ech kann mer gutt virstellen, dass mer an den nächsten Joren weider Filmer wéi ‘Arrival’ gesinn, déi eng Konterbalance zu SF-Spektakelen sinn an d’Resistenz vun deem engen oder aneren erofsetzen. Well ech net denken, dass mer als Mënschheet an deenen nächsten Joren déi Quantenspréng wäerte maachen, déi d’Auteuren sech nach an den 50er an 60er erwaart hunn, denken ech dass d’SF hir Platz an der Gesellschaft an Kultur als eng Alternativ muss hunn. Eng Alternativ déi zum dreemen ka verleeden, déi awer och, an hiren beschten an stäerksten Momenter, kann zum Iwwerleeën ureegen, déi seriö Problemer mat seriöen, wann och wäit aushuelende Methoden ‘adresséiert’.

Ähnlech Sujeten Gernsback-Woch 2017, Hugo Gernsback, Kultur, Literatur, Science Fiction
Nächsten Artikel Virrechten Artikel