Sichen

Dir kéint och nach folgende gefalen

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu
fibromyalgia dating

E sollt „schwaarz“ a vum Muller sinn: de Pneu

Wann ee sech kann drop eenegen, datt en Auto e

dating sites look up
fibromyalgia dating

Chamberwahlen: den CNFL appelléiert fir e besseren Equiliber

De Lëtzebuerger Nationalrot vun de Fraen (CNFL), hat gläich den

Brasilien: De Marsch vun de Fraen
fibromyalgia dating

Brasilien: De Marsch vun de Fraen

Um Protest fir d‘Fraerechter a géint d‘Bildungspolitik vun der Regierung

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen

Diddeleng PAP-Lidl: Zwee vu véier Beem sollen erhale bleiwen

Laut dem Communiqué vu „Forges du Sud“, dee gëschter erausgaangen ass, soll et beim Mëssel ëm de PAP-Lidl vun Diddeleng (Dossier 17293/60C) wou véier Beem sollten ofgeholzt ginn, elo zum finalen Akt kommen.

De PAP-Lidl, deen sech op de „Koibestrachen“ genannte Standuert bezitt (datt ass direkt nieft dem LNS, de Lëtzebuerger nationale Gesondheetslaboratoire), a wou et ëm de Bau vun engem Gebai mat enger Fläch vun 5.400 M² an engem Parking vir 80 Gefierer, geet, war an der ëffentlecher Gemengerotssëtzung vum 18. September 2015 eestëmmeg ugeholl ginn.

Well den Accès zum Supermarché a senge Geschäfter iwwert d‘Lëtzebuerger-Strooss geet, huet och d‘Stroossebauverwaltung (Ponts & Chaussées) säi Wuert matzeschwätzen. De Bureau deen de Projet geplangt huet, hat an dësem Zesummenhang beim Ëmweltministère eng Demande agereecht, fir d‘Beem, déi dem Projet am Wee stinn, ëmzeleeën. Dat well d‘Beem dem Stroossebauverwaltung gehéieren.

Déi al ginn duerch neier ersat

Dëser Demande huet den zoustännege Ministère am September 2018 entsprach, wat op der Gemeng zu Diddeleng esou net wollt ugeholl ginn. Déi huet am Oktober beim Minister intervenéiert an e Recours agereecht, fir esou wéinstens zwee vun dëse véier Beem virun der Motorsee ze retten. Den Expert dee sech d‘Beem ugekuckt hat, huet bestätegt, datt en Deplacement net wirtschaftlech wier.

Mam Recours ass et dunn awer zu enger Entrevue op der Plaz selwer komm, an ofschléissend konnt vum Ministère bestätegt ginn, datt am Kontext vun dëser Phas vum Chantier, nëmmen zwee Beem fir den Accès zum PAP-Lidl musse wäichen. Dës Operatioun soll haut (26. Februar) géint der Owend duerchgeholl ginn. Wichteg ass et drop hinzeweisen, datt nei Beem muss geplanzt ginn.

Esou ginn – och wann um Enn nëmmen zwee vun de véier Beem „falen“ – um Site vum Lidl, véier Beem mat engem Mindestduerchmiesser vun 32 Zentimeter geplanzt. Wat den ëffentleche Raum betrëfft, esou huet d‘Gemeng bestätegt, datt 12 Beem beim Accès zum PAP, an och nach 30 Beem op de Parking vum Supermarché wäerte geplanzt ginn. Domatter hält sech de Verloscht a Grenzen.

Foto: Lidl fillt sech zu Lëtzebuerg wuel, an baut seng Aktivitéiten aus. Datt et beim Projet vun Diddeleng zu Diskussioune kéint kommen hat een net erwaart. Nei Beem planze fir déi wou dem Projet musse geaffert ginn, wier awer eng Selbstverständlechkeet, heescht et säitens dem Konzern. © Lidl

Ähnlech Sujeten Beem, Diddeleng, Ëmweltministère, PAP-Lidl, Stroosse, Stroossebauverwaltung
Nächsten Artikel Virrechten Artikel