Search

You may also like

Eng Majoritéit vun de Fransouse géint d‘Reform vum Aarbechtsrecht
International Neiegkeeten

Eng Majoritéit vun de Fransouse géint d‘Reform vum Aarbechtsrecht

Laut dem Sondage vun „Harris interactive“ fir RMC (Radio Monte

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)
International Neiegkeeten

Besser Ernierung dank Nutriscore? (Kommentéiert Analys)

Dat héieren se an de Belsch net gären (vun do

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen
International Neiegkeeten

Dikrecher Young Boys vum SC Beetebuerg op d‘Plaz verwisen

Et war ee wuel interessante Match dee gëschter an der

D‘Ghislaine Maxwell vum FBI festgeholl

D‘Ghislaine Maxwell vum FBI festgeholl

Am New Hampshire ass déi fréier Frëndin vum Sexualstrooftäter Jeffrey Epstein, vun der US-Bundespolizei verhaft ginn. Si gëtt beschëllegt hirem Partner Meedercher besuergt ze hunn an soll sech um Mëssbrauch bedeelegt hunn. Den Haaptbeschëllegten hat sech jo – esou nach ëmmer déi offiziell Versioun – a senger Prisongszell selwer geriicht.

Dem Investmentbanker Jeffrey Epstein war de 6. Juli 2019 vum FBI verhaft ginn. Déi New Yorker Staatsanwaltschaft hat him virgeworf, zesumme mam Ghislaine Maxwell honnerte mannerjärege Meedercher sexuell Gewalt ugedoen, si zur Prostitutioun gezwongen a Mënschenhandel bedriwwen ze hunn. Den 23. Juli 2019 war hie mat Halsverletzungen, dout a senger Zell opfonnt ginn.

Esou war déi 58 järeg brittesch Staatsbiergerin also schonn eppes méi laang am Viséier vum FBI. An deen huet um Donneschdegmueren zougeschloen. Déi New Yorker Staatsanwaltschaft erhieft schwéier Virwërf géint d‘Duechter vum fréiere brittesche Mediemogul Robert Maxwell, firwat dës Festnam och an Groussbritannien mat zimmlech groussem Interessi verfollegt gëtt.

MaxwellDe FBI-Agent William Sweeney huet no der Verhaftung de Medien Eenzelheeten zur Festnam ginn. Esou huet den FBI erausfonnt datt sech d‘Ghislaine Maxwell op engem Uwiesen am New Hampshire géif ophalen, wou si hiert luxuriéist a privilegiéiert Liewe genoss huet, wärend d‘Affer ënnert hiren Traumae leiden. D‘Verhaftung ass ouni Tëschefäll verlaf, esou den FBI-Agent.

Och d‘Procureure Audrey Strauss, huet de Medie Ried an Äntwert gestanen. Si huet erkläert datt d‘Ghislaine Maxwell eng vun den enkste Vertraute vum Epstein war, an dësem gehollef huet Meedercher ze Mëssbrauchen, déi deels eréischt 14 Joer jonk waren. Si gëtt beschëllegt gehollef ze hunn d‘Meedercher ze „rekrutéieren“ an se „gefügeg“ maachen, a soll sech aktiv bedeelegt hunn.

MaxwellD‘Ghislaine Maxwell hat ëmmer nees (erfollegräich) bestridden eppes mat den „Affäre“ vum Multimillionär ze dinn, oder iwwerhaapt eppes gewosst ze hunn. 2016 hat d‘Brittin dat esou och zweemol ënner Eed ausgesot. Och wéinst dëse „Falschaussoen“ gëtt géint déi Beschëllegt ermëttelt a sollt sech dat ganzt Geflecht aus Mëssbrauch a Lige bestätegen, misst Si liewenslänglech kréien.

Heibäi riskéieren dann elo och nees „gutt Frënn“ aus dem Entourage vum Jeffrey Epstein an de Fokus ze geroden. Dorënner de brittesche Prënz Andrew, géint deen en Affer bis haut Virwërf erhieft. D‘Audrey Strauss wollt dat net kommentéieren, sot awer, datt Si sech op eng Ausso vum Prënz freeë géif. Deem gouf scho widderholl seng feelend Kooperatiounsbereetschaft virgeworf.

mat indymedia/nyc

Foto: D‘Procureure vum South District New York, huet an enger Pressekonferenz d‘Ursaache vun der Verhaftungerläutert. © US Attorney SDNY

Related topics Audrey Strauss, FBI, Ghislaine Maxwell, Jeffrey Epstein, SDNY, Sexuelle Mëssbrauch
Next post Previous post