Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg
International Neiegkeeten

Spuerkeess: Et geschéien nach Zeechen a Wonner, och zu Lëtzebuerg

Déi vun der CGFP sinn, wann et drop ukënnt, scho

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…
International Neiegkeeten

Editorial: Gratis ëffentlechen Transport? Esoubal nach net…

Also wann ee sech esou d‘Zuelen ukuckt, da kéint een

72 Stonnen Zäit, fir sech ze begéinen
International Neiegkeeten

72 Stonnen Zäit, fir sech ze begéinen

Vum 19. bis 21. Mee stoung de Benevolat zu Lëtzebuerg

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft

Offiziell Visite vum russesche Premierminister zu Lëtzebuerg

Bettel/Medvedev: Den Dialog vun der Frëndschaft

Et war den éischte Besuch vun engem russesche Premier zu Lëtzebuerg, an am Virfeld zu dësem, hunn d‘Amerikaner – duerch d‘Wuertmeldung vum US-Ambassadeur zu Lëtzebuerg, Randy Evans – der Lëtzebuerger Regierung eng Rei „Uweisungen“ erdeelt. De Xavier Bettel war onbeandrockt.

Fir gutt Bezéiungen opzebauen, brauch et den Dialog. Am beschten e frëndschaftlechen, deen och eng konstruktiv Kritik dierf enthalen. Dat ass wuel net déi Aart a Weis, wéi et sech déi aktuell US-Regierung virstellt an erwaart, mee et ass de Lëtzebuerger Modell, an zu gudder Lescht déi eenzeg valabel Optioun, wann een esouwuel de Weltfridden, wéi och gesond Handelsbezéiunge sicht.

Natierlech kann een net, wann den Dmitri Medvedev op Lëtzebuerg kënnt, den Ukrain-Konflikt an d‘Annexioun vun der Krim ënnert den Teppech kieren, och déi eklatant Diskriminéierung vun der LGBT-Communautéit a generell Intoleranz géintiwwer ethnesche Minoritéiten, an dann d‘Roll vu Russland am Syrien-Konflikt… U brisante Sujete feelt et net, firwat den Dialog ganz wichteg ass.

Säit 2014 läit also tëscht der EU a Russland dat sougenannten „Hoer an der Zopp“, woubäi et awer Bréissel war, déi duerch eegen Aktiounen an dem Wonsch no exklusiven Handelsbezéiungen, zum Sträit tëscht Kiew a Moskau bäigedroen hunn. Dat war aus geopolitescher Siicht dat däämlechst wat d‘Unioun konnt maachen, a béis Zonge behaapten, dat alles wier vu Washington diktéiert ginn.

Mir deelen eis de selwechte Kontinent

Dofir sollte wéinstens mir et begréissen, datt et haut nach Mënsche mat Wäitbléck a Verstand gëtt. De Xavier Bettel ass bestëmmt net perfekt, mee den Dialog an och d‘Nolauschteren an de Mëttelpunkt vun enger Staatsvisite ze stellen, beweist datt hien sech net dem trumpschen Diktat ënnerwerft. Dat kann een als eng pragmatesch Approche veruerteelen, mee vill Optioune gëtt et net.

Dialog

De Xavier Bettel empfänkt säi russeschen Homolog, Dmitri Medvedev um Findel. © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Ënnert dëse Viraussetzungen ass et méiglech iwwert alles ze schwätzen, och iwwert déi Sujeten, déi net esou „agreabel“ sinn, awer och enger Léisung bedierfen. „De Schutz vun de Mënscherechter ass fir d‘Europäer net verhandelbar, an esou hunn ech mam Premierminister och iwwert de Respekt vun de Minoritéite geschwat“, esou de Xavier Bettel bei der gemeinsamer Pressekonferenz.

Och déi ominéis Affär ronderëm de Sergueï Skripal, d‘Sanktiounen an d‘Gestreits ëm d‘Pipeline „Nord-Stream II“ ware Géigestand vun de Gespréicher. „Dat alles bréngt mat sech, datt eis Relatiounen sech verschlechtert hunn, fir net ze soen, se wieren op Äis geluecht ginn“, gëtt eis de Premierminister ze verstoen. Mee hien ass iwwerzeegt, datt d‘Russe gewëllt sinn matzeschaffen.

