Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli
Neiegkeeten

Chantieren op der A13 vum 5. bis den 8. Juli

D’Stroossebauverwaltung deelt mat, datt un dësem Weekend direkt 2 kombinéiert

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden
Neiegkeeten

Chef vum Pentagon léisst sech vum US-President scheeden

En Donneschdeg huet et an den USA nees e politescht

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik
Neiegkeeten

Cargolux: Ee Versprieche géint de Gebrauch vun Eewee-Plastik

Bis zum Enn vum Joer soll all Form vun Eewee-Plastik

D‘Gesondheetskeess leet säi Joresbericht vir

D‘Gesondheetskeess leet säi Joresbericht vir

De 24. Juli huet de Verwaltungsrot vun der Gesondheetskeess (CNS) de Joresbericht fir d‘Joer 2018 approuvéiert. Dësen ass komplementar zu den Dokumenter wéi de Budget an d‘Dekonte vun den Assurancen „Krankheet-Maternitéit an Dependance“. En accordéiert zudeem dem Fonctionnement an der Organisatioun vun der Institutioun eng besonnesch Opmierksamkeet.

Et gouf e besonneschen Accent op déi markant Faite vun 2018 geluecht, hei méi speziell déi wou d‘Grondlag fir déi grouss Chantiere vun 2019 geluecht hunn. Dozou gehéiert dat neit Spidolsgesetz an de Spidolsplang, déi den 1. Abrëll 2018 a Kraaft getruede sinn. Mee och d‘Decisioun zu de Moossnamen, déi sech op der Etüd vum Fonctionnement vun den Urgence baséieren, an dat groussherzoglecht Reglement zum „Dossier de soins partagés“ (DSP) deen Enn 2019 a Kraaft trieden an den Digitaliséierungsprozess vum Gesondheetssecteur beschleunege sollt.

Ze erwähnen ass och de Fortschrëtt bei Spidolsdokumentatioun an de Koalitiounsaccord 2018-2022 deen ënnersträicht wéi wichteg et ass den aktuelle Gesondheetssystem unzepassen. Dat notamment fir d‘Entwécklung vun de primäre Soinen ze fërderen an eng besser Koordinatioun tëscht den diversen Acteuren am Beräich ebe vun der Gesondheet.

Ze ernimme sinn e puer „Schlësselzuelen“ fir d‘Joer 2018. Esou ass d‘Zuel vun den Affiliéierte géintiwwer 2017 ëm 2,8% geklommen. Dat sinn 858.357 (dovunner 301.058 net-Residenten) Persounen. Am Schnëtt sinn all Mount 6.000 e-Mailen op csn@secu.lu agaangen. 2017 waren dat der nach 4.100/Mount. 2018 goufe 768.799 „Krankeschäiner“ ausgestallt ginn, och dat eng däitlech Progressioun géintiwwer 2017 (664.967). Déi 16 Agence vun der CNS hunn 241.404 Checken ausgestallt (+6,8%) an et sinn 4.960.000 Rechnunge rembourséiert ginn. Dat sinn der 230.000 méi wei nach 2017.

matgedeelt vun der Gesondheetskeess, fräi aus dem franséischen iwwersat vum Laure Schlesser

Note: de Joresbericht vun der CNS gëtt et exklusiv a franséischer Sprooch

Foto: Marion Brun/Pixabay

Ähnlech Sujeten CNS, Gesondheetskeess, Joresbericht
Nächsten Artikel Virrechten Artikel