Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

laughing
Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss
Neiegkeeten

Trumpcare: Vun den eegene Leit ofgeschoss

De republikanesche Projet fir d’Reforme vun der Krankekeess, ass ee

cool
Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!
Neiegkeeten

Nëmmen e Profi packt et, méi wéi 7 Richteger an eisem Verbe-Quiz ze kréien!

Hannert eise Verbe verstoppen sech heiansdo di gréissten Iwwerraschunge vun

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell
Neiegkeeten

Verdriwwen a gejoht erliewe Migranten zu Ouistreham eng nei Hell

Ee Joer nodeems den Dschungel vu Calais „opgerappt“ ginn ass,

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Hollerecher Bierger fuerderen ee Park

Méi Gréngs amplaz Beton fir Büro’en

© moien.lu/MdL

De Blo-Gringen Schäfferot vun der Stad Lëtzebuerg suergt am Ament vir zimlech Opreegung beim Hollerecher Biergersyndikat, deen zwar wuel ëmmer nees zu Gespréicher agelueden gëtt, mee deem wéi et schéngt net wierklech nogelauschtert gëtt.

Esou beispillsweis den 3.Februar wou et eng mëndlech Verhandlung gouf am Bezuch op eng Reklamatioun déi sech op den neien Bebauungsplang berifft. Fir den Syndikat, deen schonns schrëftlech dorops higewisen huet dat et an der Haaptstad méi wéi genuch Aarbechtsplazen gëtt an de Projet „Porte de Hollerich“ schlicht an ergräifend net akzeptabel ass.

Richteg erkannt huet de Syndikat dat ophands vun den aktuellen Zuelen, eis Haaptstad esouvill Aarbechtsplazen konzentréiert wéi eng Stad mat enger hallwer Millioun Awunner. En Duerstellung déi dem Schäfferôt allerdéngs net an de Krôm passt, wat mat engem Aschreiwen vum 7.Mäerz zum Ausdrock bruecht gouf. Dorausser geet ervir dat d’Reklamatioun vum Syndikat net an de Protokoll opgeholl ginn ass.

Giereg wéi all näischt Gutts

Fir d’Vertrieder vun den Hollerecher Bierger bleift et dann och onverständlech wéi sech déi Granden vum Knuedler d’Léisung vun den Verkéiersproblemer virstellen, wann grad an der Afaartschneiss nach zousätzlech Bürosgebaier fir 6.000 Aarbechtsplazen sollen gebaut ginn.

Hei muss dann och erënnert ginn dat de Schäfferot jo wëlles huet de Parkraum ze verknappen fir op dës Manéier den Individualverkéier generell ze reduzéieren. Mat hirem Projet allerdéngs, esou d’Meenung vum Syndikat, erreechen se beschtefalls dat d’Leit d’Sich no enger Parkplaz bis an déi leschte Gaass wäerten ausdehnen. Se begrënnen net ganz onberechtegt domadder dat d’Kapassitéiten vun Bus an Zuch kengesfalls ausgeluecht ass fir d’Mass un Salariéen, besonnesch am Bezuch op d’Frontalieren, an d’Stad ze bréngen, an dës schlicht op den Individualverkéier ugewisen sinn.

D’Géigesäit, a Persoun vun der Buergerméeschtech, allerdéngs gesäit dat allerdéngs ganz anescht. D’Madame Polfer vertrëtt d’Usiicht dat Hollerech ideal Konditioune fir eben esou ee Projet bitt. Den Areal géif sech wonnerbar eegenen fir un den ëffentlechen Transport, besonnesch un den Tram, unzebannen. Zudeem bitt Hollerech d’Méiglechkeet dat gewollten Gläichgewiicht tëscht dem Besoin néi Aarbechtsplazen an der Kreatioun vun neiem Wunnraum ze schafen. Wat d’Buergermeeschtech allerdéngs méi dierft interesséieren sinn d’Stéieren déi d’Stad Lëtzebuerg sech vun den Betriber erhofft déi sech do wäerten nidderloossen.

Alternativen géif et ginn mee…

Fir den Hollerecher Biergersyndikat ass dës Situatioun allerdéngs inakzeptabel, besonnesch wou et och am Sënn vun den Employéen wier dës Aarbechtsplazen direkt un der Grenz, beispillsweis zu Stengefort, unzesidelen. Bon dat wier natierlech ée „manque à gagner“ wëll jo dann d’Taxe commmerciale enger anerer Gemeng géif zugudds kommen, woubäi et d’Stad Lëtzebuerg géif verkéierstechnesch entlaaschten.

Do stellt sech dann natierlech d’Fro vun der Roll déi de grénge Koalitiounspartner vun der Buergermeeschtech spillt. Déi missten sech, den eegene Grondsätz folgend, jo och ganz kloer fir méi Park, an domadder eng besser Liewensqualitéit asetzen. Do wonnert sech de Wieler vläicht mee wann et ëm Geld géet da kënnen och déi Gréng ganz liberal Positioune vertrieden. Bedréckend an dëser Affär och de Fakt dat sech de Mouvement Ecologique ganz bedeckt verhält an zu kenger Stellungnahm bereet ass.

Als leschte Recours, eng „action symbolique“

Nom Manifestatiounspiquet gouf den „Transparent“ un den Drot bei de Beem opgehaangen. © moien.lu/MdL

Zweifelsouni dierf een dervunner ausgoen dat dësen 28.Abrëll den allgemengen Bebauungsplang vun der Blo-Gringer Majoritéit wäert ugeholl ginn. An dowéinst, méi och fir et net beim Geknouters ze loossen, huet de Virstand vum Hollerecher Biergersyndikat mat ee puer Bierger um 19.Abrëll ee symbolesche Piquet virun der oofgespäerter Hollerecher Kierch gehalen. Also vrun engem Gebai dat der Gemeng Stad gehéiert. (wëll se dës Kierch onbedéngt wollten behalen obwuel d’Kierchefabrick se gären kaf hätt)

Vrun der Dier also hunn dës Manifestanten een Duch mat hiren Fuerderungen no engem Park opgehaangen. Ob dësem war de Wonsch ausgedréckt dach ee park op der derzäiteg nach onbenotzten Gréngfläch, zouer welcher och déi Beem gehéieren, déi beim Bau vun der Déifgarage ënnert dem Päerdsmaart um Glacis hu misse weechen an elo mam Projet „Porte de Hollerich“ endgülteg zu Brennholz verschafft wäerte ginn.

Nächsten Artikel

Deng Reaktioun op dësen Artikel?

  • LOL

    0

  • Cool

    0

  • Fail

    2

  • Cry

    1

  • Angry

    0

  • WTF

    0

  • Crazy

    0

  • Love

    0