Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

cool
5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt
Neiegkeeten Sport

5 Serien, déi ee kucke kann, bis di nächst Staffel vu Better Call Saul kënnt

Better Call Saul ass eng groussaarteg Serie. An déi drëtt Staffel

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich
Neiegkeeten Sport

Dieselgate: Schwiereg Kooperatioun tëscht Däitschland a Frankräich

Fir déi franséisch Riichter, déi den Optrag hunn iwwert d‘Gefuddels

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride
Neiegkeeten Sport

Dausende Leit bedeelegen sech un der Jerusalemer Gay Pride

Si waren zu hirer Dausenden op Jerusalem komm fir un

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

SC Beetebuerg vs Entente Izeg-CeBra: en onerwaarten Ausgang

D‘Gesetzer vum Fussball si fir jidderee gläich

Et kann een e Fussballsmatch dominéieren an um Enn awer als Verléierer vum Terrain goen. Eng Erfarung déi d‘Damme vum SC Beetebuerg dann elo an dëser Saison och gemaach hunn. Si hunn sech géint eng gutt Defensiv opgestallte Mannschaft (Entente Izeg-CeBra) schwéier gedoen.

Déi éischt Halbzeit war fir den SC Beetebuerg eng vun de „gemëschte Gefiller“. An et dierf een hei vun enger „steriller Dominanz“ schwätzen. Izeg-CeBra, huet mat enger defensiver Fënneferketten agéiert, an hei hunn sech zwou Spillerinne besonnesch ervirgedoen. Am defensive Mëttelfeld, huet Sara Cardoso (9) vill tëscht de Linnen agéiert, an duerch déi vu Beetebuerg opgemaachte Raim, konnt Cathy Da Silva (17) seng Schnellegkeet voll ausnotzen.

Esou beim éischten Treffer an der 19. Minutt, wou et déi Beetebuerger Defense op der Plaz stoe gelooss, a mat engem gekonnte Loop seng Mannschaft mat 0:1 a Féierung bruecht huet. Wien sech hei eng novollzéibar Reaktioun vu Beetebuerg erwaart huet, sollt net op seng Käschte kommen. Si hu wuel weider „dominéiert“ mee hiert Spill ass an d‘Stocke komm, an den Trainer huet eng Rei taktesch Moossnamen ergraff, déi leider net déi gewënschte Léisung um Terrain bruecht hunn.

Wann et engem net gelénge wëll

Hiewe mir hei ervir, datt d‘Spillerinne Justine Oswald (25) an Léa Pizzimenti (8) vum SC Beetebuerg net richteg an d‘Spill komm sinn, zumindest am Réckbléck op déi virecht Matcher. Haten eis Dammen elo einfach nëmmen e schlechten Dag erwëscht, oder huet sech Izeg-CeBra gekonnt op déi zwou Mëttelfeldspillerinnen agestallt? Déi richteg Äntwert wäert sech iergendwou dertëscht befannen, jiddefalls konnt Beetebuerg der géignerescher Strategie net vill entgéint setzen.

An der 27. Minutt fält dann och nach den 0:2. Op e neits war et d‘Sara Cardoso dat sech duerchgesat krut, op de Goal schéisst, deen d‘Goalkeeperin net sécher hale konnt. De Ball klatscht of, an op der Plaz war d‘Naomi Noesen (10) dat blëtzschnell reagéiert huet. Beetebuerg huet einfach kee Mëttel fonnt sech duerchzesetzen. Woubäi et an der 31. an 40. Minutt zu Chance komm ass, déi net verwäert konnte ginn. Hei waren d‘Acteuren d‘Justine Oswald, an d‘Karen Marin (7).

SC Beetebuerg

E gutt opgestallte Géigner

D‘Leeschtung vun Izeg-CeBra an dëser éischter Halbzeit war iwwerzeegend. Si hunn sech ganz gutt an disziplinéiert géint de Favorit duerchgesat kritt. Esou geet Beetebuerg mat engem ongewinnte Réckstand an d‘Paus, an den Trainer dierft et do och richteg lafe gelooss hunn. Wéi se dann nees zréck op d‘Spillfeld komm sinn, wat et wéi et ugefaangen huet: eng steril Dominanz. Si hunn sech ze vill drop konzentréiert duerch d‘Mëtt ze spillen, wou se natierlech an déi Izeger Mauer gelaf sinn.

Obschonn an der 59. Minutt d‘Justine Oswald den Uschlosstreffer fir seng Mannschaft erziilt huet, war de Wëlle vun den Izeger Dammen ongebrach. Wien sech op Beetebuerger Säit erhofft hat, datt de Géigner esou lues eppes méi Midd géif ginn, an och vläicht duerch den 1:2 eppes an d‘Zweiwele kéim, sollt enttäuscht ginn. Wuel huet den SC Beetebuerg eppes méi kloer dominéiert, an et huet deels och vill Gewulls am 16er ginn, mee mat verpasste Goalchance gewënnt ee kee Match.

Stëmmen zum Spill:

D‘Cathy Da Silva vun Izeg-CeBra konnt zefridden op d‘Mannschaftsleeschtung blécken. „Mir hunn opgrond der éischter Halbzeit eis Victoire net geklaut. Ech ginn zou, datt mir, wéi Beetebuerg den Uschlosstreffer gelongen ass, eis kuerz de Gedanke gesträift huet, et kéint sech um Enn net opgoen. Mee mir hunn disziplinéiert weidergespillt a mat enger kompakter Teamleeschtung huele mir dës dräi Punkte verdéngt mat heem“.

Vu Beetebuerg, huet eis d‘Sarah Witry (6) seng Analys ginn. „Duerch eis nei Opstellung hate mir et eppes méi schwéier, wat awer keng Entschëllegung fir d‘Resultat ka sinn. Mir als Equipp hu ganz däitlech hannert eiser Leeschtung geleeën, dat gëllt och fir d‘eege Leeschtung a schléisse mech do net aus. Et dierf een Izeg-CeBra fir hire Match gratuléieren, déi bei eis verdéngt gewonnen hunn“.

Opstellung vun den Equippen:

SC Beetebuerg: 1 Lena Krier, 88 Amenis Correia, 18 Marie-Amelie Albrand, 4 Sheila Hoja, 6 Sarah Witry, 9 Sadine Correia, 8 Léa Pizzimenti, 25 Justine Oswald, 10 Kimberley Dos Santos, 7 Karen Marin, 20 Kate Thill. Reserven: 14 Camilla Ruiz Rojas, 77 Senada Ceman, 16 Kim Nilles. Trainer: Daniel Nunes.

Entente Izeg-CeBra: 1 Lucie Schlimé, 5 Tania Correia, 15 Charlene Zarnowski, 14 Lea Kieffer, 7 Solange Leite, 4 Nicole Pereira, 9 Sara Cardoso, 6 Melania Morgado, 17 Cathy Da Silva, 16 Mara Durabile, 10 Naomi Noesen. Reserven: 13 Melody Do Carmo, 6 Chantal Graas, 18 Jenny Sous Lopez, 11 Jennifer Henriques. Trainer: Fernando Reis.

Foto: © Luigi De Stephanis/moien.lu

Ähnlech Sujeten Cathy Da Silva, Dammefussball, Entente Izeg-CeBra, Justine Oswald, Sara Cardoso, Sarah Witry, SC Beetebuerg
Nächsten Artikel Virrechten Artikel