Search

You may also like

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!
Neiegkeeten

Éisträich: De fréiere Finanzminister soll an de Bing!

Et kënnt seele genuch vir, datt een et ervirhiewe muss:

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert
Neiegkeeten

Coronavirus: D‘Gewerkschaften ergräifen d‘Wuert

Géintiwwer der besuergnesserreegender Verbreedung vun der duerch de Coronavirus Covid19

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!
Neiegkeeten

Sensibiliséierungscampagne fir eeler Mënschen – Loosst Iech net beducksen!

Um 22. Mäerz 2019 hunn d’Familljen- an Integratiounsministesch Corrine Cahen,

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

D‘Gesondheet muss ëmmer Virgoen

De CSV-Generalsekretär Félix Eischen huet viru kuerzem dem Parteipresident Frank Engel matgedeelt, datt hien aus gesondheetleche Grënn säi Mandat bis op Weideres muss roue loossen. Dat ass fir eis Partei e schwéiere Moment, mee fir de Félix Eischen nach vill méi.

D’Joer 2020 mat senger sanitärer an ekonomescher Kris huet fir vill Leit grouss Erausfuerderungen an och eng grouss psychesch a moralesch Belaaschtung mat sech bruecht.  De Félix, dee seng Mandater mat groussem Engagement wouer hëlt, huet dës Belaaschtung och perséinlech am Laf vun de leschte Méint allze däitlech gespuert.

Hien huet dowéinst decidéiert, sech an nächster Zäit em seng Gesondheet ze këmmeren a sech engem adequaten Traitement ze ënnerzéien. Elo ass de Moment komm, wou de Félix muss no sech selwer kucken, Rou a nei Energie fannen, mat der Ënnerstëtzung vu senger Famill an deenen, déi him no stinn. Mir wäerten hien, wéi och ëmmer mer dat kënnen, no Kräften dobäi ënnerstëtzen, datt hien zu senger aler Form zréckfënnt.

Iwwert déi organisatoresch intern Upassunge wäert d’CSV a nächster Zäit kommunikéieren

Mir wënschen dem Félix eng gutt Erhuelung a freeën eis, hien esou bal wéi méiglech nees am Team ze hunn.

matgedeelt vum CSV-Generalsekretariat

Illustratioun: © Sam Cernik / unsplash

D‘Redaktioun vu moien.lu wënscht de Felix Eischen Courage an ee prompte Retablissement

Related topics CSV, Felix Eischen, Gesondheet, Politik
Next post Previous post