Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Nei Fuerderungen nom Bericht vum Weltklimarot
https://moien.lu/south-african-free-dating-sites/ Stories

https://moien.lu/san-antonio-free-dating-sites/

De Weltklimarot IPCC schléit am virgestallte Sonnerbericht iwwert de Klimawandel,

deepavali dating
https://moien.lu/south-african-free-dating-sites/ Stories

Brasserie K116 : den éischte Concert 2019 mat Stelise

All leschte Mëttwoch proposéiert d’Brasserie K116 flott Dinner-Concerten, wou een

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?
https://moien.lu/south-african-free-dating-sites/ Stories

Ka sech d‘CSV 2019 erneieren?

Säit Mëtt-Dezember kënnen sech d‘Membere vun der chrëschtlech sozialer Vollekspartei

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

En Uert vun der Erënnerung un de „grousse Krich“

D‘Graf vum onbekannten Zaldot zu Paräis

D‘Graf vum onbekannten Zaldot, bei deem sech um haidege Sonndeg, iwwer 60 Staatscheffe mam franséische President dem Enn vum éischte Weltkrich wëlle gedenken, ass fir Frankräich d‘Plaz vun der Erënnerung un de grousse Krich. D‘Graf ass matten am Zentrum vu Paräis ënnert dem „Arc de Triomphe“ ugeluecht ginn. E wichtegen Uert, an hei seng Geschicht…

„Hei läit e franséischen Zaldot, gestuerwe fir seng Heemecht. 1914-1918“. Dës Dalle aus Granit déi dës Inscriptioun dréit, läit ënnert dem napoleonesche Monument op der „Place de l‘Etoile“, um Enn vun der renomméierter Avenue „des Champs-Elysées“. Virun der Dalle brennt d‘Flam vun der Erënnerung, déi all Dag um 18.30 Auer nei entfacht gëtt. D‘Graf ass d‘Symbol fir déi 1,4 Millioune franséisch Combattante, déi während dem grousse Krich gestuerwe sinn.

D‘Gebuert vun engem Symbol

De Gedanken en onbekannten Zaldot ze éieren, dee fir d‘Heemescht gestuerwen ass, hat et schonn 1916 ginn, während zu Verdun d‘Schluecht getoobt huet. Et huet awer bis 1920 gebraucht, bis et zu engem Gesetz komm ass, mat deem den „Arc de Triomphe“ als Gedenkplaz bestëmmt gouf. Aacht Kierper vun net identifizéierte franséischen Zaldoten, déi aus verschiddene Secteure vun der Front kommen, goufen uschléissend an d‘Zitadell vu Verdun iwwerstallt.

Zaldot

Den Zaldot vum 132. Infanteriesregiment, Auguste Thin, hei am Bild mam Krichsminister André Maginot, huet den 10. November 1920 ënnert aacht Särg, dee sechsten auserwielt, fir zu Paräis begruewen ze ginn. © Agence de Presse Meurisse (collection BNF, Paris)

Um 10. November 1920, gëtt den Zaldot Auguste Thin, vum 132. Infanteriesregiment – a Kand vun engem Combattant deen am grousse Krich verstuerwen ass – beoptraagt e rout a wäiss Nelken op de Sarg ze leeën, deen op Paräis gefouert soll ginn. De jonke Mann vun 21 Joer huet eppes méi spéit erzielt, datt hien sech fir de sechste Sarg entscheet hat, andeems hien déi dräi Zuele vu sengem Regiment zesummegerechent huet. Mat groussem Opwand ass de Sarg op Paräis iwwerstallt ginn.

Den 11. November 1920, beim zweeten Anniversaire vum Waffestëllstand, gëtt de Sarg an engem vun de Säll vum „Arc de Triomphe“, dee fir dësen Zweck an eng Läichenhal ëmgebaut gi war, ofgestallt. Do huet den onbekannten Zaldot geleeën, bis hien den 28. Januar 1921 géintiwwer dem Haaptbou vum Monument, direkt géintiwwer de „Champs-Elysées“ begruewe ginn ass.

Eng „éiweg“ Flam

D‘Flam vun der Erënnerung ass eng éischte Kéier, den 11. November 1923, vum André Maginot, Krichsminister vu Frankräich, bei de Kläng vum „Trauermarsch“ vum Chopin, ugemaach ginn. Zanter dësem Dag ass si net méi geläscht ginn.

Elo ass Frankräich net dat eenzegt Land, dat op dës Aart a Weis senge verstuerwe Combattante gedenkt. „D‘Staatsbegriefnes vun engem net identifizéierten Zaldot, gëtt vun allen ale Krichsparteie gefeiert“, schreift d‘Historikerin Annette Becker an der „Enzyklopedie vum grousse Krich“. Si hält fest, datt d‘Anonymat den Heroismus vun alle garantéiert, an jidderengem d‘Trauer zougesteet.

mat AFP

Foto: Schonn den 10. November goufen am Virfeld zum 100. Anniversaire vum Enn vum éischte Weltkrich, um Graf vum onbekannten Zaldot, ënnert dem „Arc de Triomphe“, Blummen a Kränz néiergeluecht. © Ludovic Marin/AFP

Ähnlech Sujeten 1.Weltkrich, Arc de Triomphe, Champs-Elysées, Graf vum onbekannten Zaldot, Paräis
Nächsten Artikel Virrechten Artikel