Wirtschaftlech Interessen

Dem Xavier Bettel säin Discours ass beim Dmitri Medvedev net op daf Ouere gestouss, woubäi hei och wirtschaftlech Iwwerleeungen eng grouss Roll spillen. Lëtzebuerg ass wirtschaftlech betruecht, ee vun de ganz wichtegen „Investisseuren“, an zu Moskau weess een, datt mir en zouverlässege Partner sinn. Bei esou komplexe geostrategeschen Iwwerleeungen, geet et net ouni Kompromësser.

Dialog

Empfang vum russesche Premierminister Dmitri Medvedev (r) an der Stad. © Charles Caratini/SIP

An déi politesch wei mënschlech Approche vum Premierminister, mat där Verbesserungen enger onméiglecher Léisung virgezu ginn, mécht Dieren op. Esou kann sech och den Dmitri Medvedev duerchaus virstellen, datt Lëtzebuerg als „Mediateur“ kéint iwwerhuelen. De russesche Premier huet dann och Versteesdemech fir d‘Engagement vu Lëtzebuerg géintiwwer der NATO an der EU.

Dat kléngt esou gesi ganz gutt, woubäi een déi „Lëtzebuerger-Dimensioun“ net dierf aus den Ae verléiere. Natierlech ka Lëtzebuerg eng Mediatioun iwwerhuelen, och wann dem Xavier Bettel säi politescht Gewiicht op der internationaler Polit-Bühn, elo net wierklech Richtungsweisend ass. Et miss een et eigentlech just den EU-Kollegen an dem Trump verständlech erklären, mee dat…

Vu „lose-lose“ zu „win-win“ kommen

An de Xavier Bettel, deem kontraproduktiivt Gestreits géint de Stréch geet, stellt fest: „Den Ament si mir alleguerte Perdanten. Et kann am Sträit tëscht der EU a Russland kee Gewënner ginn“. Dofir gëtt et genuch Beispiller, an esou domm Spréch wéi „En apple today keeps Putin away“, brauch kee Mënsch, an d‘Bierger wéi d‘Entreprise vun der europäescher Union am allermannsten.

Dialog

Wat am Detail beim véier Ae-Gespréich beschwat ginn ass, gouf net gesot. Geséchert ass, datt de Xavier Bettel an den Dmitri Medvedev, näischt ausgelooss hunn, an d‘Problemer konstruktiv ugaange sinn. © Jean-Christophe Verhaegen/SIP

Dat gëllt net nëmme fir de Beräich Wirtschaft an Entwécklung. Ouni e geuerdent Verhältnes mat Russland, kann et keng Sécherheetsgarantie fir Europa ginn. Eng wirtschaftlech Zesummenaarbecht awer kann esou Garantie bidden. Dat erkläert och firwat Sanktiounen éischter „Brach“ wéi „Hëllefräich“ sinn. Ganz ofgesinn dovunner, datt den Handel zur Vëlkerverstännegung bäidréit.

Bleift elo ofzewaarde wéi kritesch d‘Entrevue Bettel / Medvedev vu Washington aus betruecht a kommentéiert gëtt. Woubäi de 45. US-President och dann net ka vir Eescht geholl ginn, wann hien dës Staatsvisite begréisst. Hien ass am Géigesaz zum Dmitri Medvedev, net glafwierdeg. Gutt en Hellegeschäin huet de russesche Premier och net, mee zumindest de Virdeel éierlech ze sinn.

Foto: Dialog ass ëmmer besser wéi Gestreits, datt wëssen och de Xavier Bettel (l) an den Dmitri Medvedev. © Charles Caratini/SIP

Ähnlech Sujeten Dialog, Diplomatie, Dmitri Medvedev, Europa, Lëtzebuerg, Russland, Xavier Bettel
Nächsten Artikel Virrechten Artikel